Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kräizwee vun engem Trëllert

Serie

Kräizwee vun engem Trëllert

Déi villschichteg franséisch Mini-Serie "L'Agent immobilier'', vum israeleschen Duo Shira Geffen an Etgar Keret, gëtt ënner anerem vun engem iwwerzeegende Mathieu Amalric gedroen. Déi véier Deeler vun dëser schwaarzer Komedie sinn op Arte ze gesinn.

auto_stories

4 min

Mam Numm ''Schlemihl'' gëtt an der jiddescher Traditioun de Pechvull, fir net ze soen den Idiot bezeechent. Esou e Schlemihl ass de Paräisser Immobilien-Agent Olivier Tronion (Mathieu Amalric).

Den Olivier ass en ongefleegten, louchen Typ vun ëm déi 50, deen ëmmer knapp bei Kees ass, senger Fra bei aller Geleeënheet friem geet, vu senger Duechter veruecht gëtt, a vun engem Mësserfolleg zum aneren trëllt. Wärend hie säin onbeschwéierte Papp (Eddy Mitchell) permanent am A muss behalen, stierft och nach seng Mamm.

Eréischt beim Notaire gëtt den Olivier gewuer, datt si him en Appartementshaus hannerlooss huet. Ass dat den onverhoffte finanzielle Seegen? D'Immobilie kéint hie jo verkafen. Dofir misst awer fir d'éischt eng eeler Frëndin vu senger Mamm eraus, déi als eenzege Locataire nach an deem schappegen Appartementshaus lieft ...

Vun autobiographesche Kuerzgeschichten inspiréiert

D'Mini-Serie ''L'Agent immobilier'' ass vun der israelescher Koppel Etgar Keret a Shira Geffen geschriwwen a realiséiert ginn. Déi véier Deeler si fir d'éischt de 7. Mee op Arte gelaf, des weidere si se eng Zäit laang um Site vun Arte ze gesinn.

De Keret ass een an Israel populären an a ville Sproochen iwwersate Schrëftsteller, dee fir säin absurden Humor bekannt ass. D'Realisatrice Shira Geffen hat sech 2007 en Numm gemaach mat ''Les Méduses''. Zu Cannes gouf de Film mat der Caméra d'or, engem Präis fir Nowuesstalenter, ausgezeechent.

Fir déi op véier Deeler konzipéiert Mini-Serie huet d'Koppel sech un autobiographesche Kuerzgeschichte vum Etgar Keret inspiréiert. De Keret a säi jonke Bouf spillen iwwregens an Niewerolle mat (e polneschen Aarbechter, respektiv de Fils vun engem franséisch-israelesche Promoteur).

Schwaarzen Humor

An deenen zwee éischten, vun engem herrleche schwaarzen Humor an och emol fantasteschen Elementer (e Goldfësch, dee schwätzt) gezeechenten Deeler kuckt een dem Olivier Tronion no, wéi deen no an no Affer vun de Fale gëtt, déi hie sech iergendwéi selwer gestallt huet. D'Sympathie hält sech him géigeniwwer a Grenzen.

De Spectateur suivéiert dofir mat enger gewëssener ''Schadenfreude'', wéi den Immobilienagent Trapen erof trëllt, sech uschmiere léisst, vu wëllfrieme Männer der ouni Grond laanscht d'Bake kritt - och alt emol mat engem Goldbarren ... D'Unheefe vun ongléckleche Situatiounen, vun deenen hie bis a seng Dreem era getraff gëtt, mécht de Personnage awer erëm sympathesch.

Wonnerbar Leeschtung vum Mathieu Amalric

De renomméierte franséischen Acteur Mathieu Amalric ass wonnerbar an der Roll vum Trëllert. Schonn eleng als méi kleng gewuessene Mann passt hie physesch zu deem Personnage, dee vum Schicksal an och e bësse wéinst senger eegener Dommheet hin an hier gestouss gëtt. Mat Gluppschae kuckt hie permanent dran, wéi wann en Zuch him grad géif mat vollem Tempo entgéint fueren.

Dem Mathieu Amalric säi schauspillerescht Verméigen entfaalt sech besonnesch och an deenen zwee leschten, méi nodenklechen Deeler vu ''L'Agent immobilier''. Souwuel d'Geschicht wéi och de Personnage kréie méi Déift.

Psychoanalytesche Kräizwee

D'Zäitspréng, déi den Olivier am Appartementshaus duerchlieft, erweise sech als Sprong an eng vun him verdrängte Vergaangenheet. Déi verschidden Niveauen (Realitéit an Dram, Géigewaart a Vergaangenheet, dat Ganzt an där selwechter Appartementskuliss) gi ganz gutt matenee verflecht. D'Accumulatioun vun Onglécker wierken um Enn wéi eng Zort psychoanalytesche Kräizwee, deen de Personnage huet missten duerchgoen, fir zu sech selwer ze fannen.

D'Shira Geffen an den Etgar Keret notzen d'Format vun der Mini-Serie optimal aus, fir eng breet Palett u Stëmmungen, u méi oder manner skurrille Personnagen an och Thematiken ze entwéckelen. Sou gëtt ënner anerem déi tragesch Geschicht vun de Konzentratiounslager verschafft - um Bord an a Kombinatioun mat schwaarzem Humor, also net schwéierfälleg.

D'Serie 'L'Agent immobilier'' kann een nëmme recommandéieren, duerchaus och als laangen, owend-fëllende Film vu bal dräi Stonnen.