Radioen

On air

De Moien  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch 2022: "Vill Opreegung fir Näischt"

Kulturjoer

Esch 2022: "Vill Opreegung fir Näischt"

Aacht Leet-Projete soll d'Escher Kulturfabrik, déi fir d'Europäesch Kulturhaaptstad geplangt waren, zeréckgezunn hunn, war a verschiddene Lëtzebuerger Medien ze liesen. Den Direkter vun der Escher Kulturfabrik widdersprécht dëse Behaaptungen a verréit, wéi eng Projeten net ze realiséiere sinn, firwat dat esou ass, a wéi d'KUFA weider e wichtege Partner vun Esch 2022 bleift.

auto_stories

4 min

"Vill Opreegung fir Näischt". Esou reagéiert den Direkter vun der Escher Kulturfabrik René Penning op rezent Reprochen an der Press, datt d'KUFA aacht Pilotprojete fir d'Europäesch Kulturhaaptstad Esch 2022 elo zeréckgezunn hätt.

Et wier "absurd" ze denken, datt d'Kulturfabrik sech et als "relativ wichteg" Escher kulturell Organisatioun kéint leeschte fir sech vun Esch 2022 ze distanzéieren. Entspriechend Zeitungsiwwerschrëfte wiere falsch. "Mir hu wuel aacht Projeten ausgeschafft 2017, mir hunn der awer just zwee agereecht, an déi zwee sinn och déi, déi elo hei zum Debat stinn", sou de René Penning.

Verschidde Projete loosse sech net méi mat Zäit ëmsetzen

No enger interner Analys wier een awer zur Conclusioun komm, datt och déi zwee Projeten "L'échelle" an "Le Chemin imaginaire" net realiséiert géife ginn. Nom initiale Zäitplang hätten déi zwee Projete schonn 2018 respektiv 2019 ufänken sollen, well se, wéi et nach 2017 vun der deemoleger Direktioun Janina Stroetgen an Andreas Wagner, erwënscht war, grouss geduecht waren, seet de René Penning.

"Et ass eng "Décision raisonnable a raisonnée". Mir géifen och eis ganz Struktur onheemlech a Gefor setzen, et ass en extreme Risiko fir dat esou ze maachen, an dee Risiko wëlle mir net einfach esou agoen."

Ee vun deenen zwee Projete sollt mat der Bérangère Vantusso realiséiert ginn. D'Kënschtlerin aus der Lorraine, ass spezialiséiert op Kreatioune vun a mat Marionetten. Si ass och déi eenzeg Artistin, déi zu Avignon um Festival am In gespillt huet, dat heescht op Plazen, déi vun ëffentlechen Institutioune gefördert ginn. Dat géif och weisen, datt d'Bérangère Vantusso artistesch op ganz héijem internationale Niveau géif schaffen, erkläert de René Penning. Esou war och de geplangte Projet vun der KUFA fir Esch 2022 eng Envergure, déi am Zäitraum deen nach bleift, net ze realiséieren ass.

"Wéi ginn esou Projeten ausgeschafft? Wéi sinn déi verschidden Achsen vun esou Projeten, dat sinn dräi Parcourse vu jeeweils siwe Statiounen, dat sinn 22 Monologen, 22 Temoignagen, Interviewen, 35 Marionetten insgesamt, 30 Acteuren, aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, mir schwätze vu Masterclassen, vun Autoren- a Traducteurresidenzen, Konstruktioun vu Marionetten, vu Workshoppen, vun Atelieren, Travail de mémoire, et geet drëm Geschichten ze sammelen, vun Esch, vun Escher Bierger, vun deene Leit, déi hei higezu sinn, vu Leit, déi hei opgewuess sinn, an et geet och ëm Ausstellungen."

2017 war d'Nathalie Ronvaux als Chargée fir Esch 2022 an der KUFA agestallt ginn fir all déi Iddien ze strukturéieren. Do waren dann och déi aacht Projeten zesummekomm. Et hätt een ëmmer gesot kritt, datt ee misst grouss denken an dowéinst si ganz ambitiéis Projeten erauskomm. D'Projete missten inklusiv, kreativ a participativ sinn, a si missten e Lien mam Territoire vun Esch hunn. Et wiere Laangzäitprojeten, déi verschidden Achsen hunn an déi iwwer méi Jore solle lafen, sou d'Nathalie Ronvaux.

Méi Flexibilitéit an d'Projete bréngen

Vill Iddien, Engagement an Aarbecht fir d'Kaz? D'Projete wieren net ganz verluer. Deen anere Projet, deen a senger geplangter Form net ka realiséiert ginn, soll d'Vëlospist matabezéien. En Urban-Art Projet, deen elo vun der Stad Esch ënnerstëtzt gëtt, sou de René Penning.

"Mir wollten hei op der Liaisoun schaffen tëschent de verschiddene Quartieren an dem Belval, dat heescht, mir wollten am Fong geholl op deem Vëloswee schaffen, deen hanne laanscht Esch déi verschidde Quartiere mat Belval verbënnt. An do kënnt awer elo dobäi, datt eng Vëlosbréck gebaut gëtt an datt de Projet an der aktueller Form kee Sënn méi mécht."

Dobäi kéim, datt ee momentan amgaang wier e Projet am Urban Art zesumme mat der Escher Gemeng ze realiséieren. Et misst ee sech also net méi onbedéngt strikt un d'Projeten halen, wéi se um Ufank virgesi waren.

D'Escher Kulturfabrik ass awer nach dobäi bei Esch 2022, mat engem eegenen neie Museksprojet, deen awer nach net vum Comité de Lecture confirméiert ass, a weider Partnerprojete stinn um Plang, déi och nach intern musse beschwat ginn. Et géif och nach genuch Zäit bleiwen, fir déi Projeten ze realiséieren, verséchert de René Penning. Et wiere Projeten dobäi, déi sech a ronn sechs bis zwielef Méint op d'Bee géife stelle loossen.