Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Emergence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kleeder maache Leit

Kompetitioun

Kleeder maache Leit

Den Deuil, d'Laascht vun der Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: de ganz iwwerzeegende polnesche Film "Corpus Christi" (Boże Ciało) behandelt dës schwiereg Themen op eng originell Aart a Weis.

auto_stories

3 min

Nodeems hien aus enger Jugendanstalt entlooss gouf, versicht den Daniel an der Gesellschaft nees Fouss ze faassen. Säi Wonsch, an de Seminaire ze goe fir Paschtouer ze ginn, kann hie sech, wéinst senger Veruerteelung, net erfëllen. Dofir waart op den Daniel eng Plaz als Léierbouf an enger Seeërei. Am Duerf gëtt de Jong dann duerch Zoufall fir de Paschtouer gehalen, deen den ale Kaploun soll ersetze kommen. Den Daniel léisst sech nëmmen all ze gär op seng nei Roll an ...

Deelweis Verwiesselungskomedie

Opgrond vum Dréibuch kéint ee mengen, de polnesche Regisseur Jan Komasa hätt eng klassesch Verwiesselungskomedie gedréit. Dat trëfft nëmmen deelweis zou, well "Corpus Christi" wäit driwwer erausgeet. Elementer vun der Komedie si wuel am Film dran.

Virun allem ass et den Decalage - fir net ze soen de Clash - tëschent der würdeger, friddlecher Funktioun vum Paschtouer, an der Figur vum jonken, wibbelegen Delinquent, dee seng erëmgewonne Fräiheet mat Alkohol, Drogen a Sex genéisst. Dat Potential fir eng burlesque Komedie gëtt allerdéngs nëmme gesträift. Dem Jan Komasa geet et ëm vill méi déifgrënneg, grondsätzlech Themen, déi hien och mam néidegen Eescht wëllt behandelen.

Een Duerf steet ënner Schock

D'Duerf, an dat de jonken Daniel ukënnt, steet ënner dem Schock vun enger rezenter Tragedie. Sechs Jugendlecher si bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm. An och de Chauffer vum zweete Won, deen d'Awunner fir d'Accident verantwortlech maachen, huet net iwwerlieft. Den Deuil, d'Laascht vun der Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: dat sinn déi schwiereg Sujeten, déi sech duerch de Film zéien. Déi méi witzeg Momenter suergen da periodesch fir Entspanung, an dem Regisseur geléngt hei ee perfekt Gläichgewiicht.

Datt ausgerechent engem jonke Mann, engem fréieren Delinquent d'Roll zoufält, an enger schwiereger Situatioun d'Konflikter an der Duerfgemeinschaft ze befriddegen, gëtt där Aufgab eng zousätzlech Gréisst. Mee trotz sengem Manktem un Erfarung a Wëssen, dat e Paschtouer (eng a Polen immens respektéiert Persoun) muss matbréngen, wiisst den Daniel no an no, a mat quasi reliéisem Äifer, a seng Roll eran. Engersäits weess hie sech duerchzeschloen (an alle Sënner vum Wuert!), och alt emol mat méi onorthodoxe Methoden.

Den Daniel kämpft mat senger eegener Schold

Anerersäits muss hie mat der Schold, déi op sengen eegene Schëllere laascht, eens ginn. D'Entwécklung, déi den Daniel matmécht, d'Ausenanersetzung mat senger eegener Vergaangenheet, am Kontakt mat de Problemer am Duerf, erlaben et him, iwwer sech erauszewuessen a seng Missioun am Duerf unzegoen. Déi schauspilleresch Leeschtung vum jonke Bartosz Bielenia ass hei besonnesch ervirzehiewen: seng intensiv an nuancéiert Duerstellung vun dëser Redemptioun dierft laang am Gediechtnes vun de Spectateuren hänke bleiwen.

"Corpus Christi" ass een aussergewéinleche Film, ee staarkt Wierk, deem déi diffus Luucht a Kombinatioun mat enger Palett u frësche Faarwen een iwwernatierlechen, reliéise Stempel opdréckt. Ouni Zweiwel ee vun den Héichpunkte vun dësem CinEast-Festival!


"Corpus Christi" leeft nach eng Kéier den Dënschdeg, 15. Oktober um 18:30 am Utopia, am Kader vum CinEast-Festival.