Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grousse Kino

Podcast

Grousse Kino

1 Uso

2022-10-22-kt-Dem Vojtech Masek seng Versioun vum Liewen a Stierwe vum "Arvéd"

Den Tschech Dr Jiri Arvéd Smichovsky ass et tatsächlech ginn: als Nazikollaborateur hätt hien nom 2. Weltkrich a senger Heemecht zum Doud veruerteelt misse ginn, ma vu datt en e Member vum tschechesche Sécherheetsdéngscht aus engem KZ gerett hat, sollt e liewenslänglech mat allerlee Commoditéite kréien....wann en dann als Verréider aktiv géif ginn. 1951 ass den "Arvéd" ënnert mysteriéisen Ëmstänn am Prisong gestuerwen. Aus dësen Ingrédientsen huet den tschechesche Kënschtler Vojtech Masek de Film "Arvéd" realiséiert; um CinEast-Filmfestival hat en elo bei eis seng international Première. D'Kerstin Thalau konnt no der Projectioun kuerz mam Réalisateur schwätzen.