Radioen

On air

Simon Says  |  Bakar - Hell N Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir ëmmer Aarbechterkand

Eva Müller, Scheiblettenkind

Fir ëmmer Aarbechterkand

An hirer Graphic Novel "Scheiblettenkind" erzielt d'Eva Müller vum Opwuessen an enger däitscher Aarbechterfamill a dovun, wéi Klassementalitéit a sozial Ënnerscheeder d'Heldin hiert ganzt Liewe laang begleeden a beschäftegen - eng Entdeckung!

auto_stories

6 min

No ville klengen Indie-Publikatiounen huet d'Eva Müller eng éischt Graphic Novel an engem grousse Verlag verëffentlecht. Bei Suhrkamp ass hiert Buch "Scheiblettenkind" erauskomm. Den Titel verweist op ee vun den Nimm, mat deenen d'Heldin als Kand an der Schoul vernannt gouf, well si aus enger aarmer Famill kënnt, déi sech ebe just de bëllegste Kéis, de "Scheiblättenkäse", leeschte konnt.

Dës Heldin, déi am Buch kee Numm huet, kann ee bis zu engem gewësse Grad mat der Auteurin gläichsetzen. D'Eva Müller erkläert an engem Virwuert, datt hir Graphic Novel eng autofiktional ass, déi hir perséinlech Geschicht an Erliefnisser aus hirem eegene Liewe verschafft, mee dat mat erfonnten Elementer verbënnt.

Vu Leit, déi si kennt, wëll d'Zeechnerin net direkt erzielen an dofir huet si och keng klassesch autobiographesch Graphic Novel geschaf. Wat si erschaf huet ass eng Coming-of-Age-Geschicht mat engem staarke Fokus op sozial Klass. Wéi den Titel "Scheiblettenkind" weist, ass bei der Protagonistin eppes hänkebliwwen aus der Schoulzäit, ass hir Identitéit scho vun der Kandheet un op hir sozial Hierkonft festgeluecht.

Déi sozial Verschlechterung virun Aen

D'Eva Müller erzielt vum Opwuessen an enger klenger Stad am Weste vun Däitschland - net esouwäit ewech vu Lëtzebuerg, wou och eng Zeen spillt -, an enger Famill, wou d'Grousselteren nach Bauere waren an d'Elteren an der Fabrick geschafft hunn. D'Geschicht spillt gréisstendeels an de Nonzeger, wou d'Wirtschaftswunder definitiv eriwwer ass an de Chômage an Däitschland klëmmt. D'Angscht, datt d'Elteren hir Aarbecht verléieren, ass eppes, wat d'Heldin vu klengem u begleet a bei hir zu enger Obsessioun mat Sue verdénge féiert. Als Teenagerin dréit si Zeitungen aus oder schafft an der Buvette vun der Piscine, einfach well si ëmmer déi sozial Verschlechterung vun der Famill virun Aen huet.

D'Ausgrenzung an der Schoul, déi den Titel undeit, ass och e wichtegt Theema. D'Protagonistin gehéiert ni zu de Coolen an der Klass, well si bëlleg Kleeder unhuet oder duerch d'Aarbecht an der Buvette ëmmer no Frittefett richt. Déi eenzeg, mat deene si sech gutt versteet, ass eng Clique vu Punks, mee och hei sinn d'sozial Ënnerschidder net bausse vir. D'Punks kommen all aus gudde Famillen, d'Pappe sinn Dokter oder Affekot, an do léisst et sech natierlech einfach soen, datt een null Bock op Schaffen huet.

D'Muecht vun der Mentalitéit

"Scheiblettenkind" analyséiert ganz präzis d'Mentalitéit vun der Schicht, an déi d'Protagonistin gebuer gëtt, a weist, datt een déi ëmmer mat sech dréit, egal, wou een d'Liewen hi verschléit. Als Teenagerin huet d'Heldin e Frënd aus enger Siidlung, wou déi sougenannt Asozial wunnen, déi, déi vun der Sozialhëllef liewen. Hir Elteren hunn eppes do dergéint an insistéieren, datt ee seng eege Sue verdénge muss an dem Staat net op der Täsch leie soll.

D'Eva Müller beschreift ganz schéin, wéi sech d'Famill no ënnen ofgrenzt, mee och, wéi de Stolz vun der Aarbechterklass zum Hindernis gëtt, wann et drëms geet ze studéieren an de Sprong an d'Mëttelschicht ze packen. Finanziell op eegene Been ze stoen ass fir si méi wichteg wéi sech mat Ënnerstëtzung vum Staat eng Educatioun ze finanzéieren. Hei muss sech d'Protagonistin unhéieren, datt ee seng Plaz kennen a sech net fir eppes Besseres hale soll.

Si studéiert spéider trotzdeem a gëtt zur Zeechnerin, mee eréischt nodeems se laang Joren an enger Fabrick geschafft huet an hiert Talent, esou krit een den Androck, verschwent huet. An esouguer, wa si herno an enger Groussstad an engem Kënschtlermilieu ënnerwee ass, ginn et ëmmer nach Momenter am Alldag, wou der Heldin opfält, datt d'Majoritéit vun hire Frënn aus enger aneren, méi biergerlecher Schicht kommen, a si sech deplacéiert fillt.

De Karl Marx als Hipster

D'Eva Müller notzt en typeschen Indie-Comic-Stil mat Bläistëftzeechnungen, wou d'Linne gäre mol schif sinn an d'Perspektiv geometresch net ganz richteg. Allerdéngs ass net de frechen, graffe Stil, deen ee sech beim Punk-Hannergrond vun hir erwaarde kéint, mee e méi dekorativen, méi fein gezeechenten.

Et gëtt ee grousst Symbol am Buch, dat ass eng Schlaang, déi och um Cover ass an der Heldin hiren Zweiwel u sech selwer representéiert. D'Schlaang taucht als eng Zort visuellt Leitmotiv reegelméisseg op a flüstert der Protagonistin an d'Ouer, datt si dach just e Baueremeedchen, en Aarbechterkand ass, dat näischt do verluer huet, wou et grad ass. Doriwwer geléngt et der Auteurin, d'Geschicht zesummenzehalen an ebe schonn eleng op Niveau vun de Biller ze weisen, datt d'Klassementalitéit, d'sozial Originnen eppes sinn, wat d'Heldin iwwerall begleet a sech all Moment erëm an hiert Bewosstsinn schläiche kann.

Donieft gëtt et, quasi lassgeléist vun der Geschicht, um Enn vun all Kapitel e Portrait vum Karl Marx als modernen Hipster, am Yogastudio oder mam Laptop am Café, dee berüümten Zitater seet, déi an dësem Kontext awer éischter ironesch wierken. Si brénge méi Komik an eng soss oft depriméierend Geschicht, woubäi d'Auteurin ni ganz ouni Humor schafft.

Qualitéiten, déi een net ofstreide kann

Datt "Scheiblettenkind" engem Trend zu méi oder manner autobiographesche Coming-of-Age-Geschichten am Comic follegt, kann een net ofstreiden. Schonn eleng, datt e grousse Verlag wéi Suhrkamp derhannertstécht, wou esou eng Publikatioun viru fënnef bis zéng Joer onvirstellbar gewiescht wier, weist dat. Mee, Trend hin oder hir, d'Qualitéite vum Buch kann ee genausou wéineg ofstreiden.

De Bléck vun der Eva Müller fir sozial Ënnerscheeder ass e ganz nuancéierten, deen ee mat Auteure wéi Didier Eribon oder Edouard Louis vergläiche kann. Et geléngt hir eng iwwerzeegend soziologesch Analys an awer och eng zolidd Graphic Novel, déi eng uspriechend Geschicht erzielt, mat flotte Biller, mat Zeenen, déi ee beréieren, an Zeenen, wou ee schmunzele kann. Esou ass dës Graphic Novel op alle Fall eng Entdeckung.