Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Madonna - Into the Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 6 Underground vum Michael Bay

Filmkritik

6 Underground vum Michael Bay

Am Kino leeft nach ëmmer näischt an am Grousse Kino gouf alles duerchgeknat. Den Tom Dockal ass verzweiwelt an huet de Weekend op Netflix tatsächlech deen neie Michael Bay Film mam Ryan Reynolds ugemaach. Keng Suerg: et ass keen neien Transformers Film.

auto_stories

4 min

Foto: IMDb

Ech erënnere mech, wéi wann et eréischt leschte Weekend gewiescht wier. Fënneft Schouljoer. 11 Joer. An dann déi reegelméisseg Sleep-Over a Pyjamaspartye beim Klassekolleeg am Nopeschduerf. Naja, éischter Filmpartye wärend deene bis spéit an den Owend eran ze vill Cola gedronk gouf a virun allem Filmer gekuckt goufen, déi doheem op der schwaarzer Lëscht stoungen.

Däitsch Versioune vun "The Fifth Element" vum Luc Besson, "Terminator 2: Judgement Day" vum James Cameron a virop natierlech Michael Bay Filmer: "Bad Boys", "The Rock" a ganz nei deemools beim Video Wolter op VHS Kassett - "Armageddon".

Filmer wéi virun 20 Joer

Esouvill zu 20 Joer ale perséinlechen Erënnerungen, déi sech wéi zwee Deeg jonk ufillen. Ech si mir sécher, datt de Michael Bay selwer genee esou Erënnerungen huet. Den eenzegen Ënnerscheed ass just, datt hien dann haut Filmer mécht wéi virun 20 Joer.

"6 Underground" erzielt vu sechs Personnagen, déi vermeintlech am Ënnergrond liewen a vun do aus versichen de Planéit zu enger méi friddlecher Plaz ze maachen. Natierlech ginn an engem Michael Bay Film keng nei ekologesch Alternative presentéiert, déi den zukünftege Klima-Armageddon verhënneren. An engem neie Michael Bay Film gëtt Villes an d'Luucht gesprengt an elo ginn Diktatoren vun engem Drëttweltland Schachmatt gestallt.

Foto: IMDb

Firwat? Well dem Ryan Reynolds säi Personnage dat decidéiert huet. Deen Elon-Musk-Typus-Technologie-Genie huet es enges Daags genuch gehat, huet säi eegenen Doud simuléiert an am Anonymat eng Grupp vu Gläichgesënnten zesummegetrommelt.

En diverst Team

Jiddwereen a jiddwereent huet seng ganz prezis Spezialisatioun. Deen ee fiert gutt, dat anert ass déi gutt Spiounin, en anert nach weess d'Helden nees medezinesch an d'Rei ze bréngen, etc. etc. Mee en fin de jour di si alleguerten einfach immens vill ronderëm schéissen a Saachen an d'Luucht sprengen.

An och wann d'Intentiounen déi beschte sinn, esou resultéieren déi och a "6 Underground" am ëmmer gläiche Bayhem. Gespickt mat där üblecher Mëschung aus Mysoginie, ellene Luxuskarrossen, Ralentien, schrecklecher Musek, Bummbumm, domme Spréch a vill Product placement.

Dem Film säin Dréibuch flitt aus der alleréischter Kéier vun der Strooss an e Bam, well näischt mécht Sënn an et ass einfach just haart. De Ryan Reynolds mécht, wat hien ëmmer mécht an hëlleft de Film e Miniminiminimum auszehalen.

D'Loft ass séier raus

Dem Film geet leider schonn no der total iwwerdriwwener a schassgeckeger Autospoursuiten-Ouverturessequenz komplett d'Loft aus. Kleng cinephil Randnotiz niewebäi: De Payman Maadi, den iranesche Schauspiller, deen een ë. a. aus den Ashgar Farhadi Filmer "A Separation" an "About Elly" kennt, spillt hei elo fir d'zweet fir den Amerikaner Bay.

Foto: IMDb

Mee ignoréiere mir elo mol kuerz d'Politics vun dësem Michael Bay Film. Ok, ganz kuerz just. Amerikanesch Personnagen dréngen an en Drëttland an, fir do mat engem kloer ausgeschwate Coup d'diktatoresch Regierung ze stierzen, fir en Demokrat op d'Spëtzt ze setzen

Datt de CIA déi lescht Joerzéngten ëmmer nees esou a senger Geschicht virgaangen ass, gëtt och net usazweis ugedeit. Den Hurrapatriotismus an dësem, mee iwwerhaapt a Bay Filmer si wierklech Mëttel zum Zweck fir alles an d'Luucht däerfen ze sprengen. Mee net nëmmen: Jingoismus, Fraefeindlechkeet, Slowmotion, Lamborginien an de séiere Montage - vläicht sinn et eescht ze huelend Charakteristike vum Bay'sche Kino.

Alles ästhetesch Decisiounen, déi hien als richtege Kinosauteur kennzeechne sollen. Dee Mann huet an zéng Joer fënnef Transformers Filmer erausgedréckt. Also, wann ee sech, wéi e Geck un de Bengel hält, da wuel hien! Dee wëllt eis dach iergendeppes beweisen.

Akademiker, déi an de 1980er den Cinema of attractions etabléiert hunn - e Kino vum Spektakel, a manner ee vun der Narratioun, deem seng Urspréng iwweregens schonn am fréie Kino festzehale sinn - hätte mam Michael Bay vläicht hir Freed.

Dat mécht zwar Bayhem Filmer, och elo "6 Undergroud", wierklech net besser, ganz am Géigendeel. Mee dat einfach ze ignoréieren, ass keng Optioun. Och net, wann een 20 Joer mi al ginn ass.