Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kinoe ginn erëm de 17. Juni op

Deconfinement

Kinoe ginn erëm de 17. Juni op

Theoretesch hätten d'Kinoen hei am Land schonn dëse Freideg dierfen opgoen. Well se awer nach Zäit brauchen, fir d'Schützmesuren ëmzesetzen, si sech d'Kinosbedreiwer op Mëtt Juni eens ginn.

auto_stories

2 min

D'Kinosbedreiwer Kinepolis, CDAC a Caramba wiere scho frou gewiescht, schonn dëse Weekend kënnen opzemaachen, erkläert de Christophe Eyssartier, Responsabele vum Grupp Kinepolis fir Lëtzebuerg.

"De Secteur hat scho wärend der Zäit vun der Fermeture e Protokoll fir d'Reouverture virbereet. Mir brauchen awer Zäit, fir déi Mesuren ëmzesetzen."

Nieft enger verstäerkter Hygiène hunn d'Kinoen dräi Piliere vu Mesurë festgesat. Virop géif et drëms goen, d'Fluxe vu Spectateure bannen a baussen de Säll ze geréieren. D'Leit sollen incitéiert ginn, fir hir Ticketen am Internet ze kafen, bei der Programmatioun wäerten d'Seancen esou wäit et geet decaléiert ginn. D'Reegele vum Social distancing an d'Gestes barrières mussen natierlech och agehale ginn.

"Wéi vun der Regierung annoncéiert wäerte mer an de Säll eng Distanz vun zwee Meter garantéieren tëschent Cliente respektiv Gruppe vu Clienten, dat heescht Leit aus deem selwechte Stot oder déi ënner engem Daach liewen."

En ofwiesslungsräiche Mix

Fir de Christophe Eyssartier hätt de Confinement wéinst dem Coronavirus sécherlech e finanziellen Impakt. D'Hëllefe vun der Regierung wieren do gutt komm.

Duerch d'Zwangspaus bei der Exploitatioun vun de Filmer stellt sech natierlech d'Fro, wéi eng Wierker vum 17. Juni un am Kino wäerte lafen. Beim Grupp Kinepolis hätt ee weiderhin déi fir de Summer geplangte Blockbusteren "Tenet" vum Christopher Nolan an d'Disney-Produktioun "Mulan" um Programm. Allgemeng setzt ee bei der Programmatioun op e Mix, esou de Responsabele vun der Lëtzebuerger Filial.

Deene Filmer, déi wéinst dem Confinement abrupt hu missten ënnerbrach ginn, wéilt een eng zweet Chance ginn. Eng Rei aner Filmer sinn no hanne verréckelt ginn.

"A mir hunn och eis Clienten op de sozialen Netzwierker gefrot, wéi eng Filmer si um groussen Ecran wëlle gesinn. Wa mer nees opmaachen, wäert eis Programmatioun och deene Wënsch Rechnung droen."