Radioen

On air

Resonanzen  |  Yann Tiersen - L'après midi, aus 'Le fabuleux destin d'Amélie Poulain' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch 2022: Christian Mosar net méi artistesche Leeder

Kulturhaaptstad

Esch 2022: Christian Mosar net méi artistesche Leeder

De Christian Mosar ass net méi artistesche Leeder vun Esch 2022. Dat huet de Verwaltungsrot haut, zesumme mam Christian Mosar décidéiert, heescht et an engem Communiqué vun der Asbl Esch 2022.

auto_stories

1 min

Hien hätt an deem leschten annerhallwe Joer als Directeur artistique kënnen e kompletten a variéierte Kulturprogramm opstellen, sot de Christian Mosar an enger éischter Reaktioun. Hien hätt säin Deel bei Esch 2022 erfëllt. Him hätten sech elo och aner Opportunitéite gebueden, dofir wéilt hien elo en neie Wee aschloen.

De Christian Mosarplay_arrow

D'Programm-Equipe, mam Françoise Poos un der Spëtzt, wäert sech an Zukunft em d'Weiderentwécklung an d'Emsetzung vum Programm këmmeren. Donieft soll d'Equipe och vun externe Partner gestäerkt ginn, virun allem vun de Mataarbechter vun den Kulturzerwisser an de Gemengen, déi beim Projet Esch 2022 matmaachen.

Zënter der Nominatioun vun der Françoise Poos op de Posten vun der Programmcoordinatrice, war et roueg ginn ëm de Christian Mosar, deen eis seng Demissioun konfirméiert huet.

An de leschte Méint gouf et vill Rumeuren ëm de Role vum Christian Mosar. Zënter der Nominatioun vun der Françoise Poos op de Posten vun der Programmcoordinatrice, war et roueg ginn ëm de Christian Mosar, deen eis seng Demissioun konfirméiert huet.