Netflix Gutt bluddeg, w.e.g.!

De koreanesche Mafia-Film "Night in Paradise" versicht et mat enger gelungener Mëschung aus knallhaardem Gangster-Genre a romantescher Komedie. Erënnert e bëssen u Revanche-Filmer vum Park Chan-wook, un déi en awer net erukënnt.

Michel Delage

Filmkritik Night in Paradise
Jeon Yeo-been an Uhm Tae-goo (Foto: Noh Juhan / Netflix)

Firwat d'Aarbecht kuerz an ouni vill Theater mat engem Kappschoss erleedegen, wann ee se fir dee selwechte Präis mat stiechen, metzelen a schneide schéin an d'Längt kann zéien? D'Sich no Effikassitéit ass eben net d'Haaptsuerg vun de Protagonisten am koreanesche Mafia-Film ''Night in Paradise'' vum Park Hoon-jung.

Net ze verwiessele mam däitlech méi ale Park Chan-wook, dee sech virun zwee Joerzéngte mat enger bluddeger Revanche-Trilogie (''Sympathie for Mr. Vengeance'', ''Old Boy'' a ''Lady Vengeance'') international en Numm gemaach hat.

Deem säin Hang zum Sadismus fënnt sech och hei erëm, leider net seng filmesch Inventivitéit. Trotz allem versicht ''Night in Paradise'' e bëssen aus der Rei ze danzen, duerch eng gelunge d'Kombinatioun vu knallhaardem Gangster-Genre a... romantescher Komedie !

Keng héich Liewenserwaardung

Nodeems den Tae-goo, Hoffnungsdréier am Milieu, sech un engem wichtege Boss rächt an esou e Krich tëschent de Clanen ausléist, muss hie sech duerch d'Bascht maachen. Säin Zil ass Vladivostok, mat Tëschestopp an enger Farm um Mier. Do léiert hien eng jonk Fra kennen, där hir Eltere vu Mafiosien ëmbruecht gi waren an déi elo beim Monni lieft (och deen net grad e Massendénger).

Duerch hiert gemeinsaamt Schicksal (si ass stierweskrank an d'Liewenserwaardung vun engem Gangster ass och net ganz héich) komme sech den Tae-goo an d'Fra méi no. Allerdéngs net ze vill: méiglecherweis erënnert si hien u seng eege Schwëster, dat och un enger onheelbarer Krankheet gelidden hat, ier se - wéi soll et anescht sinn? - vu Gangstere liquidéiert gouf.

Net iwwerdriwwe genuch

Zeene vu bluddegem Gemetzel ginn am zweeten Deel scho mol vu méi sonneg-intimistesche Momenter ofgeléist, déi tëschent Witz a Melancholie schwanken. Iergendwann aarten d'''Messerpickereien'' zur grand-guignolesquer Farce aus, an den Hämoglobin-räiche Spektakel géint der Schluss an engem Hangar ass emol net de Klimax vum Film!

Zum Gléck hëlt sech de Realisateur net all ze eescht. Paradoxerweis huet de Park Hoon-jung et net genuch op d'Spëtzt gedriwwen, respektiv ass hien net déif genuch an de mënschleche Wansinn agedaucht, fir datt seng apaart Mëschung géif opgoen. Un d'Filmer vun engem Park Chan-wook, déi och net fir jidderee sinn, kënnt ''Night in Paradise'' mol net usazweis erun.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Madame Claude Filmkritik
Netflix

De franséischen Drama ''Madame Claude" zeechent en differenzéierte Portrait vun der berüümter Paräisser Zuhälterin. Klassen- a Geschlechterkampf dengen hei net als Excuse, mee als Erklärung.

Olga Kurylenko Filmkritik
Netflix

Am franséische Vigilante-Film "Sentinelle" däerf sech eng traumatiséiert Zaldotin um Vergewalteger vun hirer Schwëster rächen - nieft anere "Kollateralschied"... Grad esou brutal ewéi iwwerflësseg.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen