Jetzt wo die Plasiktüten wachsen
Wie Kopfsalat im Meer
Wo der Fisch an einem Strohhalm erstickt
Und das Kind an Worten
Wo nur die Schönen sich an den Strand trauen
Die Liebe ein Haus geworden ist
ohne Fenster
Statussymbole die neuen Grenzen
graben
Und die Gesichtszüge langsam verhärten
Jetzt wo die Zeit immer schneller wird
Und die Begegnung wie die Distanz zwischen Flut
Und dem Leuchtturm
Ausgerechent jetzt
wolltest du
leben
"Jetzt" ass den Titel vun dësem Gedicht vun der Fabienne Faust. Déi jonk Dichterin schreift ob Franséisch, op Englesch an elo ass e Recueil op Däitsch eraus komm. A grad wéi si hir Schreifsprooch wiesselt, grad esou kosmopolitesch sinn hier Gedichter.
Mam Band "Hier - ein Fehlen" bereest ee mat der Fabienne Faust déi ganz Welt - lyresch. Ganz lyresch.
Eng Uklo un den Zoustand vun der Welt
An et gëtt bal kee Sujet, deen net net theematiséiert oder op mannst gesträift gëtt. Vun Indianerreservater a Kanada, Krichsgebidder wéi den Irak, déi weltwäit Klima- an Ëmweltkatastroph, Aarmut ze Lëtzebuerg, weltwäit a ganz intim Suergen fannen an der Faust hire Gedichter zesummen zu enger Symbios, déi ganz stëmmeg ze iwwerrasche weess.
"Hier - ein Fehlen" - dat Feelen ass de roude Fuedem, deen sämtlech Gedichter beréiert, e Feelen u Gefiller, un Empathie, u Responsabilitéit, u Solidaritéit, u Léift, u Frëndschaft an u Mënschlechkeet.
Et ass eng Uklo un den aktuellen Zoustand vun der Welt a vun de Protagonisten, déi fir dësen Zoustand verantwortlech sinn an net wëllen aus de Feeler léieren. De Mënschen. De Mënschen, déi net méi normal matenee kommunizéieren, sech net héieren, well se net lauschteren, sech net gesinn, well se net kucken.
Déi emotional Aarmut déi pueren Egoismus a Blannheet vis-à-vis vun allem, wat net eis perséinlech e Virdeel bréngt sinn u sech Sujeten, déi vill beschriwwen a geschriwwe gi sinn, an hei kënnt dann der Faust hier dichteresch Sprooch an d'Spill.
Wéi scho virdru gesot, si bréngt et fäerdeg ganz elegant verschidde Problematiken an ënnerschiddlech Aspekter mateneen ze verbannen an esou och ze weisen, wéi dach alles zesummenhänkt. Den Individuum an déi ganz Mënschheet, dat Hei an déi ganz Welt. D'Gëschter an Haut.
An dofir beméit d'Fabienne Faust net grouss Sensatiounen, mee Momentopnamen, den Ist-Zoustand vun der Welt vu haut.
An och wann dëst Gedichtband d'Welt net wäert retten, sou soll et als Erënnerung gelies ginn un dat, wat mer an eiser séierer Welt ëmmer vergiessen, wat et heescht, en Deel vun der Mënschheet ze sinn...