Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Money Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kommentaren iwwer d'Welt vu gëschter?

Sachbuch

Kommentaren iwwer d'Welt vu gëschter?

De fréieren DP-Politiker Jean Hamilius verëffentlecht ''Au fil des années. Réactions et réflexions (2015-2019)'', eng Sammlung vu politesche Kommentaren, déi hien op sengem Internet-Blog gepost hat.

auto_stories

4 min

Eleng een Drëttel vum haut 93 Joer ale Jean Hamilius sengem Buch setzt sech mam sougenannten Artuso-Rapport auserneen, eng Etüd iwwer déi wéineg glorräich Roll vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun bei der Verfolgung vun de Judden ufanks vum Zweete Weltkrich. Den Auteur geheit der Chamber vir, datt se sech dee Rapport den 9. Juni 2015 eestëmmeg zu eege gemaach huet.

De Virworf un den Historiker Vincent Artuso: deen hätt seng Interpretatiounen a Meenungen als Tatsaache wéilte verkafen. Méi allgemeng stéiert sech de Jean Hamilius um Usproch vun zäitgenësseschen Historiker, d'Geschicht vum Zweete Weltkrich nei ze schreiwen an um ''Mythos'' vun de Lëtzebuerger als Natioun vu Resistenzler ze krazen - dee Mythos wier et, senger Meenung no, souwisou ni ginn.

D'Haaptargument vum Auteur: déi nei Historiker hunn déi Zäit net selwer materlieft a kënne se dowéinst net gutt verstoen, am Géigesaz zu Virgänger wéi de Gilbert Trausch. Oder wéi hie selwer, dee bei der däitscher Invasioun 13 Joer jonk war an déi Zäit ganz anescht an Erënnerung hätt.

De Jean Hamilius leet do schonn eng ganz apaart Opfaassung vu Geschichtsschreiwung un den Dag. Hie schéngt net wëllen ze akzeptéieren, datt all Generatioun d'Geschicht nei schreift, a sief et nëmmen, datt bekannte Fakten nei interpretéiert ginn. D'Iddi aus dem 19. Joerhonnert, datt een d'Geschicht ee fir allemol ka schreiwen, ass scho laang obsolet.

Politesch Debatte Revue passéiere gelooss

Dësen éischten Deel vum Buch ass iwwerdeems zimmlech repetitiv. Well et sech ëm eng Sammlung vu Blogposten handelt, déi ''au jour le jour'' verëffentlecht gi waren, ass dat nu mol net ze verhënneren. De Recueil ''Au fil des années'' léisst déi politesch Debatten a Polemiken aus de fënnef leschte Jore Revue passéieren, mat de Kommentare vum fréiere Landwirtschafts- a Bauteminister ënner dem deemolege Premier Thorn, duerno kuerz nationalen Deputéierten an Europaparlamentarier.

An der Suite vun den islamisteschen Attentater a Frankräich ass de Jean Hamilius fir de Verbuet vun der Burka. De Burkini léisst hien awer duerchgoen, well en d'Gesicht vun de Fraen net verstoppt. Hie seet sech averstanen, fir d'Lëtzebuergescht als Nationalsprooch an d'Verfassung anzeschreiwen. Aner Fuerderunge vu Sproochverteideger, wéi d'Iwwersetzung vun all de Gesetzestexter, hält hie fir net realistesch.

De fréieren DP-Politiker kommentéiert eng Rei Sujeten, vun deenen hie selwer zougëtt, keng Anung ze hunn, wéi zum Beispill d'Educatioun. Gläichzäiteg wonnert hie sech, firwat kee sech fir d'Sachbuch ''Staark Kanner'' interesséiert, dat säi liberale Parteikolleeg Claude Meisch tëschent Dier an Angel geschriwwen huet.

Esou wéi d'Chambre de commerce denkt

De geléierten Ekonomist Hamilius, dee laang fir Fiduciairë geschafft hat an ënner anerem un der Grënnung vum Crédit européen an der Cedel bedeelegt war, beschäftegt sech vill mat der Lëtzebuerger Wirtschafts- a Finanzpolitik. Hie verteidegt an deem Beräich eng konservativ Politik, déi en gros d'Meenung vun der Chambre de commerce erëmspigelt. Sou plädéiert hien ënner anerem fir eng niddreg Staatsschold an eng grondleeënd Reform vum Lëtzebuerger Pensiounssystem a stellt e Wirtschaftswuesstem a Fro, deen op en Zouwuess u Frontalieren an Immigratioun opgebaut ass. Eng ekologesch Politik ass fir hien net mat méi Kafkraaft a Konsum ënner een Hutt ze bréngen.

Datt d'Aarmut zu Lëtzebuerg zouhëlt, wëllt de Jean Hamilius net gleewen. Säi Versuch, fir déi gängeg Berechnunge vun der Aarmutsgrenz ze widderleeën, geet allerdéngs an d'Box: hie verwiesselt ganz einfach Duerchschnëttsakommes a Medianakommes.

D'LuxLeaks-Affär ass dem Jean Hamilius komescherweis kee Kommentar wäert, am Géigesaz zur Revolt vun de Gilets jaunes a Frankräich, deenen hien dat moralescht Recht, fir Gewalt anzesetzen, ofsprécht. Op d'Ursaache vun där Revolt geet hien net weider an, bis op e Katalog vun Argumenter, déi hien aus dem rietsliberale Wochemagasinn Le Point ofschreift. Déi un den Euro gekoppelt Austeritéitspolitik, déi zu engem groussen Deel d'Stagnatioun vun der franséischer Wirtschaft erkläert, gëtt ni a Fro gestallt.

Villes wierkt iwwerholl

Am Virwuert vun ''Au fil des années'' gett de Jean Hamilius zou, datt hie verschidden Artikelen nodréiglech net méi geschriwwen hätt, oder anescht - leider seet hien net, wéi eng. Allgemeng kritt de Lieser net vill Originelles gebueden. Et muss ee sech schonn dofir interesséieren, wat de Jean Hamilius zu deem an deem Sujet ze soen huet.

De Jean Hamilius hat säi Blog 2015 an Ugrëff geholl, nodeems hie seng Erënnerungen ''Luxemburg im Wandel der Zeit'' verëffentlecht hat. Villes am Buch, dat déi Texter enthält, wierkt duerch d'Aktualitéit carrement depasséiert, an et kann ee sech froen, op et no der Corona-Kris net esouguer als en Dokument aus enger scho laang vergaangener Zäit eriwwerkënnt.