20. Doudesdag Kee konnt den "R" esou rulle wéi de Pir Kremer

Fir Generatioune vu Leit hei zu Lëtzebuerg war et e feste Rendez-vous um Sonndeg Owend, wann et geheescht huet "Um Staminee" vun a mam Pir Kremer, dem Michel, wéi hie sech genannt huet, dem Frënd Meyer, der Tatta Sidonie oder dem Emelie. De Pir Kremer ass e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, an hien huet et wéi kaum en anere fäerdeg bruecht, mat enger satirescher Konnotatioun an engem ganz fäinen an ni blessante Witz, d'Aktualitéit ënner d'Lupp ze huelen.

Jean-Claude Majerus / cz

cms[3].jpg

Fir Generatioune vu Leit hei zu Lëtzebuerg war et e feste Rendez-vous um Sonndeg Owend, wann et geheescht huet "Um Staminee" vun a mam Pir Kremer, dem Michel, wéi hie sech genannt huet, dem Frënd Meyer der Tata Sidonie oder dem Emelie. De Pir Kremer ass e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, an hien huet wéi kaum en anere fäerdeg bruecht, mat enger satirescher Konnotatioun an engem ganz fäinen an ni blessante Witz d'Aktualitéit ënner d'Lupp ze huelen.

De Kréimesch Pir war e joviale Mënsch, mee virun allem awer e Satiriker an Humorist mat Häerz a Witz. Hie war ni béis an huet net beleidegt, wuel gepickt, an dohier och säi Kierzel, de PIK, mat deem hien och jorelaang fir d'Lëtzebuerger Revue geschriwwen huet.

De Pir Kremer huet mat senger markanter Stëmm Lëtzebuerger Radio- a Kulturgeschicht geschriwwen. Wann een de Pir Kremer an engem Spréchelche géif beschreiwen, da wär et deen: "Et kann een och eppes laachendes Monds soen, an dann ass et och gesot."

De Pir Kremer huet d'Fangeren an d'Wonn geluecht, awer ni ënner der Ceinture. Säin Auteurskolleeg Pol Pütz huet de Pir Kremer an engem Gedicht esou beschriwwen:

'T gët keen, dee Kréimesch Pir nët kennt.

Hien as e liewegt Monument.

Hien huet gepikt a repikéiert,

De Geck gemach, mee ni blesséiert.

Virun allem huet de Pir geschriwwen

Hien as dobei bescheide bliwwen.

Hien as nach haut dee Käercher Jong

Mam steiwe Buedem un de Schong

Den 28. Mäerz 2020 ass et op den Dag 20 Joer hier, datt de Pir Kremer am Alter vu 80 Joer gestuerwen ass.

De Jean Claude Majerus denkt mat engem Touncollage un de Pir Kremer zeréck.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Costa-Gavras.JPG
Film

Hie sollt op Lëtzebuerg kommen am Kader vum LuxFilmFest, de Coronavirus huet anescht entscheet. Mir maachen e Réckbléck op d'Karriär vum grousse franséisch-griichesche Cineast Costa-Gavras.

De Jean-Marie Biwer ugangs Mäerz 2020 am Mudam
Ausstellung

Ee Joer laang huet de Moler Jean-Marie Biwer seng Expo am Mudam preparéiert. Gutt eng Woch nom Vernissage huet de Musée missen zoumaachen. D'Kerstin Thalau huet mat him geschwat.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen