Radioen

On air

Webinar  |  Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Homo a Roma, en duebele Stigma

Cineast

Homo a Roma, en duebele Stigma

"Soldiers. A Story from Ferentari", vun der serbescher Realisatrice Ivana Mladenović, gëtt en originellen Abléck an d'Liewensëmstänn vun aarme Romaen zu Bukarest. D'Thema vun der Homosexualitéit gëtt op eng natierlech Aart a Weis a virun allem mat Humor behandelt. "Soldiers" ass ee vun aacht Filmer an der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival. Eng Kritik vum Michel Delage.

auto_stories

3 min

Den Anthropologie-Student Adi (Adrian Schiop) plënnert op Ferentari, een aarme Quartier vu Bukarest, wou hie fir säin Doktorat iwwert de "manele", ee bei de Roma populäre Musekstil, recherchéiert. Do léiert hien den Alberto (Vasile Pavel-Digudai) kennen, ee Roma, dee 14 Joer Prisong hannert sech huet a versicht, sech als "homme à tout faire" am Déngscht vun engem Quartiersboss iwwer Waasser ze halen. Aus der Relatioun tëschent dem scheien Adi an dem extrovertéierten Alberto entsteet séier méi wéi nëmme Frëndschaft ...

"Soldiers. A Story from Ferentari" ass deen éischte Long métrage vun der jonker serbescher Realisatrice Ivana Mladenović, déi sech a Rumänien niddergelooss huet. De Film behandelt d'Thema Homosexualitéit, ee Sujet, deen an der konservativer rumänescher Gesellschaft an zemools an der machistescher Roma-Kultur schlecht ugesinn ass, obwuel vill Romaen an der Männerprostitutioun aktiv sinn. Roma an homosexuell, domat ass de Protagonist Alberto direkt vun engem duebele Stigma gezeechent.

A souguer dräifach gezeechent doduerch, datt en am Déngscht vun engem anere Roma steet, vun deem dominéiert an - well en homosexuell ass - veruecht gëtt. Den Alberto ass, grad wéi d'Kanner, déi erausgeschéckt gi fir ze heeschen, ee vun den Zaldoten aus dem Filmtitel.

Onerwaarte Koppel

D'Homosexualitéit gëtt awer net op eng larmoyant Aart a Weis, mä iwwert de Wee vum Humor ageleet an duergestallt. D'Komik entsteet duerch dat klassescht Muster vun der onerwaarter Koppel: engersäits de physesch imposanten Alberto, dee keng Hemmungen huet a sech mat weider näischt am Liewe schéngt erëmzeklappe wéi senge Muskelen a sengem gesonde Mënscheverstand. Anerersäits de schlanken, zréckhalenden an intellektuellen Adi - scho bal een Duo à la Décken an den Dënnen!

Béid Männer sinn eigentlech bisexuell. Den Adi huet sech grad vu senger Frëndin getrennt, an den Alberto ënnersträicht méi wéi eemol, datt en d'Frae gär huet. Mä séier gëtt hien dem Adi ze verstoen, datt e Männer géigeniwwer net ofgeneigt ass: ëmmerhi gouf en am Prisong sozialiséiert.

De Student Adi léisst sech op dës Bezéiung an, et versteet een awer net direkt, op dat éierlech gemengt ass oder awer ee Mëttel zum Zweck: den Alberto ass fir hien e wichtegen Informant, deen ëm d'Dier opmécht, fir seng Recherchen iwwert de "manele".

Dokumentaresche Bléck, baussen a bannen

Och fir d'Realisatrice Ivana Mladenović ass déi Bezéiung eng Entréesdier, an zwar fir déi sozial Realitéit - dat heescht d'Aarmut - vun de Romaen ze studéieren. "Soldiers" ass wéi en Documentaire, ee journalistesche Reportage gefilmt. Wann d'Kamera de Protagonisten dobaussen op der Strooss nogeet, da ginn an engems d'Leit ronderëm an hirem schappege Liewensëmfeld mat am Bild festgehalen. Dacks kucken d'Passante riicht an d'Kamera, wat den dokumentaresche Charakter verstäerkt.

De Spectateur keeft der Realisatrice dann och deen dokumentaresche Bléck of bei de gestallten, intimen Zeenen, wann den Adi an den Alberto zesummen am Schlofzëmmer sinn.

"Soldiers. A Story from Ferentari", ee gläichzäiteg batteren a komesche Film, kënnt onspektakulär eriwwer. D'Personnagen - virun allem den Alberto - wuessen dem Spectateur un d'Häerz. D'Thema vun der Homosexualitéit an engem ongewinnte Kontext a mat Humor behandelt, grad wéi den dokumentaresche Bléck, suergen alles an allem fir een interessant éischt Wierk.


"Soldiers. A Story from Ferentari" vum Ivana Mladenović leeft nach dësen Dënschdeg, 17. Oktober um 21:30 am Utopia, am Kader vum CinEast-Festival.