Radioen

On air

Resonanzen  |  John Williams - Main Title, aus 'Jurassic Park' (Film) - Hollywood Bowl Orchestra, John Mauceri (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Maikel: "La perfection, c'est aussi nos rêves"

Danz

Georges Maikel: "La perfection, c'est aussi nos rêves"

Wéi gesäit d'Sich no der Perfektioun an eiser Gesellschaft aus? A wéi eng Konsequenzen huet dës Quête op déi eenzel Leit? A "My Cat Is A Unicorn", kreéiert vum Choreograph an Dänzer Georges Maikel Pires Monteiro, beäntweren d'Dänzerinne Jin Lee, Piera Jovic, Natalia Sesé Cabello an Diana Rigata García de Mendoza dës Froen op ganz ënnerschiddlech Weisen.

auto_stories

2 min

An der Gesellschaft vun haut sinn Notioune wéi d'Perceptioun vu baussen oder d'Selbstduerstellung fir vill Leit zu wichtege Critèren avancéiert, kéint ee mengen. Och dem Georges Maikel sinn dës Tendenzen opgefall, déi hien a "My Cat Is A Unicorn" méi genee beliichte wëll:

"C'est quelque chose qui peut remettre en question une personne qui peut être susceptible de se laisser influencer, de ne pas pouvoir grandir naturellement. Les réseaux sociaux, ce n'est pas la vie forcément la vie réelle."

D'Leit hätten de Bezuch zu sech selwer, zu hirer eegener Existenz verluer, mee et géifen och genuch Persoune ginn, déi grad elo géife versichen, mat méi Intensitéit an Intentioun ze liewen:

"Beaucoup de personnes essaient de changer leur style de vie, de ne plus se laisser influencer. Je pense qu'il faut savoir filtrer - prendre ce qui est bon et laisser de côté tout ce qui n'est pas important."

D'Folgen op den Individuum

D'Sich no der Perfektioun, seet de Georges Maikel Pires Monteiro, géif sech aus ville verschiddene Saachen zesumme setzen. D'Perfektioun, dat sinn eis individuell Dreem, eis Wënsch. Op der Bün interpretéieren d'Jin Lee, d'Piera Jovic, d'Natalia Sesé Cabello an d'Diana Rigata García de Mendoza op ganz verschidde Manéieren, wéi eng Folgen sech dem Individuum proposéieren.

An der Jin Lee hirem Solo, ee vun enger Erschloener, Geknéckter, komme virun allem déi ganz schmäerzhaft Konsequenzen zum Ausdrock.

De Solo wier inspiréiert vun den deelweis ganz perséinlechen Erfarungen, déi de Georges Maikel Pires Monteiro wärend sengem Openthalt an Australien gemaach huet. Do hat de Choreograph méi iwwert d'Leed besonnesch vun der indigener Kultur kennegeléiert an zesumme mat senger eegener Experienz verbonnen.

Eng Panoplie un Emotiounen

Musikalesch beweegt sech "My Cat Is A Unicorn" tëschent maschinell-industrielle Kläng, spilleresche Momenter a villen däischteren, bedréckenden Elementer. D'Dänzerinne beweegen sech mol eng wéi déi aner, mol "distorted" wéi e Glitch an engem Videospill. Dobäi stäipen si sech a falen iwwereneen hier.

Fir déi akustesch Kuliss huet de Georges Maikel Pires Monteiro mam Damiano Picci zesummegeschafft. Ee wichtegt Element wier hei den Zuch gewiescht, deen déi méi metallesch Qualitéit bruecht hätt:

"La pièce est comme une journée, et à un moment donné nous nous retrouvons dans un train. Pour moi c'est important, car le train symbolise pour moi le moment où je me pose beaucoup de questions, où j'observe et je reviens avec beaucoup d'anecdotes."