Film Glory / Slava

"Slava", op englesch "Glory" ass den zweete Film vum Duo Kristina Grozeva a Petar Valchanov. No hirem éischte priméierte Film "The Lesson" stinn och bei Glory nees Themen ewéi sozial Ënnerscheeder, Verzweiwlung an Inegalitéiten am Mëttelpunkt. “Glory” ass ugangs Mäerz mam Kritikerpräis um LuxFilmFest ausgezeechent ginn. Dëse Mount ass de Film de coup de coeur vum radio 100,7.

Maxi Pesch

Glory grozeva.jpg
Stefan Denolyubov (Foto: DR)
De Film schwätzt vum Tsanko, gespillt vum Stefan Denolyubov deen zënter 25 Joer fir déi staatlech Eisebunn a Bulgarien schafft a knapps mat sengem Salaire iwwert d’Ronne kennt. Een Dag fënnt hien op de Gleiser eng riseg Zomm Geld, bleift awer éierlech a mellt de Fund bei den Autoritéiten.

Zur selwechter Zäit an der Haaptstad Sofia, gesäit een d’Julia, gespillt vum Margity Gosheva. Eng 40 Joer al Workaholic a Kommunikatiounsberoderin vun engem korrupten Transportministère. Dem Tsanko seng Story ass ideal fir ee Propaganda-hongreschen-ministère wäisszewäschen. Den Tsanko, dee knapps kommunizéiere ka well e krankhaft tuddelt, gëtt also vun der Kommunikatiounscheffin op Sofia invitéiert fir do als Held verkaf ze ginn.

Korrupte Ministère

Dem Julia säi Plang geet allerdéngs net op. D’Belounung déi den Tsanko vum Transportminister soll iwwerreecht kréien ass eng fonkel nei digital Auer. Bei der Zeremonie gëtt hie gezwongen seng al Auer, eng SLAVA, oder GLORY, auszedoen, déi hie vu sengem Papp geschenkt krut. D’Auer geet verluer. Mat der Sich nom Ierwsteck fänkt déi ganz Problematik un. Dat fir déi zwou Säiten. Iwwerhaapt spillt d’Zäit am Salva, dat jo och eng Auermark ass, eng grouss Roll. Net nëmmen déi physesch ma och déi biologesch Zäit si vun Ufank u present.

Glory setzt zwee Charakteren déi sozial, net méi ënnerschiddlech kéinte sinn niewenteneen. Allebéid striewen no engem Zil a ginn alles dofir. Duerch déi zwee Charakteren demaskéiert de Film eng ongerecht Societéit voller Arnaquen a Grausamkeeten. Et geet och em eng schwéierfälleg Bürokratie.

Déifgrënneg Charakteren

D’Julia an den Tsanko representéieren zwou verschidde Säite vun engem grousse Problem dee vill manner domadder ze dinn huet wie Si si mee éischter op wei enger Plaz se liewen. Et geet awer och em Mënschlech Relatiounen, ee mënschleche Film dee weist wei d’Persounen an enger sozialer Realitéit liewen a wei se mat de Problemer ëmginn. Slava kreéiert déifgrënneg Charakteren. D’Empathie déi de Spectateur fir Si empfënnt, schwankt duerch de ganze film.

De ganze Film besteet aus staarke Kontraster. Dat gesäit een och am Krum Rodriguez senger cinematographescher Approche. Vill Close ups, e puer extrem close ups op gestresste Gesiichter, mat engem Fokus dee permanent tëschent a schaarf an onschaarf variéiert, sinn essentiell fir d’Atmosphär vum Film. Och d’Faarwe spillen eng grouss Roll, dem Julia seng glamour Welt gëtt a staarke Kontraster gewisen, während dem Tsanko seng manner glamouréis Welt éischter méi flaach ausgesäit.

An der Mediathéik:

Kultur / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Kaurismäki.JPG
Luxfilmfest

Nom Sëlwere Bier zu Berlin huet de finnesche Realisateur mat “The Other side of hope” och elo de Grand Prix um LuxFilmFest gewonnen. Beschten Documentaire gëtt “I am not your negro” vum Raoul Peck.

glory
Luxembourg City Film Festival

De bulgaresche Film "Glory" stellt déi mënschlech Relatiounen an engem ongerechte System an de Mëttelpunkt. En éierlechen a beweegende Film. Interview mam Haaptacteur a Co-Zeenarist.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen