Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Katchëssem vum gudden Eko-Aktivist

Nei am Kino

Katchëssem vum gudden Eko-Aktivist

De Lëtzebuerger Documentaire "Eng Äerd", eng Optragsaarbecht vum Tom Alesch, proposéiert alternativ Produktiouns- a Liewensweisen. Wéineg originell, monoton, onkritesch.

auto_stories

3 min

Datt eise Wirtschaftssystem - déi kapitalistesch Maartwirtschaft - net nohalteg ass an op Dauer seng eege Grondlag op der Äerd zerstéiert, gëtt vun deenen allermeeschte Leit akzeptéiert, an Tëschenzäit och vu Konzerner, déi wëssen, wou hiren Interêt läit. Nohaltegkeet gehéiert zu de grousse "lieux communs" vun eiser Zäit. Et ass de Sujet vum Lëtzebuerger Documentaire "Eng Äerd".

De Realisateur Tom Alesch beschäftegt sech net mam däischtere Constat vun der Zerstéierung vun eisem Ekosystem - dee gëtt virausgesat. Vill méi konzentréiert sech de Film op alternativ Produktiouns- a Liewensweisen, déi d'Äerd net géife belaaschten a gläichzäiteg sozial ze verdroe wieren: erneierbar Energien, Uebst- a Geméisskooperativen, Wunnkooperativen, Weiderverwäertung vu Kleeder am Sënn vun enger Opwäertung (Upcycling), Tauschhandel, Konsum ouni Verpakung, asw.

Repetitive Montage

Déi eenzel Volete ginn noenee behandelt a kuerze Sequenze vun ëm déi fënnef Minutten, déi all nom selwechte Schema opgebaut sinn. Pro Deelberäich kënnt en Expert ze Wuert, deen am Kader vu sengem Spezialgebitt gewise gëtt: den Energiespezialist um Bierg bei enger Wandmillen, den Hobbybauer a sengem Gemeinschaftsgaart, den Ingenieur a senger Fabréck vun nohaltege Fënsteren, den Hobby-Bauaarbechter beim Opstapele vu Pneuen als Isolatiounsmaterial fir eng alternativ Wunneng, asw.

No enger Zäit wierkt dee Montage awer zimmlech monoton, ëmsou méi dat Ganzt an engem reng illustrative Stil gefilmt ass: propper a schéin, sou datt een och Loscht kritt, an de Bioapel ze bäissen! Datt déi Ästheetik staark u Publireportagen erënnert, ass keen Zoufall: den Tom Alesch huet jorelaang Kommunikatiounsmaterial fir den Educatiounsministère realiséiert.

Eenzege méi kreative Liichtbléck am Documentaire "Eng Äerd" sinn déi Handvoll Animatiounssequenzen, déi an engem einfache mee effikasse Strichmännerchersstil gehale sinn an déi vun Zäit zu Zäit d'Monotonie vum Rescht briechen. Zeechentrick-Sequenze gemëscht mat originellen Duerstellungs-Trouvaillë fënnt een eréischt am leschten Themeblock, deem iwwert déi alternativ Wärung Beki. Et sinn déi visuell interessantst fënnef Minutte vum Film, vun am ganze 85.

Militante Film ouni Distanz

"Eng Äerd" ass e gutt Beispill vu militantem am Géigesaz zu engagéiertem Kino. Hei kritt een en Iddie-Katalog vun enger Beweegung presentéiert, ouni datt déi Iddie verdéift, a Fro gestallt oder wéinstens problematiséiert géife ginn. Schonn eleng d'Behaaptung, datt ee mat Wand- a Solarenergie de ganze Besoin kéint ofdecken ouni datt dat vill méi géif kaschten ewéi mam aktuellen Energiemix, ass méi ewéi diskutabel.

"Eng Äerd'' ass kee perséinlecht Wierk vum Tom Alesch, mee eng Optragsaarbecht. D'Iddi kënnt vun den Ëmweltaktiviste vum Centre for ecological learning Luxembourg (CELL), déi sech fir d'Produktioun un de CNA a fir de Finanzement ënnert anerem un den Nohaltegkeetsministère an d'Oeuvre adresséiert haten. D'Première vum Film um Méindeg den 28. September um Kierchbierg huet deemno och mat 40 Minutte Verspéidung ugefaangen, well aacht (8!) Riedner, dorënner zwou (gréng) Ministerinnen, fir d'éischt hu missten optrieden. Ze gesi krut een dann e Film fir agefleeschte Militanten, Fridays for Future-Demonstranten a Leit, déi d'Thema Nohaltegkeet bis elo komplett verschlof haten.