Radioen

On air

Notturno  |  Treasure Chest At The End Of The Rainbow - Snake Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eréischt e Brochdeel vun de Kontrakter gouf ënnerschriwwen

Esch2022

Eréischt e Brochdeel vun de Kontrakter gouf ënnerschriwwen

Déi grouss Majoritéit vun de Porteurs de projet vun Esch2022 hunn hire Kontrakt nach net ënnerschriwwen. Si sinn ënner anerem net d'Accord mat de Modalitéiten. D'Zäit gëtt esou lues knapps.

auto_stories

7 min

Stand Mëttwoch goufen eréischt 20 vun 132 Projeten ënnerschriwwen, déi realiséiert solle ginn. Dat confirméiert d'Nancy Braun, Directrice générale vun Esch 2022, op Nofro hin. D'Konventioun, déi eis virläit, huet 17 Säiten an aacht Annexen. Se gouf eréischt zum Schluss vum leschte Joer, respektiv Ufanks vun dësem Joer verschéckt.

Porteurs de projet solle Rechter oftrieden

Eng Partie vun de Porteurs de projet - Gemengen, ASBLen, individuell Konschtschafender - zécken nach, fir d'Konventioun an der aktueller Form ze ënnerschreiwen. Den Haaptproblem mat der Konventioun sinn d'Dispositiounen iwwer d'Propriété intellectuelle - méi spezifesch d'Lizenz fir d'Exploitatioun vum Projet. Esch2022 freet an dëser Konventioun d'Porteurs de projet d'Integralitéit vun den Droits patrimoniaux nom Gesetz vun 2001 ofzetrieden - dat à titre non-exlusif, mee weltwäit.

Esch2022 hätt doduerch wärend 70 Joer d'Rechter fir dës Wierker ze exploitéieren, seet de Guillaume Lochard, Affekot a Spezialist fir Kontrakter, deem mir d'Konventioun gewisen hunn. Hie géif zwar verstoen, datt d'Organisateure vun Esch2022 gewësse Rechter bräichte fir Katalogen a Reklammen ze maachen a sech ofséchere wëllen, mee dat massiivt Oftriede vu Rechter gesäit hien als net justifiéiert.

Dat ëmsou méi, well den aktuellen Text vun der Konventioun Esch2022 eng kommerziell Notzung vun deene Rechter erlaabt, d'Porteurs de projet se awer sollen à titre gratuit, also fir näischt ofginn. Dat heescht, Esch2022 kéint Sue mat de Projeten verdéngen, ouni datt d'Porteurs de Projet matverdéngen.


Den 22. Februar 2022, also a bal genee engem Joer, ass de Startschoss fir Esch2022. De leschte September hätten d'Konventioune mat de Porteurs à Projets ënnerschriwwe solle sinn. Mee deem ass net esou, et goufe vill Retarden a Komplikatiounen. D'Valerija Berdi erkläert am Gespréich d'Hannergrënn:

Lauschter de Bäitragplay_arrow


D'Gemenge vu Pro-Sud hunn nach net ënnerschriwwen

Eisen Informatiounen no hunn d'Gemenge vu Pro-Sud ënner anerem wéinst den Droits patrimonaux hir Konventiounen nach net ënnerschriwwen. Si sinn ee wichtege Partner, well all Mount vum Kulturjoer de Fokus vun de Manifestatiounen op enger anerer Gemeng leie soll.

Ufanks Mäerz sollen déi betraffe Gemenge sech nach eng Kéier concertéieren, ier eng Reunioun mat den Organisateure vun Esch2022 usteet, fir doriwwer an och aner Problemer mat der Konventioun ze diskutéieren.

Verschidde Gemenge roden den ASBLen oder individuelle Partner, mat deene si am Kader vun Esch2022 zesumme schaffen, nach iwwer hir Konventioun ze verhandelen, respektiv versichen hire Poids ze notzen, fir fir déi méi klenge Porteurs de projets de negociéieren.

D'Directrice générale vun Esch2022 sot eis op Nofro, datt d'Konventioun elo op deem Punkt soll ofgeännert ginn. Amplaz datt d'Rechter fir eng kommerziell Notzung sollen ofgetruede ginn, soll vun enger net-kommerzieller Notzung rieds goen, seet d'Nancy Braun.

Knackpunkt Finanzéierung

D'Projeten, déi mat eis geschwat hunn, hunn dëst ënner der Konditioun gemaach, net zitéiert ze ginn, wéinst der Confidentialitéitsklausel an der Konventioun mat Esch2022. D'Dispositioune iwwer d'propriété intellectuelle suerge bei hinne fir Onrou. Dat hänkt och vläicht domat zesummen, datt verschiddener vun hinne souwisou Probleemer hunn, d'Finanzéierung vun hirem Projet beieneen ze kréien. Esch2022 leet maximal 50 Prozent vum Budget bäi, de Rescht mussen d'Porteurs de projets anescht opdreiwen.

Dobäi gëtt et zu Lëtzebuerg keng grouss Zeen vu Kultur- a Konschtmécénat. Grouss Haiser ewéi d'Philharmonie oder de Mudam hunn extra Personal fir Sponsoring ze sécheren. A Covid-Zäiten dierft et ëmsou méi schwiereg ze si fir kleng ASBLen oder individuell Kulturschafend Suen ze fannen. Verschiddener, mat deene mir geschwat hunn, sinn nach am gaangen ze rechnen, wéi se hire Projet kennen duerchzéien.

Wéinst de Virgabe vun Esch2022, dem "Remix", läit bei munchem Projet e staarke Fokus op dem Asaz vu neien Technologien, krute mir erkläert. Dat géif de Budget fir d'Produktiounen an d'Luucht drécken.

Verschidde Porteurs de projets iwwerleeë wéinst de vun Esch2022 proposéierten Echeancë vun de Subventiounstranchen, ob se e Prêt bei enger Bank maache mussen, fir d'Leit, déi um Projet schaffen, kënnen zur Zäit ze bezuelen.

Parallel dozou wëllt Esch2022 eegenen Aussoen no zéng Milliounen Euro - also bal 20 Prozent vum Gesamtbudget vun 51,6 Milliounen Euro ëffentleche Gelder - an d'Kommunikatioun stiechen. Datt dat net gutt ukënnt, iwwerrascht net.

D'Nancy Braun seet, Esch2022 géif deene Porteurs de projets, déi wëllen, Workshoppen ubidden, fir hinnen ze weisen, wéi se hire Projet bei potentielle Sponsore solle presentéieren. Et géif een iwwer spezial Sessioune versiche Kontakter tëscht de Konschtschafenden an der Lëtzebuerger Wirtschaft ze knäppen. Dat géif hinnen hëllefen, Sponsoren ze fanne fir déi Projeten ze finanzéieren, déi iwwer 2022 eraus weider lafe sollen, an iwwerhaapt Lienen zu de Lëtzebuerger PMEen opzebauen.

Verschidde Porteurs de projet hunn net vill Vertrauen

Eng weider Klausel an der Konventioun gesäit vir, datt Ännerungen um Projet automatesch refuséiert ginn, wann Esch2022 sech bannent 15 Deeg net zeréckmellt - eng Klausel, déi ville Porteurs de projet Suerge mécht. Dës Klausel gouf et schonn an de Konventioune fir d'Kulturjoer 2007.

D'Porteurs de projets, déi fir Esch2022 méintelaang op eng Äntwert gewaart hu fir gewuer ze ginn, ob hire Projet ugeholl ginn ass, respektiv wochelaang op Äntwerten op hir Remarke wéinst de Konventioune waarden, schéngen awer net drun ze gleewen, datt d'Organisateure bannent 15 Deeg äntwere kënnen.

D'Nancy Braun gesäit do en Appell un Esch2022, fir méi reaktiv ze ginn. Verschidde Porteurs de projet, mat deene mir geschwat hunn, hunn awer net méi vill Vertrauen. Hir Erfarungen hätte gewisen, datt et schwiereg wier, mat Esch2022 Decisiounen an Ofmaachungen ze treffen, déi net nees revidéiert ginn. Déi intern Koordinatioun géif net ëmmer gutt funktionéieren.

Den Toun vun der Konventioun selwer dréit warscheinlech net dozou bei, fir d'Vertrauen ze stäerken. Den Affekot Guillaume Lochard mengt dee wier "sec " - warscheinlech, well ee mat engem Dokument versicht, vun de Gemenge bis zum individuelle Konschtschafenden, jiddwereen ofzedecken, ouni dobäi ze nuancéieren.

De Guillaume Lochard versteet d'Sprooch an der Konventioun esou, datt d'Porteurs de projet Produzente sinn an deemno solle fir all d'Risiken a Relatioun mat der Produktioun solle geruedstoen. Net nëmme misste se sécherstellen, datt se all Droits d'auteurs hätt, mee se misste sech och eng Assurance géint all Risiko hunn a si wieren och selwer responsabel fir hire Budget.

"Donc moi j'ai l'impression que l'état d'esprit, dans lequel ce contrat est fait, c'est: vous êtes uns sorte de producteur d'un projet culturel, et nous vous intégrons dans notre programme, et en contre-partie de cela on vous fait un peu de publicité et puis vous recevrez des subventions."

D'Zäit gëtt knapp

Wann d'Konventiounen noverhandelt ginn, ginn nees e puer Woche verluer: an där Zäit kréien d'Porteurs de projet och keng Sue vun Esch2022 a mussen der deemno vun enzwousch anescht hu fir kënnen unzefänke mat schaffen.

Bei de Gemenge mussen d'Konventiounen och nach duerch d'Gemengeréit goen, dobäi ass et bis zum Start vun Esch2022 mol kee Joer méi. Wie weess, datt Kënschtler a Leit aus dem Theater hir Projete jorelaang am Viraus plangen, fir datt mat Prouwen a Produktiounen alles opgeet, dee gesäit, datt et enk gëtt mam Timing.

Net ëmsoss hat d'EU-Kommissioun scho leschte Mee an hirem zweete Monitoring-Rapport geschriwwen, d'Kontrakter mat den ausgewielte Projete sollten esou séier wéi méiglech ënnerschriwwe ginn. D'Programmdirectrice Françoise Poos wollt d'Kontrakter schonn am September 2020 ënnerschriwwen hunn. D'Nancy Braun hirersäits seet elo, dëse Prozess wier elo lancéiert.