De Kappkino: "Eng Geschicht ouni Baart" feiert op Nationalfeierdag Première um radio 100,7. Et ass eng Co-Produktioun vum CNA, dem radio 100,7 an der Kulturfabrik. D'Stéck ass geschriwwe vun der Claudine Muno an inspiréiert sech um H.C. Andersen sengem "The Shadow".
D'Claudine Muno, eng erfollegräich Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Musekerinnen, huet nom Text fir déi éischt Produktioun "Wou ginn d'Elteren nuets hin?", op en Neits d'Vertraue vun der ASBL Openscreen kritt. Si huet fir dëse Kappkino eng eege Versioun vum H.C. Andersen sengem "The Shadow" geschriwwen.
Erzielt gëtt d'Geschicht vun der Betsy Dentzer, déi mat hirer Stëmm an hirem Spill d'Fantasie vun all Nolauschterer a Gang setze kann. D'Betsy Dentzer schafft op grousse Bünen, wéi z. B. der Philharmonie, de Rotonden oder dem Wiener Konzerthaus, haaptsächlech an Theaterstécker, déi Musek an Narrativ matenee verbannen. Si huet Theaterpedagogik op der Universitéit zu Berlin studéiert.
D'Musek, an doriwwer eraus déi ganz Klangkuliss fir de Kappkino "Eng Geschicht ouni Baart" ass vum Misch Feinen. De Misch Feinen ass e richteg multitalentéierten Artist, deen am richtege Sënn vum Wuert, am Klang an am Konkrete schafft. Hien ass e vollkommene Museker, dee sech am experimentelle Jazz doheem spiert an der Betsy hir captivant Stëmm perfekt completéiert.
Ofgemëscht gouf d'Stéck vum Ken Nnganyadi. De Ken ass responsabel fir dee brillante Klang, opgeholl a gemastered am Philophon Studio. Mat Philophon war dat richtegt Haus, mat engem déiwe Verständnis vum Format, un der Realisatioun vun dësem aussergewéinleche Radiosmoment bedeelegt.
Loosst Iech de Kappkino "Eng Geschicht ouni Baart" net entgoen. D'Première ass op Nationalfeierdag, 23. Juni, moies um 8:05 exklusiv um radio 100,7.