Tania Naskandy - da ist was im busch "haiku-comic aus blackoutville"
An eelef Kapitelen thematiséiert d'Tania Naskandy an dësem neie Wierk den neie Corona-Virus a wat dee mat eis an aus eis mécht. Ronn 120 Säiten Dräizeiler, déi ganz bësseg an ëmmer pointéiert op déi mënschlech Onzougänglechkeeten hiweisen.

Ass et am Ufank de Virus selwer, deen am Mëttelpunkt steet:
anstandsloses biest
unauffindbar klein
fahndungsresisternter spuk
Verdreht uns den kopf
bohrt sich in die schleimhäute
schlüpft in die blutbahn
zersetzt die lunge
stranguliert das herz
zerfetzt das nervenkostüm
verbeisst sich ins hirn
besetzt den wohnsitz
unserer intelligenz
Dono switchen d'Texter op de Mënsch eriwwer demonstréieren, wéi een Afloss de Covid 19, de Confinement an den allgemengen an ongewinnte Verloscht vu Muecht iwwer alles op eis Gesellschaft an op den eenzelnen huet.
U sech jo näischt Neies an et brauch ee wierklech och nach an der Literatur dëse Virus, dee souwisou zënter Méint eisen Alldag bestëmmt, eis net eng Minutt vergiesse léisst, datt et hie gëtt, datt ee kee Schrack a kee Geste ka maachen, ouni den "vielfrassvirus" am Kapp ze hunn a sech vun him oder éischter géint hie steiere muss.
Et brauch een elo sécher net permanent Bicher ze dësem Sujet ze léisen, mee der Tania Naskandy oder besser gesot, dem Guy Rewenig seng Haikue soll ee sech awer roueg undoen, well nieft de kuerzen Aussoen, déi eis an eis Gesellschaft demaskéieren ass et virun allem d'Sprooch, de Choix vun den eenzele Wierder, Zesummesetzung vun de prägnanten, intelligenten an spruddeleg-erfrëschende Aussoen, déi een hei genéisse kann:
urlaubsdatenschrott
hoffnungsgerümpel
wohin mit dem ganzen müll?
All eenzelen Haiku steet fir sech, ass awer och en weider féierenden Deel vun den eenzele Kapitelen. Nieft dem Zoustand vun der Isolatioun, dem Stëllstand vun der Économie, ass den Enseignement och e Kapitel fir sech: schulschwänzen wird staatskonform
mir bleibt die strafbank:
lehrerhausarrest
Jetzt heisst es humpeln
auf der internetkrücke
notfallunterricht
Dat eegent Schreiwen an den Doud, begrënnt grad wéi sënnlos Ängschten, sech mat sech selwer musse beschäftegen - et ass eng reegelrecht Verdreiwung aus dem Paradäis, där d'Tania Naskandy mat Momenter op d'schmäerzlechst eis virun d'Aen hält an och wann een oft muss grinsen, sief et iwwer déi originell Wierder, sief et iwwer den Inhalt, sou ass et dat batterbéist, dat hänke bleift. Eng ganz erfrëschend Lecture a fir mat der Tania Naskandy ofzeschléissen:
kein grund zum murren
es soll keineswegs
sterbenslangweilig werden