2019 hunn de Florent Grouazel an de Younn Locard den éischte Band vu "Révolution", hirer Trilogie iwwert d'Franséisch Revolutioun, erausbruecht. "Liberté" war e grousse Succès a gouf als Comic vum Joer um Festival vun Angoulême ausgezeechent. Bei Actes Sud ass elo d'Suite, "Égalité", erauskomm.
An der Chronologie vun der Franséischer Revolutioun maache mer e Sprong aus dem Joer 1789, an deem den éischte Deek gespillt huet, an d'Joer 1791. Mee, d'Konzept vun der BD ass praktesch identesch. Déi zwee Zeenaristen an Zeechner wëllen eis d'Gefill vermëttelen, matzendran ze sinn, d'Evenementer zu Paräis vun Dag zu Dag matzëerliewen, ouni ze wëssen, wou d'Rees higeet. Dofir verzichten si op en Erzieler oder soss Mëttelen, fir d'Geschicht vu baussen ze strukturéieren, a bleiwe ganz no un hire Figuren.
Déi meescht kenne mer schonn aus dem éischte Band. Si stamen aus ënnerschiddlechen Deeler vun der Gesellschaft: aus der Aristokratie, aus der Kierch, aus der Bourgeoisie a natierlech och aus dem einfache Vollek. Et gëtt e Journalist, deen op der Säit vum Ancien Régime steet an déi ganzen Zäit am Hannergrond intrigéiert, e Nationalgardist, dee beim Stuerm op d'Bastille zum Volleksheld gouf an deem säi Brudder an der Assemblée nationale sëtzt. Et gëtt awer och en Déngschtmeedchen, dat sech fir Politik interesséiert an d'Diskussiounen an de revolutionäre Clibb verfollegt, oder e Kand, dat seng Eltere verluer huet an op der Strooss iwwerliewe muss.
Eng konfus Revolutioun
Bekannte Perséinlechkeete wéi Robespierre, Marat oder de Louis de Siechzéngte komme just kuerz, a Niewerollen fir. Wéi dat och am historesche Roman de Fall ass, notze Grouazel a Locard virun allem fiktiv Figuren, fir d'Saach spannend ze maachen, a natierlech och, fir eis nei Geschichten iwwert d'Geschicht z'erzielen. D'Protagonisten a Protagonistinne vun "Égalité" sinn oft Leit, déi wéineg Afloss op de Laf vun der Revolutioun hunn, déi nokucke mussen a probéiere sech en Iwwerbléck ze verschafen, wat hinnen awer seele geléngt.
Allgemeng weist d'BD eis d'Joer 1791 als eent, dat vun enger grousser Onsécherheet, engem groussen Duerchernee bestëmmt ass. Fir déi eng, speziell d'Bourgeoisie, ass d'Revolutioun esou gutt wéi eriwwer. Mam Modell vun enger konstitutioneller Monarchie, wei se am September '91 decidéiert gëtt, ass fir si d'Saach gelaf. Fir déi aner, déi Radikal, huet d'Revolutioun dogéint nach guer net richteg ugefaangen. D'BD besteet virun allem aus Zeenen, a deenen iwwer d'Zukunft vu Frankräich diskutéiert gëtt: an der Assemblée, an de Clibb, an de Salonen, an de Fabricken an op der Strooss. Et ginn donieft awer och déi zentral Episoden vun der Revolutioun am Joer 1791 erzielt, dem Kinneg säi Fluchtversuch oder d'Massaker um Champs-de-Mars, zum Beispill.
Postkolonial a feministesch
Dou, wou et ëm d'Égalité aus dem Ënnertitel geet, ass d'BD warscheinlech am modernsten. Grouazel a Locard hannerfroen d'Idealer vun der Franséischer Revolutioun, vun enger Gläichheet vun allen, déi am Endeffekt awer just eng Gläichheet tëschent europäesche Männer mat engem gewëssen Akommes ass. Mir gesinn an der BD Frae wéi d'Louise, d'Déngschtmeedchen, dat ganz vill liest, probéiert, un der Revolutioun matzewierken, a schnell erkennt, dass d'Diere fir si oft zoubleiwen an d'Männer d'Saach ënnert sech ausmaachen.
Iwwert eng nei Figur bréngen d'Auteuren och d'Thema Rassismus a Kolonialismus eran: eng Fra, déi zu Saint-Domingue, am haitegen Haiti, eng Plantage geierft an d'Sklaven dorop emanzipéiert huet. Si setzt sech zu Paräis dofir an, dass d'Sklaverei allgemeng ofgeschaaft gëtt, wärend lues a lues Noriichte vum Ufank vun der Haitianescher Revolutioun an d'franséisch Metropol duerchdréngen. "Égalité" beweist hei e feministeschen a postkoloniale Volet a kuckt ganz genau, wien vun der Franséischer Revolutioun profitéiert.
Beandrockend Biller
Esou wéi et bei de Figuren em de grousse gesellschaftleche Panorama geet, geet et och bei de Biller drëm, fir eis de ganze Spektrum vum revolutionäre Paräis ze weisen. Mat vill Léift zum Detail huelen eis d'Zeechner mat an d'Palaisen, an d'Assemblée nationale, an d'Parken, op d'Mäert, an d'Haiser vun den dichtege Leit genausou wéi an d'knaschteg Stroossen an aarmséileg Behausungen an de Faubourgen. Am Géigesaz zum éischte Band geet et och méi oft aus Paräis eraus, well sech eng vun de Figuren do probéiert als Vertrieder vu Parzeläinsgeschier z'etabléieren.
Et kann een sech guer net virstellen, wéi vill Grouazel a Locard recherchéieren hu missen, fir kënnen all déi ënnerschiddlech Landschaften an Dekore mat engem héije Grad u Realismus ze zeechnen. Beandrockend sinn och ëmmer erëm d'Massenzeenen an de Stroosse vu Paräis oder um Champ-de-Mars, oder och Biller iwwer eng, zwou ganz Säiten, wou mer aus der Vulleperspektiv op d'Stad erofkucken. D'Zeechner beweisen en zolidd Handwierk an erschafen eng Welt, an där een sech verléiere kann.
Nei Standarde am Genre vun der historescher Erzielung
"Révolution" ass eng BD, respektiv eng Serie vu BDen ass, déi nei Standarde am Genre vun der historescher Erzielung setzt. Dat A fir Detailer, dat Kaleidoskop u Figure queesch duerch d'Gesellschaft, den Androck, Geschicht net einfach noerzielt ze kréien, mee materliewen ze kënnen, dat sinn alles Qualitéiten, déi een am Comic an där Form nach net oft gesinn huet.
Grouazel a Locard hate mam éischte Band, "Liberté", d'Lat schonn héich geluecht a maachen hei op genausou héijem Niveau weider. Et muss ee just vläicht drop hiweisen, dass et keng licht Lektür ass. Doduerch, dass een ëmmer matzendran ass an d'BD näischt zu historeschen Hannergrënn erkläert, ass et net ëmmer einfach, sech zerechtzefannen. E Bléck an d'Schoulbicher oder op Wikipedia ass bei "Égalité" heiansdo néideg, mee, e gëtt awer och belount.