Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ''frEsch''e Wand fir déi Escher Kultur?

Esch2022

''frEsch''e Wand fir déi Escher Kultur?

Wärend och zu Esch dat kulturellt Liewe lues a lues aus dem Confinement eraus kënnt, sollen dräi nei Institutiounen an eng asbl. d'Minett-Metropol an Zukunft beräicheren - iwwer d'Kulturhaaptstad eraus.

auto_stories

3 min

Scho fir November dëst Joer kéint de Projet "Bâtiment IV" op den Industriebroochen Esch-Schëffleng seng Dieren opmaachen. Gebai an Areal, déi zesummen 8.000 Quadratmeter ëmfaassen, gi vum Proprietär ArcelorMittal elo mol fir dräi Joer zur Verfügung gestallt.

D'Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an Esch2022 steieren all Kéiers 200.000 Euro bäi, fir datt sozial Innovatioun a kulturell Kreatioun op deem "lieu de rencontre" kënnen eng Plaz kréien. Een Drëttel vum Raum gëtt da fir permanent Residente reservéiert, erkläert den Escher Kulturschäffe Pim Knaff:

"Viraussiichtlech sinn et d'Projete vu Hariko, der Croix Rouge, vun Independant Little Lies, dem Service national de la jeunesse an Transition minett (Center for ecological learning). Et soll awer och eng Plaz gi fir aner Associatiounen an Institutioune vun Esch, déi potentiell Raum fir Kreatioun brauchen."

Connectiounen tëschent den dräi Institutiounen

Op enger virtueller Presentatioun en Donneschdeg goufen zwou weider Institutioune virgestallt, déi dat kulturellt Liewe wärend dem Joer vun der Kulturhaaptstad Esch 2022 an doriwwer eraus solle beräicheren.

Sou wëllt d'Stad Esch den "Espace Lavandier" um Boulevard Prince Henri opkafen, fir dorausser en Zenter fir zäitgenëssesch Konscht ze maachen. En drëtten, scho méi laang bekannte Projet, ass d'Kënschtler-Residence "Bridderhaus", an der Léon Metz Strooss. "Et gëtt Connectiounen tëschent all dësen dräi kulturelle Plazen. An et ass op dëse Connectiounen, op déi eis ganz Kultur-Strategie berout", sou de Pim Knaff.

Nei asbl. fir déi Escher Kultur

Déi kënschtleresch Leedung souwuel vum Bridderhaus wéi och vum Zenter fir zäitgenëssesch Konscht iwwerhëlt de Christian Mosar, bis viru Kuerzem Directeur artistique vun Esch2022. Elo schafft hie fir déi nei gegrënnte "frEsch" asbl.

"frEsch" soll déi administrativ Gestioun vu verschiddene Volete vun der Escher Kulturpolitik vereinfachen, ënner anerem de Finanzement. Wärend dem Joer vun der Kulturhaaptstad soll se verschiddene Konschtprojeten, déi elo net offiziell zeréckbehale goufen, eng Visibilitéit ginn.

Et géif net drëms goen, d'Organisatioun vun Esch2022 iwwer dee Wee ze kontrolléieren oder eng Konkurrenz duerzestellen, verséchert den DP-Schäffe Pim Knaff:

"Ech mengen, dat ass komplementar zu Esch2022. Et ass e Kulturprojet, deen iwwer e Joer, oder zéng Méint soll goen. 'frEsch' geet wäit doriwwer eraus. D'asbl. soll den Heritage vun Esch2022 assuréieren a kucken, datt d'Acquisen sech weider zu Esch erëm spigelen."

Fall Mosar? Rien à signaler

Fir vill Diskussiounen huet jo gesuergt, datt de Christian Mosar d'Organisatioun vun Esch2022 verlooss huet. Gouf et Sträit? A wa jo, firwat? Iwwer déi genee Ëmstänn wäert et keng offiziell Erklärung ginn. Dozou den Escher Kulturpolitiker Pim Knaff:

"De manière transactionnelle ass decidéiert ginn, datt iwwer de Contenu, d'Grënn vun där Transaktioun net géif kommunikéiert ginn. Dat heescht, am géigesäitegen Einverständnis vun all de Parteien ass decidéiert ginn, contractuel, fir Stillschweigen ze halen."

Et wéilt een elo e positive Message ofginn, no vir kucken - fir d'Vergaangenheet géif een sech net interesséieren.