Radioen

On air

De Moien  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Idealiséiert Liewensgefill ausernee geholl

Theater

Idealiséiert Liewensgefill ausernee geholl

Am Beetebuerger Schlass war e Mëttwoch d'Première vun der schonn drëtter Inzenéierung vum Olivier Garofalo sengem Stéck "Warte nicht auf den Marlboro-Mann". Mam Jean-Paul Maes an der Nadine Stöneberg.

auto_stories

4 min

Net méi ganz jonk Leit dierften en nach an Erënnerung hunn, de Cowboy aus der Marlboro-Reklamm, deen e positiven Zesummenhang tëschent Fëmmen a Fräiheet sollt suggeréieren. Spéitstens zënter de gudde Mann u Longekriibs gestuerwen ass, weess een, datt Zigarette keng Grondlag fir eng gutt Gesondheet kënne sinn.

Ass dat awer elo eng Ursaach, fir net méi ze fëmmen, respektiv fir all Form vu Risikoverhalen aus dem Wee ze goen an esou eventuell op Saachen ze verzichten, déi d'Existenz liewenswäert maachen?

Am Theaterstéck ''Warte nicht auf den Marlboro-Mann'' gëtt dee fundamentale Konflikt tëschent zwee Personnagen ausgedroen, eng Fra an e Mann, déi sech an der Salle d'attente vun engem Spidol begéinen. Der Sarah hire Liewenspartner, deen och dem Pedro säi Kolleeg ass, hat e Motosaccident a schwieft tëschent Liewen an Doud.

Nadine Stöneberg (Foto: Roland Jakobi)

Karriär/Koppel vs Liewensgenoss

Fir d'Sarah (Nadine Stöneberg) ass et eng Stress-Situatioun, déi duerch dat permanent Rabbele vum Aarbechts-Handy zousätzlech verstäerkt gëtt. Hir professionell Karriär ass der jonker Fra ebe grad esou wichteg ewéi hir Koppel. Déi zwou Saache gehéieren an hiren Aen einfach zu engem gereegelte Liewen, bidden hir Sécherheet. Dat geféierlecht Motofuere passt dogéint net an de Kader. A genee dat geheit si dem Pedro, deen d'Accident vu senger Maschinn aus materlieft huet, och vir.

De méi erfuerene Pedro (Jean-Paul Maes) gesäit dat alles aus enger méi philosophescher Distanz. Hie lieft an den Dag eran, fiert ebe gäre Moto, léisst sech goen. Mat der Aldi-Gefréiertut voller Séissegkeeten, déi hien op der Bün schleeft, gëtt den décke Bauch gefleegt - en opfällege rouden T-Shirt setzt deen nach extra en valeur. Kontroll op dat eegent Liewen hält de Pedro fir eng Illusioun, esou ewéi de Mythos vum Marlboro-Mann. An iwwerhaapt: Kann een eng moralesch Iwwerleeënheet fir sech an Usproch huele wann een, wéi d'Sarah, Karriär an der Waffenindustrie mécht ?

Jean-Paul Maes (Foto: Roland Jakobi)

Kal Atmosphär vun der Salle d'attente

D'Inzenéierung am Kaleidoskop Theater (Beetebuerger Schlass) ass - no Aalen an Zittau - schonn déi drëtt Adaptatioun vum Olivier Garofalo sengem Stéck ''Warte nicht auf den Marlboro-Mann''. Eleng dat dierft schonn eng Unerkennung si fir de jonken Dramaturg.

Der Heidemarie Gohde hir Mise en scène kënnt, ganz no Kammerspiel-Manéier, mat ganz wéinegen Elementer aus: eng hallef Doze Still, déi geuerdent mam Réck zum Publikum stinn, a wäiss Neonsluuchten um Plaffong, déi heiansdo flackeren, suerge fir déi kal, réi Atmosphär vun där net manner kaler Renconter an der Salle d'attente. D'Sarah fillt sech uganks onwuel, ass zeréckhalend a gestresst. Der Fra hiert soignéiert wann och liicht aggressiivt Ausgesinn tranchéiert mam gemittleche Pedro sengem schmuddelege Biker-Look.

Zwou Opfaassunge vum Liewen: wéi eng ass déi richteg?

An awer komme sech déi zwee lues a lues méi no. Dem Pedro seng meeschtens mat Rou virgedroen Argumenter schéngen d'Sarah z'entspanen. Si leet hire Mantel of, mécht d'Hoer lass, Still ginn zesumme gestallt, et gëtt méi heemlech... Op der Leinwand am Hannergrond ginn op eemol Biller vu fréiere Marlboro-Reklamme projezéiert, d'Duerstellung vun engem idealiséierte Liewensgefill, mat deem sech alle béid iergendwéi kënnen identifizéieren.

Wärend d'Sarah an de Pedro iwwert d'Vir- an Nodeeler vun hire respektiven Opfaassunge philosophéieren, erënneren déi sporadesch Pulsgeräicher drun, datt net wäit ewech grad ee mam Liewe kämpft. Dem Frënd a Kolleeg säi Schicksal verdäitlecht d'Limitte vun den zwee Weltbiller.


Weider Opféierunge vum Stéck "Warte nicht auf den Marlboro-Mann": Samschdeg 27. Februar um 20h, Sonndeg 28. Februar um 17.30, a vum 3. bis de 5. Mäerz all Kéier um 20h, am Beetebuerger Schlass.