Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eurovision mat Lëtzebuerger Bedeelegung?

Eurovision Song Contest

Eurovision mat Lëtzebuerger Bedeelegung?

De Regierungsrot denkt erëm iwwer eng Participatioun vu Lëtzebuerg no. Zënter 30 Joer war een net méi beim renomméierte Gesangsconcours vertrueden. Sollt alles wéi geplangt lafen, kéint d'Rechnung allerdéngs eng gepeffert ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Corinne Cumming

Lëtzebuerg war 1956 ënnert deene siwen éischte Länner, déi beim Concours Eurovision de la chanson matgemaach haten. Tëschent 1962 an 1984 konnt d'Land de renomméierte Gesangsconcours och fënnef Mol fir sech entscheeden - allerdéngs ni mat engem (oder enger) Lëtzebuerger(in). 1993 war déi lescht Participatioun. Gréisstendeels aus Käschtegrënn gouf op eng weider Bedeelegung verzicht.

Dat kéint sech awer elo änneren. De Xavier Bettel, a senger Funktioun als Medien- a Kommunikatiounsminister, huet eng deementspriechend Diskussioun am Regierungsrot ugereegt.

"Trente ans plus tard, un retour du Luxembourg semble une occasion merveilleuse pour réaffirmer son esprit européen et international dans les domaines médiatique et musical",

heescht et an engem Memorandum vum 25. November, deen eis virläit.

Duebele bis dräifache positiven Impakt an Aussiicht

Dräi Argumenter zugonschte vun enger neier Participatioun beim "Eurovision Song Contest" gi genannt:

  • en "impact positif sur la promotion de l'image de marque du Luxembourg"
  • en "impact positif sur le développement de l'industrie créative, et plus particulièrement sur l'industrie musicale"
  • an dann, am Fall vun enger Lëtzebuerger Victoire an deemno der Organisatioun dat anert Joer vum Concours hei am Land, "un impact positif sur l'hôtellerie locale et le tourisme de manière plus générale".

Wat géif dat alles kaschten?

Nieft "frais de participation" vun 200.000 bis 300.000 €, déi un d'European Broadcasting Unioun (EBU) misste bezuelt ginn, géife net weider definéiert Käschten ufale fir d'Selektioun vum Kandidat an d'Bedeelegung um Event selwer. Dem Memorandum no kéint eng ëffentlech-privat Zesummenaarbecht, ënnert anerem via Sponsoring an Ticketsverkaf, fir deen Deel vum Finanzement suergen.

Däitlech méi gepeffert dierft wuel d'Rechnung ausfalen, sollt Lëtzebuerg de Concours gewannen an, wéi d'Traditioun et wëll, de Concours d'Joer drop bei sech doheem organiséieren:

"Dans ce cas, les coûts financiers et les efforts d'organisation sont considérables pour l'Etat hôte, avec un budget pouvant varier selon la mise en oeuvre retenue et s'étant élevé à plus de 10 millions d'euros par le passé dans d'autres pays."

Wou een déi Sue géif, de Fall gesat, siche goen, gëtt am Memorandum net erkläert. Den zwee- bis dräifache positiven Impakt, vun deem am Dokument rieds geet, gëtt och net weider chiffréiert.

Domat dierft sech da wuel an nächster Zäit en Aarbechtsgrupp beschäftegen, dee vum Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel geleet soll ginn, an Zesummenaarbecht mat der Kulturministesch Sam Tanson, dem Ausseminister Jean Asselborn a weider concernéierten Acteuren. Op d'Decisioun iwwer eng eventuell Bedeelegung um "Eurovison Song Contest"- vläicht schonn am Superwaljoer 2023 - däerf ee gespaant sinn.