Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Poppy Ajudha - Watermelon Man (Under The Sun)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch 2022 - et gëtt méi konkret

Kultur

Esch 2022 - et gëtt méi konkret

Ronn 500 Projete goufen agereecht, déi ze evaluéiere sinn, d'Abanne vun der Populatioun ass nach net richteg amgaang, an et goufen nei Rekrutementer. Wou steet Esch 2022? D'Nancy Braun, Generaldirectrice vun Esch 2022 huet am Gespréich mam Valerija Berdi den aktuelle Stand verroden.

auto_stories

7 min

Valerija Berdi: An zwee Joer ass de Start fir Esch - Europäesch Haaptstad vun der Kultur. No engem turbulente Start, villem Hin a Hier, radikalem Wiessel vun der Ekipp, fänkt de Projet u méi konkret ze ginn. Virun engem Joer hat d'Team ronderëm Nancy Braun, d'Directrice vun Esch 2022, en Appel à projet lancéiert, wou all Mënsch, Kënschtler, Gemengen, Individuen opgefuerdert waren, hir kreativ Iddien eranzereechen. Deadline war de Juli 2019, déi awer bis Enn Dezember 2019 verlängert gouf. Eng gutt Decisioun, seet d'Nancy Braun, well d'Zuel vun den agereechte Projeten doduerch vun 209 op ronn 500 geklomme war.

Nany Braun: Et ass einfach den Interessi, deen einfach do ass fir matzemaachen. Ech fannen et am Fong formidabel, wann ee gesäit, datt an deene sechs Méint nach esou vill Iddie komm sinn, sou vill Pisten, an dat queesch duerch de Gaart, souwuel vu Gemengen, wéi vun Associatiounen, et sinn och privat Leit, déi eis Iddien eraginn hunn. An der CCPHVAV (Communité des communes du Pays Haut Val d'Alzette), dem franséischsproochegen Deel vum Territoire, ass elo äerdeg geschafft ginn an ech mengen, datt mir do nach eng Kéier déi Chance ginn hunn, fir nach eng Kéier opzemaachen, well mir gesinn hunn, datt Interessi do ass.

Am Hierscht sinn déi éischt Evaluatioune vun deene Projete gemaach ginn, déi fir d'éischt eragereecht goufen. De Comité de lecture wäert sech nach bis an de Februar era mat der Evaluatioun vun de Propose befaassen. Fir d'éischt gëtt gekuckt, ob de Contenu iwwerhaapt den erwëschte Krittären entsprécht.

An der zweeter Phas gëtt elo nach iwwer Budgete geschwat, wou mir nach mat verschiddene Porteur de projet doriwwer diskutéieren, wéi eligibel de Budget ass oder och net. Do kënnt eng grouss Aufgab op d'Ekipp zou, fir mat de Leit zesummen ze kucken, wéi déi Projeten dann och finanzéierbar sinn.

Op alle Fall wier d'Ekipp vun Esch 2022 ëmmer disponibel fir mat jiddwerengem, deen e Projet eragereecht huet, ze diskutéieren, ze ënnerstëtzen an no Weeër ze sichen, wéi déi jeeweileg Projeten an d'Programmatioun vum Kulturjoer kënnen integréiert ginn. A propos Programmatioun: Do ass elo eng weider Persoun rekrutéiert ginn. D'Françoise Poos, aktuell Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Abtei Neimënster ass elo Directrice vum Kulturprogramm vun Esch 2022.

Dat ass am Prozess vun der Erweiderung vun der Ekipp, well mir einfach mierken, eleng kritt een dat doten net hin, an et ass net déi éischt an net déi lescht Persoun, déi wäert agestallt ginn. Dat wäert sech permanent erweideren. D'Françoise Poos ass agestallt ginn als Direktesch fir de Programm an do ass den Artistique an de ganze Programm culturel eben Deel vun deem Departement, a si ass en charge fir deen Departement ze leeden an ze kucken, datt mir lo ganz séier kënne mat engem Programm, oder den éischte Skizze vum Programm kënne ufänken.

De Christian Mosar ass den artisteschen Direkter vun Esch 2022. Sinn dat elo zwou verschidden Tâchen, déi d'Françoise Poos an de Christian Mosar erfëllen?

De Christian Mosar ass konzentréiert op den artistesche Volet, mee mir hunn e ganze Programm opzebauen an dat geet vum artistique bis ... an dee Bis ass extrem breet gefächert an dat ass och dat, wat mir probéieren an de kommende Méint ze vermëttelen. Wat ass iwwerhaapt eng Kulturhaaptstad, an do geet et net nëmmen ëm Konscht, mee do geet et ëm vill méi. An dee "Vill méi", dee musse mir eben och opbauen, fir och do de Leit ze vermëttelen: Dir braucht keng Angscht ze hunn, et geet net nëmmen ëm Konscht, ëm Theater, ëm Musek, mee do si ganz vill verschidde Facteuren, déi de Kulturbegrëff beinhalt. Dat si mir elo amgaang opzebauen, an ech hoffen, datt mir do och eng ganz flott Programm-Propositioun an de kommende Méint kënnen astellen.

D'Nancy Braun ass elo zanter annerhallwe Joer Responsabel fir d'Realisatioun vun Esch 2022. D'Ekipp soll op 25 bis 30 Mataarbechter nach am Laf vun der Virbereedungszäit opgestockt ginn, d'Abanne vum Site vun den Héichiewen um Belval ass e grousse Projet, deen net esou einfach ëmzesetzen ass, geet dat zäitlech nach op, Nancy Braun?

Ech gi mol einfach dovun aus, jo! Ech menge bei verschiddene Saache kann een net virun de Won lafen, et muss een déi Prozeduren duerchgoen, déi duerchzegoe sinn. Natierlech, eis Büroen, do ginn ech mol dovun aus, datt mir vläicht Enn des Jores wäerten um Belval sinn, an dann déi aner Säit, déi Haaptaarbechten, dat sinn déi an der Mëllerei, fir déi ze renovéieren, respektiv esou a Stand ze setzen, datt se dann och 2022 kënne genotzt gi mat deene Projeten, déi mir do wäerte weisen. Mir mussen elo einfach ofwaarden, bis déi Prozeduren duerch sinn, bis de Projet de loi duerch ass, mee ech menge mam Fond de Belval hu mir e ganz staarke Partner, deen dat mat eis dréit, an dat am Grapp huet an och dofir wäert suergen, datt mir dat och kënnen an deenen Zäite maachen, wou et muss gemaach ginn.

Participatioun vun de Biergerinnen a Bierger wier de Kärpunkt vun Esch 2022. Et gëtt een den Androck awer net lass, datt bis elo op d'mannst d'Populatioun nach net immens involvéiert ginn ass. Déi lescht sechs Méint war et op deem Gebitt ganz roueg ...

Vläicht de Moment nach net esou richteg, et hänkt awer och domat zesummen, datt mir am Fong geholl elo mol probéiert hunn iwwer dat Joer, wou mir an där Ekipp schaffen, einfach Saachen opgeschafft hunn, déi virdrun nach net um Dësch waren, an eis verschidde Strategië ginn a ginn hunn, fir elo dëst Joer mat verschiddene Konzepter duerchzestarten.

Den 20. Februar steet eng Pressekonferenz um Programm. Eng Renconter, déi fir véier Stonne laang geplangt ass. Mee wéi ass et dann do mam Abanne vun de Biergerinnen a Bierger?

Do hu mir déi Deeg, mir nennen et Open-market-days, do wäerte mir en éischten Abléck ginn, wat Esch 2022 ass, wou mir wëllen histeieren. Dat wäert och eppes sinn, wou de Grand Public sech kann erëmfannen. An dono komme verschidden Aktiounen, wou mir bei der Populatioun sinn. Dat beinhalt och, datt mir zum Beispill en neien Internet-Site maachen an opstellen an d'Leit, déi interesséiert sinn, kënne sech an eng Newsletter aschreiwen a sech iwwer dee Wee um Courant halen, wat an de kommende Méint kënnt. Dat zweet ass, datt mir wëlles sinn, iwwer de Programm, dee "Moien" heescht, an d'Gemengen ze goe fir un d'Leit erunzekommen, a fir d'Leit iwwer dee Wee ze informéieren.

Am Bid Book vun der d'Janina Stroetgen an dem Andreas Wagner, deen och vun der Europäescher Kommissioun ugeholl war, stoungen och eng Rei grouss Nimm, déi Gaascht am Kulturjoer sollte sinn. Ee vun dëse grousse Nimm war de chinesescher Star-Kënschtler Ai Weiwei. Deen dierft elo vum Dësch sinn. Plangt d'Ekipp vun der Nancy Braun dann awer och e puer Publikumsmagnéiter op de Programm ze setzen?

Effektiv, do ware verschidden Nimm am Dossier de candidature, déi eben elo net esou am Programm wäerten zeréckgeholl ginn, do wäert awer sécher deen een oder aneren Numm kommen, mee et muss een awer och wëssen, datt d'Qualitéit vun esou engem Kulturstadprojet sech net duerch déi grouss Nimm ausmécht. De Projet hei ass e ganz aneren. Mir wäerte sécherlech keen neie Musée bauen, an och keen neien Theater, a souwisou e Concertssall hu mir jo schonn a mir si jo relativ gutt opgestallt an där Hisiicht. Et geet wierklech ëm ee Contenu an och ëm eng Abannung vun de Leit. Et ass fir d'Leit, mat de Leit, et geet ëm Populatioun, an et geet ëm eng Regioun, an där mir schaffen, et ass och dat mol opzeweisen, wat déi Regioun ass, an iwwer dee Projet wëlle mir kucken, datt mir no dem 2022 eng Regioun hannerloossen, mat enger neier Identitéit, déi zukunftsweisend ass, an déi der Populatioun weist a wéi enger flotter Regioun, datt se wunnt, schafft, an och wat hir Zukunft an där Regioun wäert sinn.