Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Food For Your Senses Festival 2018

Musek a Konscht

Kee Food For Your Senses Festival 2018

D'Organisateuren hunn nees Problemer mam Terrain. Obwuel mam Fonds Kirchberg eng Konventioun bis 2020 ënnerschriwwe gouf. D'Baueren, déi dës Terraine kultivéieren, wëllen dëst Joer keng Wiss uplanzen.

auto_stories

2 min

D'Organisatioun vun engem Festival brauch vill Zäit. Soulaang wéi net kloer wier, ob een den Terrain um Kierchbierg kéint benotzen, kéint een zum Beispill keng Gruppe buchen, seet de Luka Heindrichs vum Food For Your Senses. Dofir géif een d'Editioun 2018 elo annuléieren a sech op déi vun 2019 konzentréieren.

U sech huet d'Food For Your Senses asbl eng Konventioun iwwer fënnef Joer mam Fonds Kirchberg. Dës gesäit fir, datt d'asbl de Festival um Site niewent de CLT-Gebaier kann organiséieren, an d'Joer iwwer mat Aktivitéiten de Quartier soll beliewen. "Allerdéngs si mir net déi eenzeg, déi op deem Terrain en Accord mam Fong hunn", seet de Luka Heindrichs. D'Felder ginn och vu Bauere genotzt. 2017 wier ee mat de Bauere gutt laanschtenee komm. Fir 2018 hätt ee keen Accord fonnt. Fir e Festival bräicht ee Wiss, an d'Bauere géifen dëst Joer Kären uplanzen.

D'Baueren hätten och net en Deel vum Terrain wéilte brooch leie loossen. Vun deenen am ganze 25 Hektar géif een der just fënnef brauchen.

Hoffnung op 2019

"An der Konventioun ass virgesinn, datt mir 18 Méint am Viraus den Datum blockéieren", seet de Luka Heindirchs. Dat wier fir d'Editioun 2018 net méiglech gewiescht. Et hätt ee wéilten ofwaarden, wéi de Festival iwwerhaapt ukënnt. Dat hätt d'asbl och allen Acteure matgedeelt, trotzdem géif ee sech elo "do dru stoussen". Fir 2019 hätt een elo schonn en Datum ugefrot. Op deem Punkt wier een also en règle. Et géif een hoffen, datt ee fir 2019 en Accord mat de Bauere géif fannen.

De Festival huet sech 2017 als wichtegt Element fir d'Kulturzeen confirméiert, seet de Luka Heindrichs. A mat iwwer 6.000 verkaaften Ticketen wier kloer ginn, datt e Public fir dës Zort vu Manifestatioun do wier. De Food For Your Senses gëtt vun enger Equipe vu Benevollen organiséiert.


Dat ganzt Gespréich mam Luka Heindrichsplay_arrow