Radioen

On air

9 bis 1  |  Death Cab For Cutie - Here To Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir de Mao op den Everest

Saint-Malo 2023

Fir de Mao op den Everest

E Chinees huet missten deen éischte Mënsch sinn, deen den Daach vun der Welt - also d'Spëtzt vum Mount Everest - iwwer déi tibeetesch Säit géif erreechen. Dat war d'Ambitioun, Uganks de 1960er Joren, vum kommunistesche Regime ënnert dem Mao Tse-tung. De franséischen Aventurier Cédric Gras erzielt des opwänneg ideologesch Entreprise a sengem Buch "Les Alpinistes de Mao" (Editions Stock).

auto_stories

1 min

Den Interview mam Cédric Grasplay_arrow

Wärend d'USA an d'Sowjetunioun an de 1950er Joren ëm de Weltall konkurréieren, muss d'Volleksrepublik China nach méi kleng Bréidercher baken...

Allerdéngs bleiwen nach sëlleg Prestige-Projeten op der Äerd. De Mount Everest, héchste Punkt vun der Welt, war zwar scho laang bezwongen - mee vun der nepaleesescher, nach net vun der tibeetescher Säit aus.

Land ouni Biergsteiger-Traditioun

Wéi konnt e Land ouni Biergsteiger-Traditioun eng opwänneg Himalaya-Expeditioun op d'Bee stellen? Wéi eng Roll hat dobäi d'Besatzung vum Tibet duerch de kommunistesche Regime vu Peking gespillt? Wie waren des Männer, déi sech a kuerzer Zäit fir de Mao zu Alpiniste konvertéiert hunn?

All dëse Froen ass de Cédric Gras a sengem Buch "Alpinistes de Mao" (Editions Stock) nogaangen, de Pendant vu senger viregter Enquête "Alpinistes de Staline" (Editions Stock, 2020).

De Michel Delage huet Enn Mee um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Cédric Gras geschwat.