Radioen

On air

De Moien  |  De Läb - Happy Hippokrit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frédérique Deghelt - Libertango

Buchkritik

Frédérique Deghelt - Libertango

"C'est du tango. Chez moi, en Argentine, on dit que le tango est une pensée triste qui se danse", seet den Astor Piazzolla dem jonke Luis Nilta-Bergo um Bord vun der Seine ze Paräis. Eng Renconter, déi dem jonke Mann säi Liewe verännert. An enger fiktiver Geschicht geléngt et der franséischer Schrëftstellerin Frédérique Deghelt den Effet vun der Musek op de Mënsch iwwerzeegend duerzeleeën.

auto_stories

2 min

Mëtt der 1950er Joren trëppelt den 20-järegen Luis duerch Paräis. Hien ass immens onglécklech. Opgewuess an enger Famill, déi hien ni acceptéiert huet, déi seng kierperlech Behënnerung just als Laascht an Schimmt erlieft huet, an him dat och ze spiere ginn huet. Et ass just déi méi jonk Schwëster, déi him eng Duussheet an e Versteesdemech entgéint bréngt.

2015, de Luis ass an der Tëschenzäit 80 Joer al, a gëtt vun enger Journalistin kontaktéiert fir seng Liewensgeschicht ze erzielen. Hien ass an der Tëschenzäit en erfollegräichen Dirigent, an dëse Liewenslaf huet hien der Renconter mam Astor Piazzolla ze verdanken. Et war deem säi Bandoneon, deen hien deemools héieren huet, an et war den Astor Piazzolla, deen him d'Ae fir seng Méiglechkeeten opgemaach huet.

En déifgrënnege Roman

D'Frédérique Deghelt benotzt hei eng fiktiv Renconter tëschent enger reeller an enger erfonnter Perséinlechkeet, fir op d'Kraaft vun der Musek opmierksam ze maachen. Mee dëse Roman ass nach vill méi.

Nieft de sëllege Libeserklärungen u klassesch Musek, sinn et dem Luis seng Erliefnesser als Mënsch mat enger Behënnerung an enger Welt, déi net esou friddlech a harmonesch ass, wéi se no baussen heiansdo schéngt.

An da sinn dem Luis seng vill Reflexiounen iwwer d'Liewen, iwwer d'Politik, iwwer d'Relioun, iwwer d'Mënschen an hier Bezéiungen, an dem Luis seng Ausenanersetzung mat sech selwer: "Je venais de me rencontrer", erënnert sech de Luis, deen awer och als ale Mann sech net gären u seng Kandheet erënnert, ausser un déi Momenter, wou en mam Ouer um Radio gepecht huet fir Ravel, Rachmaninov a Chopin ze lauschteren.

Een empathesche Roman

De Roman ass an zwee Volete geschriwwen, engersäits ass et d'Interviewform, dann awer laang Episoden, wou de Luis senge Gedanken an Erënnerunge fräie Laf léist, op alle Fall eng uspriechend Form fir seng Liewensetappen mat ze erliewen.

Der Frédérique Deghelt geléngt hei an dëser Erfollegsgeschicht keng Sekonn vu Kitsch opkommen ze loossen. De Luis ass net den aarme Jong, deen op eemol alles erreecht, an si rechent mat dem bekannte Sproch "Dat wat dech net ëmbréngt, dat mécht dech staark" fatzeg of. Wonnen, déi engem zougefüügt goufen, déi verheelen net einfach esou, an de Luis kann dovu schwätzen, ouni an d'Lamentéieren ze verfalen.

"Libertango" ass en immens empathesche Roman, deen de Lieser an d'Welt vun der Musek mathëlt, e Bléck hanner d'Kulissen erlaabt, an dem Sujet vun der Stigmatiséierung mat ganz vill Intelligenz a Sensibilitéit begéint.