Radioen

On air

Espresso Beats  |  Black Pumas - Gemini Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kampf ëm Kuba zu Miami

Netflix

Kampf ëm Kuba zu Miami

Den Olivier Assayas huet mat ''Wasp Network'' déi reell Geschicht vu kubaneschen Agente verfilmt, déi wärend den 1990er Joren a Florida antikommunistesch Exil-Kubaner ausspionéiert haten.

auto_stories

4 min

Wie spionéiert wien hei aus? Zeen aus ''Wasp Network''

De René González ass ee vu fënnef Kubaner, déi ufanks den 1990er Joren noeneen dem kommunistesche Regimm vu La Havana de Réck dréie fir an d'USA ze flüchten. Eng Rei Jore méi spéit, 1998 fir prezis ze sinn, ginn dës Dissidenten da vun den amerikaneschen Autoritéite festgeholl: a Wierklechkeet ware si Geheimagenten, déi a Florida militant Organisatioune vun Exil-Kubaner ausspionéiert haten.

Den Olivier Assayas verfilmt déi reell Geschicht vun de sougenannte ''Cuban Five'', wéi si deemools an der amerikanescher Press genannt gi waren. De franséische Realisateur huet sech dofir op ee Buch vum brasilianesche Journalist Fernando Morais gestäipt: ''Ultimos soldados de guerra fria'', also déi lescht Zaldote vum Kale Krich.

De Milieu vun den Exil-Kubaner

''Wasp Network'' ass en Agentefilm, bei deem ee vun Ufank u spiert, datt déi sëlleg Personnagen net onbedéngt déi Roll spillen, déi hinnen ufanks zougeschriwwe gëtt. Dat passt dann och bei d'Motiv vun der Zweedeitegkeet, déi dëse Filmgenre gewéinlech charakteriséiert. Mam Wëssen, respektiv Onwësse vum Spectateur ze spille suergt natierlech um reng dramaturgesche Plang fir Spannung.

An engems erlaabt d'Perspektiv vun den Agenten et, sech e Bild ze maachen iwwer d'Aktivitéite vun den Exil-Kubaner am Florida vun den 1990er Joren. Et ass eng Grozon, an där sech humanitär Ziler mat politeschem Militantismus, Drogenhandel an Terrorismus vermëschen.

An och d'Roll vun amerikaneschen Déngschter wéi FBI oder CIA ass net ëmmer däitlech. Hei pendelt een tëschent enger evidenter ideologescher Sympathie fir anti-castristesch Kreesser, mat deelweis enger aktiver Bedeelegung. An dann awer och dem Wëllen, fir dës Organisatiounen ënner Kontroll ze hale fir ze verhënneren, datt déi schonn esou ugespaante Bezéiunge mat der kubanescher Regierung onnëtz belaascht ginn.

De mënschlechen Impakt vum Agenteliewen

Spektakulär Action-Zeene brauch een am Film keng ze sichen, et gëtt där keng. ''Wasp Network'' beméit sech virun allem ëm eng realistesch Duerstellung vu Spionage-Aktivitéiten, an dat geet och duer fir den Interessi Oprecht ze erhalen. Den Haaptfokus vum Film läit souwisou anzwousch anescht.

Den Assayas geet op déi eenzel Personnagen an, suivéiert méi genee de Parcours vun zwee vun dëse kubanesche Spiounen. Den Angola-Veteran René wierkt méi zeréckhalend. Hie schéngt méi vun Idealismus ugedriwwen ze si wéi de Juan, deen den Androck vermëttelt, d'Liewen zu Miami wärend der Zäit vu senger Missioun genéissen ze wëllen, wäit ewech vum materielle Verzicht, deen d'Lous vum Gros vun der kubanescher Populatioun ass.

De Film ënnersicht virun allem och den Impakt, deen d'Aktivitéite vun dëse Spiounen op hir perséinlech Relatiounen huet. Esou huet de René mussen eng Fra an eng jonk Duechter iwwer seng Missioun am Däischtere loossen, zum Präis, datt alle béid op Kuba de Stigma vum Verréider hu misste mat erdroen. Hirersäits huet dem Juan seng nei jonk Fra ënner deem senger Kalbliddegkeet ze leiden.

Internationale Casting

Den Olivier Assayas huet fir säin haaptsächlech op spuenesch interpretéierte Film op ee méi wéi valabelen internationale Casting konnten zeréckgräifen, virop d'Penélope Cruz, mee dann och de Gael García Bernal, de Wagner Moura (Narcos, Sergio), d'Ana de Armas an dann den Édgar Ramírez, dee schonn 2010 d'Haaptroll am Assayas sengem ''Carlos'' gespillt hat, an deen a ''Wasp Network'' jiddefalls méi iwwerzeegend eriwwer kënnt wéi viru Kuerzem am onsäglechen ''The Last Days of American Crime''.

''Wasp Network'' ass gréisstendeels op Kuba gedréit ginn an dat mat groussen organisatoresche Schwieregkeeten, wann ee sengem Realisateur gleewen däerf. Fir de Planning kënne plus ou moins anzehalen, hätten, dem Assayas no, missten Zeenen de leschte Moment ëmgeschriwwe ginn. Dat mierkt een, wann op eemol verschidde Personnagen net méi weider virkommen. Mee dat hënnert een net drun, zwou Stonne laang Gefalen un engem Agentethriller ze fannen, dee virun allem dat Mënschlecht an de Virdergrond setzt.