Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ I Am Not Your Negro

Filmtipp

I Am Not Your Negro

"I Am Not Your Negro" ass eng Veraarbechtung vum James Baldwin sengem onverëffentlechte Wierk "Remember This House". Den James Baldwin war ee vun de bedeitendsten amerikanesche Schrëftsteller an Zäitzeie vun der Gewalt géint "People of color" oder wéi hien ëmmer sot "Negroes".

auto_stories

2 min

De Raoul Peck, Auteur a Regisseur vum Film, huet de Film wéi eng Erzielung iwwer eng Erzielung opgebaut. Esou begleet de Spectateur am Original d'Stëmm vum Samuel L. Jackson duerch e Collage vun Interviewen, Tëleesoptrëtter, Filmausschnëtter an historeschen Dokumenter, déi sech iwwerschneide mat Zitater vum James Baldwin.

Dës Iwwerlagerung vun aktuellen an historesche Biller an Texter erläutert d'Geschicht vu "People of color" an den USA extrem eloquent. De Film vum Raoul Peck baséiert um leschten net fäerdege Wierk vum James Baldwin. Den James Baldwin war net just e Schwaarzen Auteur, mee och e wichtege Vertrieder vun der Biergerrechtsbeweegung an an enkem Kontakt mam Martin Luther King, dem Malcolm X an dem Madgar Evers, déi och am Film portraitéiert ginn. Seng Beschreiwunge vun deene Mënschen, déi mir haaptsächlech als Ikone kennen, maachen dës erëm zu reale Mënschen, mat hirer Famill, hire Leidenschaften awer och hire Feeler.

Mat der eegener Verantwortung konfrontéieren

Mat enger klorer an direkter Sproch entlarvt an erkläert de Baldwin de Rassismus an Amerika. A well seng Sproch esou verständlech ass an ouni Gewalt de Problem direkt adresséiert, si seng Wierker a seng Persoun esou voller Bedeitung. Fir de Raoul Peck a vill aner Mënsche war d'Begéinung mam James Baldwin a sengen Texter eng liewensverännerend.

Mam Film wëllt de Raoul Peck eis mat eiser eegener Verantwortung konfrontéieren. Fir dëse Film huet de Raoul Peck sech duerch dem James Baldwin säi gesamt Wierk gegruewen, esouguer onverëffentlecht Material. Gelongen ass him en Documentaire mat Punch, dee ronn 30 Joer nom Baldwin sengem Doud d'Wichtegkeet an d'Aktualitéit vu senge Wierder operstoe léisst a se de jonke Generatiounen, déi nach ëmmer kämpfen, erëm zougänglech mécht.

Eng opbauend Approche

Och wann de Film d'Gewalt géint Schwaarz Mënschen denoncéiert, esou schléit en engem net op de Mo. Éischter de Géigendeel. De Baldwin huet seng Würd héich gehalen, net falsche Stolz, mee mat Würd geschwat, an dëst mécht ee bescheiden am Plaz vun ageschüchtert. De Film dreift een erop, laanscht d'Roserei an d'Verzweiwlung zu enger humanistescher Approche, déi net vernichtend, mee opbauend ass.

"Ech si kee Pessimist, well ech liewen. Also sinn ech forcéiert en Optimist ze sinn. Ech si gezwongen ze gleewen, datt mer iwwerliewe kënnen, datt mer iwwerliewe mussen. Mee déi Schwaarz an dësem Land, d'Zukunft vun de Schwaarzen an dësem Land ass geneesou hell oder däischter wéi d Zukunft vun dësem Land." - James Baldwin.