De ganzen Interview
An Italien, dem Land vum fréiere Kolonialhär, lafe sech e Grupp vu Mënschen iwwer de Wee. Si kenne sech schonn zënter hirer Zäit a Somalia oder hunn eréischt am Exil zouenee fonnt. Gemeinsam hu si den Trauma vum Biergerkrich, vun der Entwuerzlung, vum Liewen an engem friemen Ëmfeld ...
Dräi Bicher huet si an Tëschenzäit op Italiéinesch, hir Mammesprooch, verëffentlecht. Elo läit der Ubah Cristina Ali Farah hiren Debutroman "Madre piccola" aus dem Joer 2007 an enger franséischer Iwwersetzung vir. Un Aktualitéit huet hir Geschicht vu Migranten an der Diaspora op jiddwer Fall net verluer.
Gebrache Relatiounen, déi een nees fléckt
De Lieser gëtt fir d'éischt emol mat enger Hellewull u Personnagen an hire respektive Geschichte konfrontéiert. Wéi dës Figure matenee verbonne sinn, kritt de Lieser nëmmen no an no ze verstoen. Mat hirem flëssegen a liewege Stil bréngt d'Ubah Cristina Ali Farah et fäerdeg, aus dem scheinbaren Duercherneen e grousst Ganzt zesummen ze strécken. Wéi gebrache Relatiounen, déi een nees fléckt.
Firwat ginn déi somalesch Fraen am Exil besser eens wéi d'Männer? Wéi ginn d'Italiener mat hirer kolonialer Vergaangenheet ëm? Wéi huet d'Schrëftstellerin hir duebel Originn erlieft a firwat ass Rassismus an hirem Roman praktesch keen Theema? Dat hu mer d'Ubah Cristina Ali Farah um Festival Etonnants voyageurs Enn Mee zu Saint-Malo gefrot.