Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nubiyan Twist - Lights Out Feat. Nile Rodgers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BD vum Mount: Hamed Eshrat - Coming of H (Avant)

Gezeechent

BD vum Mount: Hamed Eshrat - Coming of H (Avant)

D'lescht Joer war den Hamed Eshrat Finalist beim Comicbuchpräis vun der Berthold-Leibinger Stiftung, dësen Hierscht koum säi Buch "Coming of H" eraus. Et verbënnt eng Migratiounsgeschicht mat der Geschicht vun enger Jugend an den 1990er Joren - souverän erzielt, awer ouni grouss Iwwerraschungen, fënnt de Jeff Thoss.

auto_stories

5 min

Kiffen a Sprayen an der Provënz

Den Titel kann een op puer Aart a Weise liesen. Op Englesch schwätzt een den H "aitch" aus, wat e bëssi wéi "age" kléngt, woumat mer et mat engem "coming of age", also engem Bildungsroman ze dinn hunn.

Op Däitsch ausgeschwat gëtt eis de H de Spëtznumm vum Protagonist, Ha wéi Hamed. Et ass eng autobiographesch Coming-of-age-Geschicht, bei där den Ha zou sech kënnt, also seng Identitéit, seng Plaz an der Gesellschaft fënnt. Zulescht ass H och Slang fir Heroin, a domadder si mer bei eng vun de prägenden Erfarunge vum Opwuessen, dat hei gewise gëtt.

Allgemeng beschreift en eng typesch Migratiounsgeschicht kombinéiert mat enger typescher Geschicht vun enger Jugend an der däitscher Provënz an den 1990er Joren. Dem Hamed seng Famill flitt Ufank den Achtzeger aus dem Iran, do ass hie grad sechs Joer al, a kënnt an enger klenger Stad a Nordrhein-Westfalen un.

De Gros vun der Erzielung spillt wärend dem Hamed senger Zäit am Lycée, woubäi d'Schoul awer net dat ass, wat hien interesséiert. Hien ass Deel vun enger Skater-Subkultur, zu där och Hip-Hop a Graffiti gehéieren.

D'Liewensgefill vu den Nonzeger

Erzielt gi kleng Episoden, wou den Hamed sech mat senge Kolleegen trëfft, fir hir Tricks presentéieren oder fir ze sprayen. Et gëtt och Zesummestéiss mat Neonazien, déi d'Skater, speziell den Hamed mat senger iranesche Wuerzelen, net toleréieren. Soss gesi mer déi Jonk awer och einfach just ofhänken, Videospiller spillen an en Joint fëmmen.

Et geet der Graphic Novel sécherlech drëms, d'Liewensgefill vun där Zäit anzefänken, d'Jugend an der Provënz, wou een den neisten Trends noleeft, fir iergendwéi Deel vun der grousser wäiter Welt ze sinn, fir e Stéck New Yorker Coolness tëschent d'Reienhaiser a Virgäert ze schmuggelen an e wéineg Nervenkitzel an Abenteuer an eng am grousse Ganze sécher mee langweileg Welt ze bréngen.

Natierlech, et ass och eng Migratiounsgeschicht ze dinn, mat enger dramatescher Flucht aus dem Iran, déi e Kontrast zur däitscher Provënz an zur amerikanesch beaflosster Jugendkultur an de Comic bréngt an d'Haaptquell fir Konflikter an der Handlung ass. Wéi sou oft ass fir d'Kanner, den Hamed a seng Schwëster, méi einfach, sech an hirer neier Heemecht erëmzefannen.

Et fënnt een eng Rei Sequenzen, wou d'Famill zum Beispill d'persesch Neijoersfest feiert oder de Papp doheem en Hammel schluecht, an hei mierkt een, datt d'Kanner dat aus enger gewëssen Distanz betruechten, wärend et fir d'Eltere ganz zentral Evenementer sinn, un deenen si festhalen, déi si an hirer Identitéit bestäerken.

Eng schwéier Bezéiung tëschent Papp a Fils

Speziell de Papp huet Problemer, seng Plaz an der däitscher Gesellschaft ze fannen, hien huet Depressiounen, wat een an der Graphic Novel awer just um Rand matkritt. Mir erliewen d'Geschicht aus der Perspektiv vum Hamed, dee dorënner leit, datt seng Elteren sech streiden an datt de Papp heiansdo e puer Deeg verschwënnt, ouni datt ee weess, wou en ass.

Mee esou richteg verstoe kann de jonken Held dat net. D'Relatioun tëschent Fils a Papp ass praktesch den Haaptfuedem vun der Erzielung, deen awer ëmmer rëm vun anere Saachen iwwerdeckt gëtt an doduerch rätselhaft bleift.

Zu deenen anere Saachen zielt natierlech d'Jugendkultur, mee och eng éischt Léift, wou och de Migratiounshannergrond eng Roll spillt. Dem Hamed seng éischt richteg Frëndin kënnt aus enger groussbiergerlecher däitscher Famill, de Papp ass Dokter, si wunnen an enger aler Villa. D'sozial Ënnerscheeder bidden natierlech hei Potenzial fir Konflikter.

D'Drogenthematik, op déi den Titel hiweist, ass dogéint am Endeffekt net esou zentral. Datt Marijuana zum Deel duerch Heroin an der Skater-Subkultur ersat gëtt, ass e wichtegen Aschnëtt an der allgemenger Entwécklung vum Hamed sengem Frëndeskrees, mee een, deen hie méi indirekt betrëfft.

De Protagonist kënnt just kuerz mat haarden Drogen a Kontakt a beobacht soss virun allem, wéi säi beschte Frënd lues a lues der Sucht verfält, och nach mat anere Substanzen experimentéiert an sech doduerch seng Perséinlechkeet och verännert.

Et kann een dat vläicht mat der Relatioun zum Papp vergläichen, wou och ëmmer méi Distanz erakënnt, ouni datt de Hamed oder de Lieser an deem anere säi Kapp kucke kann, fir ze verstoen, wat do wierklech vir sech geet.

Vun der Comic-of-Age-Geschicht zu Kënschtlerroman

Och hei gëtt dat awer rëm vun aneren Aspekter iwwerlagert. De beschte Frënd war nämlech deen, mat dem den Hamed vill zesumme gezeechent a gesprayt huet, si goufe souguer als Schüler vun enger Agence fir eng Campagne engagéiert.

Hei muss den Held iergendwann eleng weidermaachen, mee dat bestäerkt dann awer och säin Entschloss, no der Schoul zu Berlin Konscht ze studéieren. Also, e bëssi Kënschtlerroman stécht och a Coming of H.

De Zeechestil vum Buch ass iwwregens ganz dat, wat ee vun engem däitschen Indie-Comic erwaart. De Layout ass klassesch, d'Hannergrënn si realistesch gezeechent an d'Figuren hunn all e liichten Hang zum Cartoon. Wat opfält ass, datt den Hamed Eshrat heiansdo och d'Handlung pauséiert, fir just d'Plazen ze weisen, wou en opgewuess ass, an esou d'Atmosphär vun deemools anzefänken.

Och iwwer d'Koloratioun geléngt et em, verschidde Passagen, zum Beispill doheem an der Famill, vum Rescht ofzehiewen. Also, alles an allem ass de Comic souverän gezeechent, allerdéngs och ouni grouss Iwwerraschungen.

De Coming-of-Age-Genre ass sécherlech kee liichten an der Graphic Novel, well en extrem populär ass an et dofir schwéier ass, aus der Mass vu Publikatiounen ervirzestiechen. Beim Hamed Eshrat gëtt et e puer wierklech spannend Elementer, déi och méi individuell wierken, wéi d'Relatioun zum Papp, mee villes kënnt engem ganz bekannt vir. Coming of H ass e gelongene Comic, ofwiesslungsräich an agreabel ze liesen, mat mol witzegen Zeenen a mol éischter beréierenden an och bedréckenden, mee fir de ganz grousse Worf feelt hei awer eng Grimmel méi Originalitéit.