George "Beau" Brumnell, Barbey d'Aurevilly, Charles Baudelaire, Oscar Wilde ... Dat sinn nëmmen e puer vun de Personnagen, déi sech am 19. Joerhonnert an doriwwer eraus en Numm als Dandy gemaach hunn. De Phenomeen vum Dandyismus ass an engem ganz präzisen historesche Kontext opkomm, als Reaktioun op déi bourgeoise Gesellschaft.
Gëtt et dofir och hautdesdaags nach Dandyen? Oder ass dës Figur am 21. Joerhonnert een Anachronismus?
Fir der Saach op de Fong ze goen, hu mir fir de B-Radio d'Aristokratie vum 100,7 zesumme geruff: Valerija Berdi, Kerstin Thalau, Marc Clement, Michel Delage a Mike Tock. A mir hunn eis am Konschtmilieu ëmfrot, bei der Catherine Lorent an dem Manuel Abendroth.
Playlist:
Blixa Bargeld & Teardo Teho: "Defenestrazioni"
David Bowie: "Speed of life"
The Dandy Warhols: "Nietzsche"
Front 242: "Genecide"
Serge Gainsbourg: "Baudelaire"
Grace Jones: "Slave to the rhythm"
The Kinks: "Dandy"
Jean-Louis Murat: "Avec ses vêtements"
Klaus Nomi: "Cold Song"
Lou Reed: "Vicious"
Erik Satie: "Gnossiennes 1+3"
Steven Severin: "Mouth to mouth"