Radioen

On air

Kultur um 5  |  Pilot-Projet "Perspectives" am Stater Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Jonker aus mengem Quartier waren a Syrien gaangen"

Film

"Jonker aus mengem Quartier waren a Syrien gaangen"

Hire Blockbuster "Batgirl" wäert ee wuel net gesinn. Den ergräifenden Drama "Rebel" leeft dogéint am Kino. De belschen Duo Adil & Bilall weist, wéi jonk europäesch Muslimen an den Djihad gelackelt goufen. Interview mat zwee Cineasten, déi Filmgeschicht wëlle schreiwen.

auto_stories

2 min

Den Interview lauschterenplay_arrow


Manner wéi sechs Joer no hirem Debutfilm "Image" (2014) hunn déi zwee flamännesch Cineasten Adil El Arbi (34 Joer) a Bilall Fallah (36) et op Hollywood gepackt. Mat zwee weidere belsche Filmer ("Black" a "Patser") gouf den amerikanesche Produzent Jerry Bruckheimer op déi zwee opmierksam.

Aus dem Projet vu "Beverly Hills Cop 4", deen den Duo Adil & Bilall uvertraut krut, gouf zwar näischt. Mee dunn hunn déi zwee de Buddy Movie "Bad Boys for life" mam Will Smith a Martin Lawrence konnten dréinen.

Den nächste logesche Schrëtt war e Superheldinne-Film, mat deem déi belsch Realisateure sollte fir Schlagzeile suergen. Fir 90 Milliounen Dollar hunn den Adil & Bilall "Batgirl" gedréint, deen... viraussiichtlech ni wäert gewise ginn ! De Film wier bei engem Testpublikum net gutt ukomm, sou Warner Brothers. De Studio huet fonnt, datt et finanziell méi rentabel wier, op eng Distributioun ze verzichten...

Tëschent Hollywood an Europa

Mat der franséisch-belsch-lëtzebuergescher Co-Produktioun "Rebel" versichen déi zwee Kolleegen nees op hire Féiss ze landen. De Film erzielt, wéi jonk europäesch Mosleme vun Islamiste manipuléiert ginn, fir sech a Syrien um Djihad ze bedeelegen. A wéi d'Mamm vun zwee Bridder versicht, hir Bouwen ze retten.

Wéi kënnt een no puerer Hollywood-Ënnerhalung zu engem eeschten, politesch kriddelege Film wéi "Rebel" ? Wéi passe Musical-Zeenen an e Krichsdrama ? Gesäit den Duo Adil & Bilall sech als Géigepart zu de Bridder Dardenne ? A wéi erhëlt ee sech vum Batgirl-Fiasko ?

Dat huet de Michel Delage béid Realisateure gefrot, déi Enn September hei am Land ware fir d'Première vu "Rebel".