Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koppel am Viséier

Netflix

Koppel am Viséier

E romantesche Weekend, dee schif ausgeet: de schweedesche Thriller "Red Dot" spillt am Ufank clever mam Spectateur senge Virurteeler, rëtscht duerno an eng brutal a pervers Duerstellung vu Selbstjustiz.

auto_stories

3 min

Eng jonk Koppel fiert an d'Bierger fir e romantesche Wanter-Weekend. D'Nadja (Nanna Blondell) wëllt dem David (Anastasios Soulis) do matdeelen, datt et schwanger ass. Ënnerwee op enger Tankstell hu si onglécklecherweis de Won vun zwee louchen Typpe geschréipst. Dat wier net weider schlëmm, wann ee sech net méi spéit géif erëm begéinen. Muss dat dann ausgerechent an der fräier Natur sinn, wou d'Koppel geplangt hat, ze campéieren a sech an aller Rou d'Polarliicht unzekucken ?

De schweedesche Thriller ''Red Dot'' vum Alain Darborg setzt eng Koppel an Zeen, déi d'Liewen nach viru sech huet. Hien ass en diploméierten Ingenieur a si hëlt e Medezinstudium an Ugrëff. D'Weiche fir eng kamoud Mëttelklassenexistenz ouni gréisser Obstakele si gestallt. D'Bewältegung vum Alldag an d'Annonce vun enger Gebuert sinn do nach déi gréissten imminent Erausfuerderungen.

Et sief, et géif een de geographeschen Deplacement eraus aus dem beschützende Cocon woen. Déi wëll an onberechenbar Natur, déi nach net vum Massentourismus erschloss a baliséiert ginn ass, kann duerchaus beonrouegen. Mee déi gréisste Gefor, déi geet natierlech ëmmer vum Mënsch aus.

Spill mat Virurteeler

De Film spillt am Ufank clever mat den Erwaardunge vum Spectateur, andeems e seng Virurteeler ausnotzt fir en op déi falsch Pist ze schécken. Wann d'Nadja, eng schwaarz Fra, mat rassisteschen Aussoe konfrontéiert gëtt, dann huet een et hei nëmme mat enger offensichtlecher Form vu Prejugé ze dinn, déi vun aneren oflenkt.

Wa matzen an der Nuecht de Punkt vun engem Laserstral op d'Zelt geriicht gëtt an dann och nach Schëss falen, menge mer ze wëssen, wou mer dru sinn. An awer bleift d'Source schéin am sougenannten hors champs, baussent dem Kader.

Wien ass dat schwaacht Glidd?

Datt de romantesche Weekend géif schlecht ausgoen, wosst ee scho vun Ufank un: déi éischt Biller vum Film huelen d'Katastroph virewech. Entscheedend ass, firwat et esouwäit komm ass.

Déi zwee éischt Drëttel vum Thriller kënnen als eng phantasméiert Transpositioun vun den Alldagsschwieregkeete vun der Koppel gekuckt ginn. An et muss ee soen, datt d'Fra sech vill besser aus der Affär zitt ewéi de Mann, dee vun engem Ongléck an dat anert gestierzt gëtt - esou kritt ee virun Ae gehalen, wien am beschte mat der Belaaschtung vun engem Kand wäert eens ginn.

An ëmmer erëm Selbstjustiz ...

A sengem leschten Drëttel vollzitt ''Red Dot'' dann eng 180 Grad Kéier a mir landen, eng Kéier méi, an enger brutaler a scho bal perverser Duerstellung vu Selbstjustiz.

Genrefilmer, déi sech un de grousse Public adresséieren, sinn dacks e gudden Indicateur fir eis Gesellschaft ze verstoen. Läit et elo un engem fundamentale Mësstrauen an d'Institutiounen, deenen een net méi zoutraut fir Gerechtegkeet ze suergen ? Oder kënnt do eppes zum Ausdrock, wat ee vill méi misst besuergen, nämlech datt perséinlecht Leed weider näischt ewéi e gudde Virwand ass fir kënnen all d'Hemmunge falen ze loossen a senge Folterfantasië fräie Laf ze ginn ?