Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krich géint dat Onbekannt

Luxfilmfest

Krich géint dat Onbekannt

D'Trauer vun den Elteren nom Dout vum Jong, d'Onsënnegkeet vum Krich... Den israelesche Realisateur Samuel Maoz behandelt a sengem Drama "Foxtrott" een tragesche Sujet mat engem erstaunleche Räichtum u filmesche Mëttelen. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest. Eng Kritik vum Michel Delage.

auto_stories

3 min

Foxtrot (Foto: DR)

Zaldote vun der israelescher Arméi kommen den Eltere vum Jonathan matdeelen, datt hire Jong am Militärdéngscht "gefall" ass. Eng Noriicht, déi wéi eng Bomm aschléit a se zwéngt, sech Gedanken iwwert hiert eegent Liewen ze maachen.

A sengem Film "Foxtrot" interesséiert sech den israelesche Realisateur Samuel Maoz fir déi ganz Palett un Emotiounen, déi d'Annonce vum Dout vum Kand bei den Elteren ausléist. Deen éischte vun dräi kloer vunenee getrennten Deeler vum Film hëlt sech d'Zäit, fir des Gefiller am Detail z'analyséieren. Gros planen op d'Gesiichter oder Deeler vun de Gesiichter fänken d'Gefillsreegungen an allen Nuancen an. D'Ootmung gëtt tounlech verstäerkt. Déi gro-brong-schwaarz Fuerwtéin ënnersträichen déi bedréckend Atmosphär.

Formelle Räichtum

Dës Atmosphär gëtt dann awer gebrach duerch den zweeten Deel vum Film, deen d'Liewen um Checkpoint beschreift, wou och de Jonathan stationéiert ass. Dës Episod verbënnt eng Hellewull u ganz verschiddene Genren, vu Musical iwwer Komedie bis hin zu Animatioun, déi den tragesche Grondtoun oplackeren - et ass do, wou d'Laachen an d'Tréinen am nooste beienee leien...

Am Deel iwwert den Checkpoint blitt dem Realisateur säi ganze formelle Räichtum op. Eng erstaunlech Leeschtung mat där hien ënner Beweis stellt, wat trotz allem alles aus engem isoléierte Kontrollposten erauszehuelen ass. Besonnesch ervir ze sträiche sinn déi ästhetesch ganz schéin Nuechtzeenen, an deenen d'Däischtert den Ecran dominéiert an déi beliichten Elementer stiliséiert erausstiechen.

"Foxtrott" ass ee politesche Film, deen d'Onsënnegkeet an d'Absurditéit vum Krich - hei den israelesch-palestinensesche Konflikt - denoncéiert. Déi véier Zaldote sëtzen op dësem Checkpoint, matzen am Näischt, am Reen, am Bulli, langweile sech, beschäftegen sech wéi se kënnen, schlofen an engem Container, deen ëmmer méi schif do steet an an deem d'Toiletten eng hygienesch Zoumuddung sinn...

Op d'Fro, géint wien se iwwerhaapt Krich féieren, äntwert ee vun deene Jongen: "Géint dat Onbekannt". Déi arabesch Populatioun, déi d'Kontrolle muss iwwert sech ergoe loossen, gëtt erniddregt: net well d'Zaldoten et wëllen, mee wëll d'Prozedur dat esou virgesäit. Besonnesch tragesch gëtt et dann, wann dës Krichslogik op eemol mat der Léift kollidéiert...

Foxtrot (Foto: DR)

Villschichtegkeet

De Film behandelt d'Komplexitéit vun de Gefiller: wéi se iwwert den Dout vun hirem Jong informéiert gëtt fält d'Mamm schwaach virum enger komplizéierter Zeechnung vun enger carréierter Spiral. D'Erzielstruktur vum Film ass net lineaire, si ass op Zäitspréng opgebaut.

An och soss hänken d'Evenementer aus Géigewaart a Vergaangenheet zesummen: wat de jonken Zaldot matmécht erwächt dem Papp seng Erfarunge beim Militär. D'Kamera, déi vun uewen erof d'Zaldote filmt a sech vun deem Engen zum Anere beweegt: et ass déi selwecht Kamerabeweegung, déi de Papp doheem afänkt, wéi deen doheem opgewullt hin an hir trëppelt; eng Manéier fir ze weisen, wéi déi verschidde Schicksaler matenee verbonne sinn. Et ass wéi beim Foxtrott, dem Danz, bei deem een ëmmer nees op seng Ausgangspositioun zeréckkënnt.

Mat "Foxtrott" ass dem Israeli Samuel Maoz e villschichtege Film gelongen, deen en tragesche Sujet op eng erfrëschend Manéier behandelt. Sécherlech ee vun deene beschte Filmer bei dësem Luxfilmfestival.