Radioen

On air

Resonanzen  |  Sergei Bortkiewicz - Etude Nr.9, Op. 15 - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fussball géint d'Aarmut

LUXFILMFEST

Fussball géint d'Aarmut

"Home Games" erzielt d'Geschicht vum Alina, engem jonke Meedchen, dem säi Wonsch et ass an d'Fraefussballnationalequipe vun der Ukrain ze kommen. Am 100,7-Interview schwätzt d'Realisatrice Alisa Kovalenko iwwer de Fussball als Auswee aus der Aarmut, an iwwer d'Hoffnung am Film.

auto_stories

4 min

Maxi Pesch: Wéi ass d'Iddi entstanen en Documentaire iwwer Fraefussball ze filmen?

Alisa Kovalenko: An de 70er Joren, während der Sowjetunioun, war de Fussball fir Frae verbueden. Wéi d'Fraen nees hunn dierfte spille war dat e risegt Evenement. Meng Cousine huet an der Zäit gespillt a Si war ganz gutt. Ech hunn doduerch verstanen datt et dacks Meedercher aus aarme Verhältnisser sinn déi Fussball spillen. Dës Subkultur vu weibleche Fussballspillerinnen huet mech interesséiert. Ech wollt esou eng ähnlech Persoun wéi meng Cousine fannen, just eben 20 Joer méi spéit. Zu Kiew gëtt et een eenzege professionelle Frae Fussballclub. Ech hunn där Equipe nogekuckt an d'Alina getraff. Si huet hier Geschicht erzielt, an ech wousst, dat do gëtt mäin Dokumentarfilm.

War d'Alina direkt averstane fir en Documentaire ze dréinen?

Wou ech d'Alina gefrot hunn sot si direkt "Jo". Mee natierlech wousst si net, datt ech wäert ee Joer laang filmen, souguer deelweis bei hinnen doheem schlofen. Ech menge fir d'Alina war et och wichteg sech auszedrécken.

Dir huet bei der Famill geschlof, mat der Groussmamm, den zwee Kanner, dem Alina an hirem Papp dem Roman. Waren déi aner och alleguer averstanen?

D'Groussmamm hat mech immens gär, si wollt de ganzen Zäit mat mir schwätzen. D'Kanner och. De Roman war am Ufank och averstanen. Ech hu souguer ee Moment geduecht hie wéilt ophale mat drénken. Dat huet dunn awer net geklappt. Duerno huet hie gemierkt datt en als "dee Béisen" eriwwer kënnt a war rosen. Net aggressiv mee just rosen.

Während dem Tournage ass dem Alina an den zwee Geschwëster hier Mamm gestuerwen. Wéi sidd Dir mat der Situatioun ëmgaangen? Hutt Dir zu iergendengem Moment agegraff?

Alles ass esou séier gaangen. Dem Alina seng Mamm ass just zwee Méint, nodeems ech ugefaangen hu mat filmen, gestuerwen. D'Famill hat mol keng Sue fir eng Doudelued ze kafen. An natierlech hunn ech dunn ugefaangen hinnen ze hëllefen. Ech wollt awer net hire Liewenswee ze vill beaflossen. Ech hu souvill gehollef wéi méiglech, andeems ech zum Beispill de Kanner Iesse bruecht hunn. Ech hunn och mam Coach geschwat deen Ament, an deem d'Alina nees wollt ufänke mat Fussball spillen. Ech konnt net sou kal bleiwen. Villäicht ass dat net gutt, mee et ass ebe meng Manéier.

Ass et haut nach ëmmer schwéier fir d'Fraen am Fussball?

Jo, et ass immens schwéier. Eng typesch Situatioun an der Ukrain. Dee beschte Club huet uerdentlech Salairen, mee deen Zweetbeschten, do liewen d'Meedercher zu fënnef an enger Kummer. Si hunn net méi wéi 300 Euro pro Mount fir ze liewen. Am Alina sengem Club hu verschidde Meedercher guer kee Salaire oder kréien e ganz onreegelméisseg. Et ass och schwéier Sponsore fir e Fraeclub ze fannen. Mee ech hunn d'Gefill, wéi wann dat elo e bëssen ännert.

Am Film gesäit een och eng gewëssen Hoffnung. War dat gewollt?

Am Ufank hunn ech gemengt, et géif en immens depressive Film ginn. Nom Doud vum Alina senger Mamm huet si guer kee Fussball méi gespillt. Ech hu geduecht, dat wier mäi Film, mee dunn huet si ugefaangen ze kämpfen. An de Film huet en Happy End. Dat ass normalerweis éischter aussergewéinlech fir Dokumentarfilmer. Mee d'Liewen ass net stabil. Fir kee vun eis. Et ginn ëmmer verschidde Phasen.

Huet d'Alina et schlussendlech an d'Nationalequipe gepackt?

Nee, leider net. Mee et war net seng Schold. Hiert Team huet vill Spiller verluer an der Saison an ass aus der Premier League an déi éischt Liga gefall. Spiller aus der Kategorie dierfen net an d'Nationalequipe. Mee wann d'Equipe opsteigt huet d'Alina nees eng Chance.

Wat sinn Är nächst Projeten?

E Projet iwwer eng Expeditioun fir fënnef Teenager aus dem fréiere Krichsgebitt an der Ukrain. Eng Zort Adventure-Therapie, déi vun engem 73 Joer ale Biergsteiger. Hie wëll seng lescht Expeditioun maache mat deene Kanner eben.