Och scho viru senger Pensioun war hien dem radio 100komma7 verbonnen: ee groussen Highlight war déi gemeinsam Organisatioun vum Concours fir Chéier "Let the Peolpes Sing" 2013 zu Lëtzebuerg an der Philharmonie. E reegelméissegen Austausch ass och iwwer d'European Broadcasting Union (EBU) entstanen. Tëschent 2010 an 2015 war hien de Präsident vun der EBU Music Goup, wou hie sech ënnert anerem fir den digitalen Developpement an d'Collaboratioun mat de groussen Operenhaiser, Concertssäll an Orchesteren agesat huet.
Studéiert huet den Dr. Friedrich Spangemacher Musekswëssenschaft, Philosophie, Germanistik a Filmmusek zu Köln an zu Berlin. Säin akademesche Wee huet hie mat enger Dissertatioun iwwer de Luigi Nono ofgeschloss.
Seng Karriär am Radio huet 1988 beim Saarländesche Rundfunk ugefaangen, wou hie bis zu senger Pensioun 2015 bliwwen ass.
Tënschent 1991 an 1999 war de Friedrich Spangemacher den Directeur Artistique vum SR-Festival "Musik im 20. Jahrhundert". Tëschent 1995 an 2001 war hien de President vum Landesmusikverband Saar e.V an 2014 gouf hien zum Präsident vum "Förderverein der Musikschule der Landeshauptstadt Saarbrücken" gewielt.
De Friedrich Spangemacher bleift eis als immens frëndlechen, sympatheschen a passionéierte Mënsch an Erënnerung.