Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch 2022: Vill Aarbecht fir d'Kaz?

Chronik

Esch 2022: Vill Aarbecht fir d'Kaz?

Praktesch vun Ufank u stoung de Projet Esch - Europäesch Kulturhaaptstad 2022 ënner engem schlechte Stär. An all Ëmstellungen an Ëmstrukturéierungen hu fatal Konsequenze fir déi Kulturschafend, fënnt d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Opreegung fir Näischt, sot de René Penning, Direkter vun der Escher Kulturfabrik, wéi L'Essentiel mat der Noriicht koum, d'KUFA hätt aacht Projeten fir d'Kulturhaaptstad Esch 2022 zeréckgezunn.

Séier gouf e gemeinsame Communiqué mat de Responsabele vun Esch 2022 publizéiert, dee suggeréiert, d'Welt ronderëm d'Kulturhaaptstad wier an der Rei. Si sollt an der Rei sinn, well a genee zwee Joer ass de Startschoss, mee bis elo wëllt näischt esou richteg klappen.

D'Spëtzt vum Äisbierg

Et soll een no vir kucken, déi penibel Geschicht ronderëm d'Entloossung oder, wéi et esou schéin heescht, net-Erneierung vun de Kontrakter vun der initialer Ekipp Stroetgen/Wagener net opwiermen. Mee genee dës deemoleg Decisioun huet fatal Konsequenze fir d'Entwécklung a Richtung Esch 2022 an d'Ëffentlechkeet kritt just d'Spëtzt vum Äisbierg mat. An déi gëtt mat schéine Wierder dekoréiert, wuel fir d'Schmëlzen an d'Rëss ze verstoppen.

Wéi kann et sinn, datt esou eng wonnerbar Iddi wéi e Marionette-Projet vun der KUFA, dee wierklech alle Krittären entsprécht, déi sech Esch 2022 op de Fändel schreift, elo muss ofgesot ginn? E Projet, deen déi ganz Escher Populatioun matabezéie soll, alter- an natiouneniwwergräifend, populär an intelligent, spannend, ofwiesslungsräich an nohalteg. Ee vu ville Projeten, dee vun der éischter Direktioun ugeholl, vun der europäescher Kommissioun guttgeheescht gouf.

D'Leit hanner de Projeten

Et ass net dat eenzegt Konzept, dat elo aus zäitlechen a budgetäre Grënn gestrach gouf. An do freet ee sech, wat ass mat de Mënschen, déi hanner all dëse Projete stinn, déi elo net kënne realiséiert ginn? Hiert Engagement an hir Aarbecht sinn einfach op emol näischt méi wäert.

Wat ass mat de Kënschtler, déi schonn engagéiert waren? National an international? Wéi seriö kann een de Projet nach huelen a wéi wäit kann ee sech op op versprachen Engagementer verloossen?

Wou bleift d'Transparenz?

Méintlaang si keng Informatiounen aus deem Eck komm, a wann, da waren et schonn erëm schéi Wierder, déi awer sou munch intern Malaisen net konnte verstoppen. Grënn, wisou e Charles Wennig, den artistesche Coordinateur d'Handduch geschmass huet, éier et richteg lassgaangen ass, a wisou den artisteschen Direkter Christian Mosar d'Françoise Poos als Programmcoordinatrice virun d'Nues gesat krut, goufen ni genannt.

Datt d'Ekipp muss verstäerkt ginn, ass kloer, mee wou bleift déi grouss versprachen Transparenz, där hire Manktem der éischter Direktioun reprochéiert gouf

Et kascht ze vill Zäit

Elo gëtt déi nächst Woch an der fréierer Maarthal vun Esch eng Degustatioun vun engem Deel vum Programm der Press an uschléissend och dem grousse Publik zerwéiert. Vill Dreem, déi sollte realiséiert ginn, sinn net méi dobäi. Vill Institutioune mussen nach op Decisioune waarden, ob hir Projeten iwwerhaapt ugeholl ginn. Dat alles hellt esou vill Zäit, déi einfach net méi do ass.

Déi eenzeg, déi iwwerschwénglech Wierder fir d'Gelénge vun Esch 2022 géigeniwwer der Ëffentlechkeet fannen, ass d'Direktioun vun Esch 2022. Et bleift just ofzewaarden, wat hanner de schéine Wierder stécht, well, wéi stoung et schonn an der Bibel: An ihren Taten sollt ihr sie erkennen.