Radioen

On air

Notturno  |  Laraaji - I Can Only Bliss Out (F'Days)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kann déi blond Bimbo hir Séil retten?

Luxfilmfest

Kann déi blond Bimbo hir Séil retten?

Kënnt een aus enger iwwerflächlecher Luxuswelt an och der Dominatioun vun de Männer, an där ee gefaangen ass, nees eraus? Dorëms geet et am dänesche Film "Holiday" vun der Isabella Eklöf. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

auto_stories

3 min

Holiday

Ee Grupp vu räichen, vulgären an iergendwéi kriminellen Däne verbréngt d'Summervakanz mat de Kanner an enger Villa op der tierkescher Côte. Ënnert hinnen d'Sascha, eng jonk, blond Fra, eng Zort Callgirl, dat fir de Michael, de Chef vun der Band do ass. Déi gutt Ambiance fänkt un ze kippen, wéi d'Sascha ee flotten Hollänner kenneléiert.

Déi dänesch Realisatrice Isabella Eklöf stellt an hirem Film "Holiday" de Liewensstil vu Parvenuen duer, eng Mëschung aus Luxus a bëlleger Massekultur. Eng Fra huet ee gudde Goût, wa si sech beim Bijoutier fir dat deierst Schmockstéck entscheet, mengt jiddefalls de Geschäftsmann/Bandechef Michael. Engersäits wunnen déi räich Dänen an enger deierer Villa mat der spektakulärer Vue op d'Mier, anerersäits verbréngen si dann d'Vakanz beim Swimmingpool oder virum flaache Bildschierm, op deem bëlleg Programmer flimmeren.

Anti-Commune

D'Mediokritéit vun dëse Leit mécht sech och an hirer Sexualitéit, hire sexuelle Phantasme bemierkbar (en Owend am Strip-tease-Club, séiere kompulsive Geschlechtsverkéier). Eng Sexualitéit, déi op der Dominanz vun de Männer op d'Frae baséiert. D'Fra huet zur Verfügung ze stoen. Wa si net mat Gewalt geholl gëtt (de Michael, deen d'Sascha vergewaltegt) gëtt si droguéiert, fir hire Kierper je no Fantasie kënnen ze manipuléieren.

De Grupp vun Däne forméiert eng Zort antik Famill, mat un der Spëtzt engem Pater familias, dee fir jidderee finanziell suergt, mä dofir och iwwert déi eenzel Memberen däerf verfügen, fir seng sexuell Befriddegung, oder och fir si unzestellen, kromm Geschäfter ze dréinen. Schlecht Aarbecht gëtt physesch bestrooft, dee Bestroofte muss sech zeréckkafen a seng Ënnerwürfegkeet ënnert Beweis stellen. Et ass wéi eng Anti-Commune, eng negativ Weiderentwécklung vun den utopeschen an anti-autoritäre Wunncommunautéiten aus de 70er Joren hin zu enger streng hierarchescher an op purem Materialismus reduzéiert Gemeinschaft.

Kann d'Sascha seng Séil retten?

D'Personnagen an "Holiday" zeechne sech allgemeng duerch Iwwerflächlechkeet an Narzissmus aus: de Bandechef kuckt während dem Sex selbstverléift säi Reflet an der Fënster, d'Sascha danzt an der Disko lasziv virun engem Spigel oder bewonnert sech an der Kabinn vum Kleederbuttek mam neie Bikini a Sonnebrëll. Et si spirituell eidel Mënschen, wat am Film duerch eng geleckte Bild-Ästhetik an op dat einfachst reduzéiert pastell Dekoren (wéi an der Villa oder um Fluchhafen) ëmgesat gëtt.

D'Sascha entsprécht dem Cliché vun der - falscher - blonder a schlanker Bimbo mat laange Been, net dat Allerschéinst an och net dat Allergescheitst: obwuel Stroossenaarbechter d'Meedche gewarnt haten, datt de laange Schal sech kéint an de Rieder vun der Vespa verfänken, läit et an der nächster Zeen um Buedem.

An awer schéngt fir d'Sascha net alles verluer ze sinn. Hatt léiert een Hollänner kennen, dee seng Carrière am Marketing opginn huet, fir op de Mierer ze seegelen an esou seng "Séil ze retten". Ee Mann, mat deem et iwwerhaapt emol kann ee richtegt Gespréich féieren. De komplette Géigendeel also vum Grupp vun Dänen, déi sech just fir d'Befriddegung vun hire materielle Besoinen interesséieren.

Dëse fundamentale Géigesaz kënnt an engem Dialog tëschent dem Michael an dem Hollänner zum Ausdrock. D'Sascha sëtzt dobäi a lauschtert no. Fir wien wäert d'Meedche sech entscheeden? Bleift et am Michael senger eideler Luxuswelt gefaangen an hëlt d'Gewalt a Kaf, där et do ausgesat ass? Oder wëllt och hatt seng Séil retten? Dat ass den Enjeu vun "Holiday".