Een Thema, e Buch D'Friemelegioun, wäit ewech vum Glamour

De Friedrich Glauser (1896-1938) hat seng perséinlech Erfarungen als Legionär literaresch verschafft. "Gourrama" war awer kee vun den deemools typeschen exoteschen Abenteurromaner iwwer d'Légion étrangère.

Michel Delage

Friemelegioun
Pionnéier vun der Friemelegioun 2012 op de Champs Elysées (Foto: Bigstock / supervector)

''Den Posten beherrschte ein unsichtbarer Geist, der Geist des " Cafards ".

Cafard - ein Wort, das sich nicht übersetzen läßt. Es ist nicht Heimweh - obwohl Cafard ohne einen Schuß Heimweh undenkbar ist. Melancholie ? Melancholie heißt schwarze Galle - und ein " Cafard " ist ein schwarzer Käfer - genauer : eine Küchenschabe. Beide - Melancholie und Cafard - haben etwas mit schwarzer Farbe zu tun.''

... d'Ambiance an enger isoléierter Garnisoun vun der Friemelegioun am Süde vu Marokko, Uganks den 1920er Joren, beschriwwe vun engem Schwäizer Auteur, dee genee wosst, vu wat e géif schwätzen...

De Friedrich Glauser war vun 1921 bis 1923 selwer an der Légion étrangère, dësem renomméierte Corps vun der franséischer Arméi. Den deemools Mëtt Zwanzeger Glauser hat bis dohin en onstabilt Liewe gefouert : Drogesucht, Delinquenz, Flucht, Openthalter an Nervekliniken, versichte Suicid - méi ewéi eng Kéier. Vu sengem Papp gouf hien dovun iwwerzeegt, sech an d'Friemelegioun z'engagéieren. Vu Strossbuerg goung et dunn op Marseille, vun do aus an déi franséisch Kolonie Algerien a weider an den deemolege franséische Protektorat Marokko, wou hien an engem Militärposte bei der Uertschaft Gourrama gelant war...

''Cafard ! - Viel kann aus dem Cafard entstehen : Desertion, Gehorsamsverweigerung, sinnloses Saufen, Messerstecherei, Selbstmord. Wenn ein einzelner den Carfard hat...''

Klassescht Thema vun der Abenteuerliteratur

Berüümt gouf de Friedrich Glauser Mëtt den 1930er Jore mat senger Serie vu fënnef Krimien ëm de Wachtmeister Studer - e Meilesteen an der däitschsproocheger Kriminalliteratur. Wéi 1940 ''Gourrama. Ein Roman aus der Fremdenlegion'' eng éischte Kéier a Buchform an der Schwäiz verëffentlecht gouf, do war säin Auteur schonn zwee Joer dout - am Alter vun nëmmen 42 Joer war hien un engem Hireschlag gestuerwen. Dobäi war ''Gourrama'' deen éischte Roman, deen de Glauser geschriwwen hat.

Net wéineg Auteuren hunn d'Friemelegioun thematiséiert, och alt emol grouss Schrëftsteller ewéi den Ernst Jünger oder de Blaise Cendrars. Romaner aus der Friemelegioun, dat war e Genre fir sech, meeschtens Abenteuerromaner mat exoteschem, dat heescht kolonialem Hannergrond, an deene Courage a Corpsgeescht gefeiert goufen. Dovu bleift beim Glauser net vill iwwreg.

Gescheitert Existenzen

A ''Gourrama'' geschitt streng geholl net vill. Den Detachement vu Legionären, dee wäerend engem Marsch vu Banditten iwwerfall gëtt, dovu gëtt een nëmmen indirekt eppes gewuer, nodréiglech via d'Erzielung vun deenen, déi den Ugrëff materlieft hunn.

De Glauser interesséiert sech haaptsächlech fir d'Liewen an der Garnisoun a fir all déi Männer, déi do aus ganz Europa zesumme komm sinn. Däitscher, Éisträicher, Russen, Tierken, asw. Veterane vum Éischte Weltkrich, Männer, déi sech u gescheiterte Revolutioune bedeelegt haten oder vun erfollegräiche Revolutioune verdriwwe gi waren, also net zu de Gewënner gezielt hunn. Zerstéiert Existenzen, déi doheem Verbriechen ze veräntwerten haten oder eng onglécklech Léift wollten hannert sech loossen.

Si all goufe vun der franséischer Arméi empfaangen, wa se bereet waren, Frankräich trei ze déngen a couragéiert ze kämpfen. Fir si hat d'Hoffnung doranner bestanen, kënnen ze vergiessen a sech am Anonymat vun der Friemelegioun eng nei Existenz opzebauen...

''Siehst du, ich habe bemerkt, daß wir hier viele sind, die von solchen Erinnerungen verfolgt werden'', seet de Koribout, een Offizéier aus Béimen.

"Tage, ja Wochen sind die Leute ruhig, und plötzlich werden sie traurig, wissen nicht mehr, was sie mit sich anfangen sollen, laufen gereizt herum, bis endlich an einem Abend sich alles entlädt. Wie ein Abzess, der aufplatzt und viel schmutzigen Eiter enthält...''

Langweileg Routine

De Glauser beschreift déi langweileg Routine an der Garnisoun, ënnert anerem d'Übunge mat de Waffen, där hire Fonktionnement reegelméisseg wéi e Gebiet erofgeleiert gëtt:

''La mitrailleuse Hotchkiss est une arme automatique fonctionnant par l'échappement de gaz.''

Fir déi eng bitt dës Routine eng Zort Schutz, wéi am Fall vum Zaldot Todd :

''Er war zufrieden, daß keine Entschlüsse mehr von ihm verlangt wurden, daß der Tag in einer vorgeschriebenen Art gelebt werden konnte, mit Sattelaufschnallen, Reiten, Wasserholen, Marschieren, Zeltaufbauen und Schlafen. Wenn die Erinnerungen quälend wurden, gab es am Abend den Wein, der kein Genußmittel war, sondern eine saure Notwendigkeit : der Müdigkeit nimmt er das Peinigende, gibt der leeren Gegenwart einen Inhalt und dem Körper, der nicht mehr weiß, was Lust ist, eine seltsame Art Wohlbehagen.''

Anerer hunn ënnert der Routine gelidden, wéi de Lös, den Haaptpersonnage vum Roman, den Alter ego vum Friedrich Glauser. E ganz sensibelen Typ, deen, am Géigesaz zu aneren, méi einfach gestrécktenen Zaldoten, keng richteg Befriddegung am Militärbordel konnt fannen, a fir deen déi eigentlech verbuede Relatioun zu enger jonker arabescher Fra am Duerf deen eenzege Liichtbléck am tristen Alldag war :

''Lös sah Zeno deutlich vor sich und verband mit ihrer Gestalt viel Tröstliches. Es war gut zu wissen, daß man außerhalb dieses Posten, der doch eigentlich ein Gefängnis war mit seiner dreifachen Reihe Stacheldraht und dem Wächter am Tor, einen Menschen besaß, dem man vertrauen konnte, der vor allem das Land kannte, dessen Beziehungen eine Flucht erleichtern würden.''

De Glauser weist d'Friemelegioun, wéi se war

D'Friemelegioun gëtt, ënnert der Fieder vum Friedrich Glauser, alles anescht ewéi idealiséiert. Hien devoiléiert déi sëlleg Magouillen, mat deenen ee sech nieft dem niddrege Söldnerloun e puer Sue kann dobäi verdéngen, net siele mat der Komplizitéit vu Virgesetzten.

Dacks sinn d'Bezéiungen tëschent de Männer vu Gewalt gepräägt, vu Rivalitéiten, vun Haass, vu Rassismus. Jidderee kämpft ëm d'Gonscht vu Cheffen, fir an der Hierarchie kënnen ze klammen. Et entsti Clanen. Verschidden Offizéier notzen dat aus, fir hir kleng Muecht auszebauen. Ee Leutnant Mauriot wierkt ridikül mat senge getalkten Tennisschlappen. Anerer maachen Angscht. Vum Adjutant Farny weess een, datt dee vun den Zaldoten, déi ëm als perséinlech Aiden zur Säit stinn, sexuell Faveure verlaangt.

Homosexualitéit ass iwwregens am Roman keen Tabu. De Glauser weist, datt et an der Legioun och kee war. Fir net wéineger war et d'Méiglechkeet, fir dem erdréckenden Elengsinn z'entkommen.

D'Thema vun der Erënnerung

Aner Héichgradéierter bréngen hiren Ënnergeuerdnete Sympahie entgéint, wéi de Chabert, de relativ coulante Kommandant vun der Garnisoun, deen de Männer an der stëbseger an erstéckender Hëtzt d'Liewen net onnëtz schwéier wëll maachen.

Heiansdo entsteet esouguer eng Frëndschaft. Den Ënneroffizéier Lös an de Leutnant Lartigue gehéieren alle béid zur ''intellektueller Aristokratie'', wéi et am Roman heescht, zu deem Grapp voll Zaldoten also, déi sech e bësse méi Gedanke maachen, alt emol Gedichter zitéiere kënnen an allgemeng eppes fir Literatur iwwreg hunn :

''Lös rauchte schweigend. Er erwartete die fällige Anspielung auf sein Liebesverhältnis. Aber Leutnant Lartigue war zu sehr mit literarischen Angelegenheiten beschäftigt.

" Daß doch Proust tot ist ! " Er schüttelte sein klobiges Haupt, strich sich durch die Haare, daß sie unordentlich aufstanden. " Es hat mich traurig gemacht, daß ich die ganz vorige Nacht nicht habe schlafen können. Wer wird uns nun helfen, in die Unordnung und das Dunkel in uns ein wenig Licht zu bringen ?''

D'Uspillung un de Marcel Proust verweist op d'Thema vun der Erënnerung, dat a ''Gourrama'' omnipräsent ass. Biller aus der Vergaangenheet, déi een op eemol virun Aen huet, an am léifste wéilt verdrängen... Mee d'Männer schéngen an hirer Vergaangenheet gefaangen ze si wéi am Garnisounsposten. Déi erhofften Erléisung fannen si net.

''Aber Cafard ist ansteckend... Ansteckender als beispielsweise Typhus - gegen den es immerhin einen Impfstoff gibt. Wie also, wenn der Cafard eine ganze Compagnie ergreift ?

Was gibt es dann ?

Revolte ! Aufruhr !...''

"Habe in der Fremdenlegioun einiges abgebüsst"

D'Legioun huet de Friedrich Glauser ëmmer erëm a sengem Schreiwen thematiséiert. Zum Beispiel a sengem Wachtmeister Studer-Roman ''Fieberkurve'' oder a sëllege Kuerzgeschichten ewéi ''Kif'', aus där den Auteur selwer hei virliest :

Glauser liest aus "Kif"

(KIF (Ausschnitt), gelesen von Friedrich Glauser, im Studio der Radiogesellschaft Basel (18.11.1937), Christoph Merian Verlag (Basel), SRF (Zürich), Radiogesellschaft Basel, 1937)

''Ich weiss wohl, dass ich viel gefehlt habe, willkürlich und unwillkürlich, dass einige, die mir Gutes wollten, durch mich gelitten haben und dass ich undankbar war, oft,'' huet de Glauser 1925 geschriwwen.

''Doch ich glaube, dass ich in den zwei Jahren Fremdenlegion einiges abgebüsst habe. Die Frage jedoch bleibt bestehen, wer die Waage hält der Fehler und der nachfolgenden Leiden, und uns ist es unmöglich, das endliche Gleichgewicht, das wohl am Lebensende sich einstellen sollte, vorauszusehen.''

An der Mediathéik:

Een Theema, e Buch / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Cognetti Montagne.JPG
Een Theema, e Buch

An eiser Serie iwwer Abenteuerliteratur geet et dës Kéier an d'Bierger. Mat sengem Roman "Le otto montagne" war dem italieenesche Schrëftsteller Paolo Cognetti 2016 en internationale Bestseller gelongen.

A. Kent
Een Theema, e Buch

Vill Klassiker vun der Abenteuerliteratur gëllt et iwwerhaapt emol ze entdecken. Dem brittesche Schrëftsteller Alexander Kent seng Bolitho-Saga gräift déi gutt al Geschichte vum Mier op.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen