Radioen

On air

De Moien  |  Andréck vun engem virwëtzege Reesenden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Florent Grouazel, Younn Locard: Révolution I. Liberté

Gezeechent

Florent Grouazel, Younn Locard: Révolution I. Liberté

Obschonn dës BD schonn 2019 erauskoum, ass se der Wäert entdeckt ze ginn. Dëst Joer krut se nämlech zu Angoulême de Präis fir déi bescht BD. Et ass den éischten Deel vun enger Trilogie iwwer déi Franséisch Revolutioun a spillt am Joer 1789.

auto_stories

2 min

"Liberté" ass deen éischten Deel vun enger BD-Trilogie iwwer d'Franséisch Revolutioun. E befaasst sech mat e puer Méint aus dem Joer 1789. Grouazel & Locard erzielen d'Geschicht mat Hëllef vu enger Rëtsch Figuren, zum Deel reell, zum Deel erfonnt.

Dozou zielt zum Beispill e bretoneschen Deputéierte vum Tiers état, e Journalist, deen zum Ancien Régime hält, an eng jonk Fra an e Meedchen, déi zu den äermsten Awunner vu Paräis gehéieren.

En Iwwerbléck iwwer d'Gesellschaft

Andeems se de Wee vun dëse ganz ënnerschiddleche Personnagë verfollegt, entwërft d'BD e breede Gesellschaftspanorama. Et léiert ee souwuel geographesch wéi sozial ganz verschidde Facette vu Paräis 1789 kennen.

Et geléngt "Liberté" d'Atmosphär vu verschiddene Plaze gutt anzefänken, wat net zulescht un den detailléierten Zeechnunge läit, deenen een ugesäit, datt vill Recherche dohannert stécht. Esou huet een dacks d'Gefill, matten an der Geschicht ze sinn.

Et brauch ee Virwëssen

D'Buch ass an eelef Kapitelen opgedeelt; am Ufank steet ëmmer e kuerzen Text, duerno gëtt et awer keen Erzielerkommentar méi, deen eppes erkläre géif. Dat féiert dozou, datt d'BD eng Portioun Virwësse viraussetzt ass an ee sech liicht verléiert.

Mee dat Gefill vu verluer si gehéiert och vläicht dozou. Et gëtt vill Massenzeenen, wou Figure sech vun iergendeppes matrappe loossen oder tëschent d'Fronte geroden. Hei gesäit een, wéi chaotesch et zougeet an där Revolutioun, a wéi eng Roll den Zoufall spillt.

Et lount sech awer

D'BD ass ganz blatzeg koloréiert, wéi wann eng historesch Patina drop leie géif. Et ginn haaptsächlech Blo- a Routtéin genotzt, esou datt een am Zesummespill mat de Schwaarzwäiss-Tuschzeechnunge menge kéint, alles wier an de Faarwe vun der Tricolore gehalen, ouni datt engem dat op d'A gedréckt gëtt.

"Révolution, I. Liberté" ass, wéinst dem historesche Wëssen, dat ee matbrénge muss, eng BD mat gewëssem Usproch, mee et lount sech wéinst der dichter Atmosphär an de ville Perspektiven op d'Revolutioun, déi een hei gewise kritt.