Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feminismus ouni Revanchismus

Literatur

Feminismus ouni Revanchismus

E feministesche Manifest wier et net. Ze vill misst iwwer dee Sujet gesot ginn, erkläert den englesch-sproochege Lëtzebuerger Editeur Black Fountain Press a senger Presentatioun vun der Textsammlung "High Five!". Wéi déi fënnef Fangere vun enger Hand, op déi de Buchtitel uspillt, hunn déi fënnef Autorinne Joanna Easter, Larisa Faber, Fabienne Faust, Cecile Somers a Wendy Winn eppes iwwer d'Konditioun vun der Fra - oder besser: vu Fraen - vun haut ze soen.

auto_stories

5 min

Vläicht kommen hei net d'Fraen an all hirer sozialer Diversitéit ze Wuert - vertrueden ass virun allem den Enseignement an d'Kommunikatiounsbranche. Mee op d'mannst gräifen hei verschidde Generatioune vu Fraen zur Fieder, an all hu si e Lien mat Lëtzebuerg.

Iwwer Gedichter oder Kuerzgeschichte kommen déi fënnef verschidde Bléckwénkelen a Liewenserfarungen zum Ausdrock.

Empathesche Bléck op d'Männer

Ugefaange mat engem räife Bléck, deen zum Beispill d'Poesie vun der Amerikanerin Wendy Winn präägt. Déi ënner dem Titel ''thicker than water'' zesummegefaassten Texter loossen ënner anerem eng Mamm ze Wuert kommen, déi sech freet, wéi si hirem onséchere 15-järege Bouf kéint hëllefen, méi selbstbewosst ze ginn.

An deenen Texter fält allgemeng op, datt d'Figur vum Papp nawell dacks evoquéiert gëtt, mat Nostalgie, mat Léift, woubäi d'Mamm vum weibleche lyreschen Ech éischter am Hannergrond bleift. D'Gedicht mam Titel ''Guys in Garages Working on Cars'' freet sech, wat dat fir eng Relatioun ass, dës quasi reliéis Bezéiung, déi Männer mat hirem Auto verbënnt. An och do keng Ironie, keen Erofkucken, mee Empathie, dat heescht den éierleche Wëlle fir ze verstoen.

Maybe they are mystics, meditating,

And have foregone the cave in India

For the comfort of their own garage,

where barricades of coolers, bikes and boxes

preserve their holy peace.

I could ask them, I guess, what they're doing,

but it seems intrusive... rude...

Der Wendy Winn hir Gedichter kommen erfrëschend einfach eriwwer a soen dach vill aus - ganz an der amerikanescher Traditioun.

Selbstbewosst Sexualitéit

Op eng Pappefigur gëtt sech an den Texter vun der gebierteger Hollännerin Cecile Somers, Joergang 1963, net bezunn. Hir Gedichter, ënner dem Titel ''Dr. Alzheimer's Jukebox or The Randomness of Forgotten Thoughts'' sinn esouwuel stilistesch wéi och inhaltlech ganz anescht wéi déi vun der Wendy Winn.

An enger méi sophistiquéierter, witzeg-labberer, selbstbewosster Sprooch gëtt d'Theema vun der Sexualitéit behandelt.

'He wiped his cock on the curtains,' the ambassador's wife said

of the then minister of foreign affairs.

How did she know ?

Op enger anerer Plaz daucht de Lieser an d'Gedanke vun enger Fra an, déi am Zuch engem Gespréich vu jonke Männer nolauschtert a sech freet, wéi dat ass, datt um Internet gäre Pornofilmer mat räife Frae gekuckt ginn, mee Männer am wierkleche Liewen net un esou eppes interesséiert sinn.

E Kand kréien oder ofdreiwen?

''stark bollock naked'', absolut plakeg: dat ass den Titel vun der Larisa Faber hirer Kuerzgeschicht. Déi Lëtzebuerger Actrice ass däitlech méi jonk, wéi déi aner zwou Autorinnen, befënnt sech an enger anerer Liewensphas. Hir Erzielerin, ufanks 30, freet sech: e Kand kréien oder net?, wärend am Hannerkapp déi biologesch Auer tickt.

Déi Obsessioun vun der zäitlecher Contrainte gëtt sproochlech ëmgesat, ënner anerem duerch de rhythmesche Wiessel tëschent Vers- a Prosaform, woubäi och alt emol eng, zwou oder méi Zeilen ausgelooss an duerch e Punkt ersat ginn.

We reach peak fertility in our twenties. You wouldn't believe the number of women walking in here, mid to late thirties, unable to conceive.

.

.

.

I'm 31, and I'm going for my annual smear test.

The gynecologist asks:

Do you want children?

Y

e

s

Hei si mer wäit ewech vun engem spillereschen Ëmgank mat der Sexualitéit. Sex ass eenzeg an eleng de Wee fir schwanger ze ginn. D'Alternativ, virun där d'Fra steet: entweder dem sozialen Drock - deem vun de Frëndinnen oder vun der eegener Migrantefamill, déi ouni Nowuess kéint ausstierwen - noginn; oder awer ofdreiwen an ee selbstbestëmmt Liewe féieren. Déi jonk Fra fillt sech ausgeliwwert, wéi eng Schauspillerin, déi plakeg op der Bün misst stoen.

Den autobiographeschen Usaz ass hei evident: déi a Rumänie gebuere Larisa Faber hat virun enger Rei Joren dem Arthur Schnitzler seng Fräulein Else verkierpert, eng Roll, fir déi een - dem Text no - och ''stark bollock naked'' optriede soll ...

Formell Virtuositéit, emotional Distanz

''Journeys'', also Reesen, ass der 40 Joer aler Fabienne Faust hir Serie vu Gedichter iwwerschriwwen. Sproochlech sinn et déi am schwéiersten zougänglech Texter vum Buch ''High Five''. Theeme wéi Léift, Loscht a Verloscht ginn unhand vun enger staark metaphorescher Sprooch behandelt. Bei aller formeller Virtuositéit schaaft dat eng emotional Distanz.

in the brief time of then

they were lovers

then the moon or the heart or haste -

stopped pulling the water towards that place

where their boats lay anchored

their view became concrete

and the cold clock on the parlour wall

started pointing at loss at low tide

at 'damn' and salts

Nuets, mam Auto ënnerwee

Déi jéngsten Autorin aus dem Quintett, Joanna Easter, ass 1996 a Wales gebuer. Ëm d'Erënnerung geet et - fir deen Alter éischter ontypesch - an hirer Kuerzgeschicht ''Driving through my Home Town at night''. Literaresch ass deen Text manner usprochsvoll wéi déi aner véier Bäiträg.

Interessant ass hei nees d'Beschäftegung mat enger méi männlecher Welt, an zwar de Pleséier fir owes mam Auto duerch d'Landschaft respektiv eng Stad ze fueren, woubäi Géigewaart a Vergaangenheet sech kënne superposéieren, dat alles um Rhythmus vum Jazz oder engem Frank Sinatra.

Driving alone in the dark is like stepping out of time. Places blur together, and i lose all sense of how long I have been there, cutting through the night in my little metal box.

Den Interêt vun der gutt honnert Säite laanger Textsammlung ''High Five !'', illustréiert vun der jonker Zeechnerin Louise Gras, läit grad an hirer Diversitéit. D'Publikatioun steet wéi gesot ënner dem Zeeche vu feministesche Bléckwénkelen, déi awer all revanchisteschem Antagonismus aus dem Wee ginn.