Radioen

On air

Espresso Beats  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Peepst komme seelen eleng

The Two Popes vum Fernando Meirelles

Zwee Peepst komme seelen eleng

Den italienesche Realisateur Paolo Sorrentino huet de Poopst-Trend mat senger Serie "The Young Pope" ugefaangen. Du krut de Wim Wenders vum Vatikan d'Commande, eng dokumentaresch Aarbecht iwwer den aktuelle Poopst ze realiséieren. An elo "Two Popes". An enger Filmlandschaft, an där ëmmer nom Sequel, der Suite an dem "méi" gesicht gëtt - also zwee "Popsten". Oder ass et zwee Peepst? Den Tom Dockal huet "The Two Popes" op Netflix gekuckt.

auto_stories

4 min

Bon, an där Logik fiert "The Two Popes" nun awer elo net. Et ass einfach just en Titel. Am Mëttelpunkt vum Film stinn einfach zwee Männer, déi respektiv Poopst sinn. Deen een ass de Joseph Ratzinger, emeritéierte Poopst Benoît de 16., deen zweetem ass de Jorge Bergoglio, de Poopst François. "The Two Popes" erzielt vun der Transitiounsphas un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch an doriwwer eraus.

Den Zeenarist Anthony McCarten - Scribe hanner Filmer wéi "Bohemian Rhapsody", "The Theory of Everything" an "Darkest Hour" - imaginéiert d'Zesummentreffe vun den zwee Geeschtlechen. Eng kuerz Renconter 2005 virun der Konklav an dann 2012. Den Argentinier reest op Roum, fir dem Poopst Benoît seng Resignatioun als Kardinol eegenhänneg ze iwwerreechen. De Poopst acceptéiert d'Schreiwes net wierklech an hält de Reesenden un der laanger Léngt. Dem Benoît dréckt iergendwou de Schong, mee réckt net wierklech mat der Sprooch eraus. Also, datt hie selwer net méi d'Kraaft huet, d'Pontifikat ze assuréieren.

Ganz am Géigendeel kommen déi zwee Männer an zum Deel hëtzeg Diskussiounen iwwer - wuertwiertlech - Gott an d'Welt. De Benoît ass de Stackkonservativen, deen den Dogma vun der kathoulescher Kierch oprecht erhale wëllt. De Bergoglio ass de vermeintleche Reformator, deen d'Kierch, wéi d'Liewen iwwerhaapt, gläichstellt mat enger Suite vu Verännerungen, déi an der Natur vun der Saach stinn.

Op Gespréicher an dëser Aart a Weis wéi an dësem Film verlaf sinn - ob et se iwwerhaapt gouf - dat ass dem Anthony McCarten net esou wichteg. Hie benotzt déi zwee Personnagen a sengem Dréibuch, fir grondsätzlech theologesch, a Kiche-philosophesch Dialogsequenzen unenanerzereien. Am Stephen Hawking Biopic "The Theory of Everything" war dat esou an am Winston Churchill Film "Darkest Hour" och. An deem war z. B. eng kontrovers Zeen - an där den Churchill e Metro geholl huet a virum englesche Plebs e grousse Monolog iwwer d'Necessitéit vum Krich geféiert huet. Eng Situatioun, déi et esou ni gouf.

Reaktionär

Mee genee esou ass "The Two Popes". Just ebe ganz. Mee - wat ënnerscheet dee reaktionäre Geste aus dem Churchill Film mat deem heite Film? Ausser, datt et sech hei net ëm glorifiant Krichspropaganda handelt?

Reaktionär ass nämlech "The Two Popes" och. Reaktionär a senger simplistescher Géintiwwerstellung vun zwee scheinbar diametral géintiwwerstoende Personnagen. Mee et läit wuel un der kasualer Handhabung mat der Matière, déi dann och nach vun engem Duo u Schauspiller locker lässeg prestéiert gëtt. Den Anthony Hopkins - deem zanter laangem eppes aus, wat fir enge Grënn och ëmmer, net komplett egal ze si schéngt - als Benoît, an den Jonathan Pryce als François. Zwee walisesch Schauspiller iwweregens, déi e Bayer an en Argentinier spillen.

An enger Serie vu Face à Facen gi säitelang Dialogzeenen gehandhaabt, wéi wann een e Buddy-Film kuckt, an deem zwee Personnagen sech ufanks net verstinn, fir wärend dem Film openaner zouzegoen. Gespickt mat zum Deel Haarsträubendem, bei deem ee laacht, mee awer ni drun zweiwelt, datt et vläicht alles erstonk en erlunn ass. De François ass Fussball Geck, mee den Benoît kuckt gäre Kommissar Rex. An esou geet et déi ganzen Zäit. Bis datt déi zwee an der sixtinescher Kapell Pizza a Fanta zesumme genéissen.

Net ganz konsequent

Vläicht läit et dorunner, datt de Film versicht op zum Deel däischter Säiten anzegoen. Wéi zum Beispill op dem Bergoglio seng Roll ënner der Militärdiktatur an Argentinien Enn den 1970er. Den Exercice ass ganz luewenswäert, wierklech, mee net ganz konsequent. An zwar net just formell - gëtt de Face à Face mat zum Deel laange Réckblenden ënnerbrach.

D'Mëssbrauchsvirwërf ënner dem Pontifikat vum Benoît ginn am Verglach ganz kuerz thematiséiert an dem Ratzinger seng Vergaangenheet an der Wehrmacht gëtt komplett ignoréiert.

Alles an allem ass "The Two Popes" ganz liichte Kascht, dee sech awer iwwerraschend gutt kucke léisst. Vläicht ass et d'Feierdagsstëmmung, déi dem Film villes - vläicht ze villes entschëllegt.