Filmkritik Il traditore

Honnerte vu Mafia-Membere goufe verurteelt wärend de Maxi-Prozesser an Italien. Den Tommaso Buscetta war ee vun de wichtegste Krounzeien, deen ausgepaakt huet. D'Valerija Berdi huet "Il traditore" gesinn, e Film iwwer d'Liewe vum Tommaso Buscetta.

Valerija Berdi / cbi

Il Traditore
Foto: IMDb

Ufank den 1980er Joren. Op Sizilien ass de Krich tëschent de verschiddenen Mafia-Banden ausgebrach. Den Tommaso Buscetta, deen duerch den Heroin-Handel zwar net an der Hierarchie vun der Mafia-Famill vu Porta Nuova héich geklommen ass, ass awer e räiche Mann ginn.

Éier et zu dramateschen Ausenanersetzungen tëschent de Clane kënnt, léisst de Buscetta sech mat senger drëtter Fra a senge jéngste Kanner a Brasilien nidder. Hie gëtt do festgeholl an un Italien ausgeliwwert. Hei begéint hien dem renomméierte Mafia-Jeeër, dem Riichter Giovanni Falcone an de Buscetta decidéiert géint d'Mafia auszepaken.

Foto: IMDb

An 135 Minutten gëtt dem Tommaso Buscetta säi Liewen vun 1980 bis zu sengem Doud ganz minutiéis gewisen. An der Roll vum "traditore", also de Verréider, iwwerzeegt den italienesche Schauspiller Pierfrancesco Favino absolut.

Mat 18 Joer ass de Buscetta der Mafia bäigetrueden, als iwwer 50järegen decidéiert hien dësem Liewen de Réck ze kéieren. Am immens atmosphäresche Film ass seng Entwécklung eng reegelrecht Metamorphos am duebele Sënn.

Een Dram als Schlësselmoment

Obwuel hie sech no der éischter Renconter mam Falcone geschwuer huet, keen an näischt ze verroden, ass et en Dram, deen hien zum ëmdenke beweegt. Am Dram erschéngt him seng Mamm, déi kräischt. Hie gesäit seng Fra, déi him seet, datt si an d'Kanner hie brauche, an datt hie si net verloossen dierf.

Ee Schlësselmoment, wou aus dem rauen Fraenheld, Mäerder an Drogenhändler en Zweiwler gëtt, deen säi ganzt Liewen a Fro stellt, e couragéierte Mënsch, deen alles opgëtt, fir seng richteg Famill ze retten, deen agesäit, datt déi ganz kriminell Organisatioun keng Skrupele méi huet, datt och do eng Deontologie existéiert huet, déi kee méi interesséiert. Et gi Leit ëmbruecht, déi absolut näischt mat der Mafia ze dinn hunn, just fir den eenzele Memberen wéizedoen.

En iwwerzeegende Film

Dem Regisseur Marco Bellocchi geléngt hei déi komplex Geschicht vum Mammutprozess dem grousse Publik nozebréngen, ouni an de Kitsch ze falen. D'Mutatioun vum Mafioso, deen d'Omerta gebrach huet, ass iwwerzeegend duergestallt, an och wa mol ganz kuerz eng romantesch Vue op déi al Mafia ugesat gëtt, gëtt een direkt an d'Realitéit verfracht.

D'Biller sinn immens plastesch, No-Opnamen vu Gesiichter, waarm, barock Zeene vu Fester zu Palermo, gro Téin am brasilianeschen Exil, den Zirkus, deen d'Verbriecher wärend dem Prozess opgeféiert hunn, weist den Impakt an Zesummenhalt vun der Mafia.

En immens informative Film, eng absolut gelongen Ëmsetzung, iwwerzeegend Schauspiller. "Il traditore" - E Film, deen een net verpasse soll.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Lara-von-Jan-Ole-Gerster DAM Filmkritik
Kultur

"Lara" liwwert keng séier an einfach Äntwerten, an de Jan-Ole Gerster liwwert mat a mat der "Lara" e Film of, dee beweist, datt den däitsche Kino alles anescht wéi dout ass.

Motherless Brooklyn.jpg Filmkritik
NEI AM KINO

"Motherless Brooklyn" vum a mam Edward Norton benotzt de Film noir-Genre, fir Rassismus, Mëssbrauch géint Fraen an Autoritarismus ze thematiséieren.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen