Berlinale70 FREM vun der Viera Cakanyova

D'Slowakin Viera Cakanyova huet mat "FREM" en héich ambitionéierten Debutfilm an der Sektioun Forum vun der Berlinale virgeluecht: et geet ëm kënschtlech Intelligenz, ëm de Klimawandel an d'Zukunft vun eis Mënschen. Eis Korrespondentin Sarah Pepin huet d'Realisatrice zu Berlin getraff.

Sarah Pepin / cbi

FREM

Schonn den Titel "FREM" weist op dat hin, wat den Zuschauer bei dësem ongewéinleche Film erwaart. D'Realisatrice Vera Cakanyova wollt eng zoufälleg Kombinatioun vu Buschtawen, ma huet wéineg spéider Associatioune fir d'Wuert fonnt, déi gutt passen. Dat éischt Schëff, wat mam Roald Asmussen u Bord am Joer 1910 un de Südpol an d'Antarktis gefuer ass, huet Fram geheescht. A "Frem " heescht am alen Englesch och "foreign", also friem, onbekannt.

An ëm e Gefill vun Alienatioun geet et och gewëssermoossen. Den experimentelle Film "Frem" huet dat héich ambitionéiert Zil, net anthropozentresch ze sinn, dat heescht de Mënsch u sech net an de Mëttelpunkt ze stellen.

D'Kamera hëlt d'Positioun vun enger kënschtlecher Intelligenz an, enger net-mënschlecher Entitéit, déi als Drone iwwert déi wonnerschéin an onbewunnte Landschaft vu King George Island an der Antarktis schwieft. Eng primordial Landschaft, déi akut vum Klimawandel bedreet ass.

Schwiereg Konditiounen

Iwwer d'Schwieregkeet esou e Film ze maache seet d'Viera Cakanyova, datt eng grouss Erausfuerderung war e Film ze maachen, wou d'Biller, de Sound an d'Cinematographie sou funktionéieren, datt se en net-mënschleche Charakter zustane bréngen. "Mir als Mënschen hunn nämlech d'Tendenz z'anthropomorphiséieren an eis mat Charakteren z'Identifizéieren an eis Iddien oder Gefiller op d'Saachen ze projezéieren."

Dobäi koumen d'Ëmstänn vum Dréi: déi waren nämlech duerch d'extrem Konditiounen an der Antarktis alles anescht ewéi einfach,seet d'Vyera Cakanyova:

"Well mer eng verloosse Plaz gebraucht hu ware mer an engem metallene Schëffscontainer, e Refuge fir Wëssenschaftler, wa se am Terrain schaffen. Dee war awer natierlech guer net fir e Filmdréi equipéiert. Et war näischt do. Et war am Fong e Survival-Trip combinéiert mat engem sophistiquéierte Filmdréi iwwer kënschtlech Intelligenz - vu Leit gemaach, déi ënner extreme Konditioune gelieft hunn."

Ee Film, deen eis Zäit dréngend brauch

D'Realisatrice schwätzt am Gespréich dovunner, datt kënschtlech Intelligenz nei Formen a e Liewen unhëlt, déi mir elo schonn als Mënschen net méi ganz kennen novollzéien - a mer eis gläichzäiteg duerch de Klimawandel selwer zerstéieren. D'Viera Cakanyova huet Hoffnung, och wann et net einfach ass, nodeems si sechs Wochen an der Antarktis verbruecht huet an d'Effekter vum Klimawandel vun no gesinn huet.

Et kann een hire Film "Frem" als e onsentimentale Film iwwer d'Zukunft vun eis Mënsche liesen, als gelongent Konschtwierk a gläichzäiteg als ëmweltpoliteschen Akt . D'Vyera Cakanyova liwwert domat dat, wat eis Zäit sou dréngend braucht.

An der Mediathéik:

Kultur / / Sarah Pepin
Lauschteren

Méi zum Thema

My Salinger Year Filmkritik
Berlinale70

D'Berlinale gëtt traditionell mat engem Ouverturesfilm lancéiert, deen ausser Kompetitioun gewise gëtt. Dëst Joer ass dat "My Salinger Year". Den Tom Dockal ass op der Plaz an huet de Film gesinn.

Tom Dockal
Berlinale70

Gëschter Owend war déi offiziell Ouverture vun der 70. Editioun vun der Berlinale. Den Tom Dockal huet sech no den éischte Stonne vum Filmfestival eragemellt an huet seng éischt Andréck vermëttelt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen