Theater Facéties am Escher Theater

"Facéties" heescht déi nei Choreographie vun de Bridder Christian et François Ben Aïm. Mat enger Referenz un de Stommfilm suerge sechs Akrobaten an Dänzer fir eng burlesk Ausernanersetzung mat klengen a grousse Momenter aus dem Liewen.

Valerija Berdi / tt

Escher Theater Facéties
Foto: Patrick Berger

Et war hiren éischten Optrëtt mat dëser Choreographie virum grousse Public. Un der Presentatioun vu Facéties am Escher Theater hunn d'Bridder Christian a François Ben-Aïm zwee Joer geschafft. Den Danz huet sech am Laf vun de Prouwe weiderentwéckelt, mee deen säin Ufank laang virum Corona a Confinementer erlieft huet an dach esou wonnerbar an des Zäit passt.

Stommfilm als Inspiratioun

Dat Absurd, dat Komescht an dat Tragescht als Danz duerstellen - wéi dat geet, dat hunn déi sechs Interpreten, déi aus dem Danz an aus der Akrobatik komme ganz gekonnt op der Bün gewisen.

Déi grouss Heldinnen a Helden aus dem Stommfilm sinn hei d'Virbiller, mee dës Choreographie geet natierlech wäit iwwer de Slapstick eraus.

E Spill vu klassescher a moderner Musek, gescheiter Beliichtung an enger Onendlechkeet an der virtuoser Beweegung loosse keng Sekonn Langweil zou.

Et ass en Danz voll vu groteske Mouvementer, Kierperverrénkungen a Haltungen, déi an hirer Absurditéit mol u gebrache Mënschen, mol u blesséiert Villercher erënneren. E raffinéiert Zesummespill, ganz lass geléist a liicht, dat a senge Kontraster och seng Stäerkt weist.

Onermiddlech impulsiv

Déi permanent Extremen tëschent vereenzelte Soloen an der ganzer Ekipp, tëschent synchrone, spigelbildlechen a permanente abrupte Changementer vum Partner, vun der Richtung, vum Zesummendanz huelen d'Bün absolut an hire Besetz.

An trotz der onermiddlecher witzeger Impulsitéit, si Momenter vu Rou, vun Trauer an Elengsinn dran.

An de Schluss ass da keen, oder et weess een et net, op emol stinn d'Kënschtler do, de Rideau ass zou, kucken e bësse verluer, e bësse schéi an de Publikum, et klappt keen, well et net kloer ass, war et dat elo, oder geet et weider?

Et geet weider, kuerz, mee och dann... een Zeechen, mir wëllen net goen an de begeeschterte Publikum wollt se och am Fong geholl net goe loossen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Malcolm&Marie Filmkritik
Netflix

Eng jonk Koppel léisst emol uerdentlech d'Loft eraus: am schwaarz-wäisse psychologesche Huis clos ''Malcolm & Marie" wiessele sech d'Gefiller séier of, tëschent waarm a kal, Roserei an Zäertlechkeet.

Gegen mein Gewissen
Gezeechent

D'Hannah Brinkmann erzielt a "Gegen mein Gewissen" d'Geschicht vu sengem Monni, dee sech 1974 mat 19 Joer d'Liewe geholl huet - wärend där Zäit, wou hien huet misse säi Militärdéngscht leeschten.

Altwis
Judden zu Lëtzebuerg

Vun 1933 bis 1937 gouf et zu Altwis e Kibbuz, an deem jonk Judden op d'Auswanderung no Palestina virbereet goufen. De Frédéric Braun huet dëst Kapitel fir eis opgeschafft.

Devil
Kultur

Et ass méi einfach anerer ze culpabiliséieren, wéi sech selwer. Esou ass d'Bild vum Däiwel entstanen, mengt de Curateur Benjamin Bianciotto. De Paräisser Konschthistoriker befaasst sech mat der Duerstellung vum "homme gris".

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen