Bekannt gouf de britteschen Acteur Alan Rickman virun allem fir seng manner sympathesch Rollen. Als däitschen Terrorist Hans Gruber huet hien an "Die Hard" e bleiwenden Androck hannerlooss an seng scho bal absurd béisaarteg Interpretatioun vum Sheriff vun Nottingham war deen eenzege Liichtbléck am 1991er "Robin Hood: Prince of Thieves". Nieft dem Bryan Adams sengem Filmsong "Everything I do, I do it for you" natierlech.
An et war och d'Roll vun engem enigmateschen, mee um Enn guer net esou onsympathesche Charakter, deen den Alan Rickman sollt berüümt maachen. Vun 2001 bis 2011 huet hien an den aacht Harry-Potter-Verfilmungen de Severus Snape verkierpert.
Normalen Alldag?
Wärend senger ganzer Zäit als Schauspiller, also vun den 1970er un, huet hien och Tagebuch gefouert. A kuerze Sätz huet hien notéiert, mat wiem hie gedréint huet, wat hien an den Theater oder an de Kino kucke war a wou hien dono nach iesse gaangen ass. Näischt Aussergewéinleches also, den normalen Alldag, ausser datt een hei Sätz fënnt wéi "Den Daniel Day-Lewis ass lo grad ukomm fir Tennis ze spillen". Wat jo Saache sinn, déi eis an eisem normalen Alldag éischter seele virkommen.
2015 erkrankt den Alan Rickman leider u Bauchspeicheldrüsen-Kriibs a stierft am Januar 2016 nëmmen e puer Méint no senger Diagnos. Och dës Diagnos kommentéiert den Acteur a sengen Notizen op eng scho bal schmäerzhaft lakonesch Manéier: Ech mengen, vun elo u gëtt dat hei eng aner Zort Tagebuch.
Vill Rolle refuséiert
Ënner dem Titel "Madly, Deeply, meine Tagebücher 1993 bis 2015" kommen dës u sech ganz privat Gedanken an der däitscher Iwwersetzung op de Maart. Et ass net ganz kloer, ob de Rickman tatsächlech de Plang hat, d'Texter enges Daags ze verëffentlechen. Allerdéngs ass et seng Fra Rima Horton, mat där hie 50 Joer zesumme war, déi hiert Nowuert verfaasst huet, sou datt een dovu kann ausgoen, datt d'Verëffentlechung op d'mannst muss a sengem Sënn gewiescht sinn.
Den Alan Rickman war wuel, virun allem eben duerch seng Interpretatioun vum Severus Snape, ganz beléift, hien huet am Filmmilieu awer och als schwiereg gegollt. Vill Rollen, déi him ugebuede goufen, huet hien direkt emol refuséiert, um Set huet hie gär diskutéiert a konnt och emol ongehale ginn, wann hien d'Gefill hat, datt d'Aarbecht vun de Kolleeginnen a Kolleegen net sengen eegene Standarden entsprach huet. Hie war sech wuel bewosst, dass hien unecke konnt, mat senger Aarbecht, wéi zum Beispill mam zum Deel ëmstriddene Wierk "My Name is Rachel Corrie", awer och mat senger Aart a Weis. Op d'mannst seng charakterlech Schwächten huet hien a sengen Tagebicher ëmmer erëm bedauert.
En Titel, deen den Inhalt schlecht erëmspigelt
Um Enn entsteet an dëser Publikatioun d'Bild vun engem Mann, deen immens gehetzt geschéngt huet, tëscht Dréiaarbechten, gesellschaftleche Verflichtungen, dausend Projeten, vun engem Fliger an deen nächsten. An deem seng eenzeg fräi Deeg sech scheinbar op d'Zäit Enn Juni beschränkt hunn, wann hien emol d'Féiss héich geluecht huet, fir um Kannapee Wimbledon ze kucken.
Onbequeem war den Alan Rickman, an onbequeem ass och dëst Buch. Domat ass et, bis op den Titel, deen den Inhalt ganz schlecht erëmspigelt, awer virun allem en éierlecht Wierk, an den Alan Rickman war e Mënsch, deen Onéierlechkeet net ausstoe konnt. De brittesche Kino am Stil vu "Billy Elliot" oder "The Full Monty" war net esou senges, well hien d'Gefill hat, datt dem Public hei sollt duerch en idealiséiert Bild Gefiller opgedrängt ginn. Dat maache seng Tagebicher op alle Fall net. Et ass e Buch e bësse wéi d'Liewen, an der Mëtt widderhëlt et sech heiansdo an et gëtt engem e bëssen d'Zäit laang, an um Enn ass een erféiert, wéi séier et op eemol eriwwer ass.