De Leshka (Vladimir Onokhov) lieft an engem russeschen Duerf bei der Beringsstrooss, vis-à-vis vun Alaska, dat vum Walfank lieft. De jonke Mann verléift sech enges Daags an eng Fra, déi en op engem amerikanesche Sexcam-Site entdeckt huet. Dat ass natierlech eng agreabel Oflenkung vu senger penibeler Aarbecht.
Mee ëmmer méi steigert hie sech a seng Obsessioun fir déi blond Schéinheet eran. Wéinst enger am Affekt begaangen Dot ass de Leshka gezwonge fir ze flüchten. A wann e scho fort muss, firwat net och bei seng grouss Léift op Detroit...
Internet-Illusiounen
''The Whaler Boy'' thematiséiert de sexuelle Misär vu jonke Männer an engem isoléierten Eck vun der Welt - net isoléiert genuch, fir vun den Illusioune vum World Wide Web verschount ze bleiwen.
De russesche Realisateur Philipp Yuryev weist a sengem éischte Long métrage, wéi dat knallhaart digitaalt Geschäft d'Emotioune vun den Internetnotzer exploitéiert. De Frust, deen doduerch entsteet, kann heiansdo zu extremen Handlunge féieren.
E Gefill vu Fräiheet
De Film setzt allerdéngs net op eng däischter, implacabel a manicheistesch Denonciatioun. ''The Whaler Boy'' geet éischter de Wee vun der Komedie, wat ëm eng gewësse Liichtegkeet a Poesie gëtt.
Trotz den haarde Liewensbedingunge kréie mer Mënsche gewisen, déi dat bescht dorausser maachen. Esou kann en Tierchen um Moto mam beschte Kolleeg an enger spektakulärer Landschaft e reellt Gefill vu Fräiheet vermëttelen, a sief et och nëmme fir e kuerze Moment.