Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Engem Mann seng Welt gëtt op d'Kopp geheit

Luxfilmfest

Engem Mann seng Welt gëtt op d'Kopp geheit

Iwwer e Generatiounskonflikt Papp-Jong an de Géigesaz tëschent Traditioun a Modernitéit geet et am Salvatore Mereu sengem Drama ''Assandira''. Zimmlech ustrengend, mee impeccabel ëmgesat.

auto_stories

2 min

Assandira ass den Numm vun engem Agriturismo op Sardinien, deen de Jong zesumme mat senger däitscher Fra bedriwwen huet. Op eemol fänkt d'Gebai Feier. De Jong kënnt beim Brand ëm, den Zoustand vun der - schwangerer - Fra ass onsécher. Accident oder kriminell Dot? Iwwerdeems ass de Papp, e fréiere Schéifer, vu schwéiere Virwërf geplot.

Traditioun vs Modernitéit

A Flashbacke gëtt erzielt, wéi de Papp d'Iddi vun der touristescher Struktur méi oder manner opgezwonge kritt. Ënner der Fuchtel vun der ambitiéiser Greta (Anna König) muss hie fir nordeuropäesch Touristen nees de Schéifer spillen. Hie schléckt dat alles, hie mécht et fir säi Jong (Corrado Giannetti)...

Dee vum Liewe gebrachene Papp (gespillt vum sardesche Schrëftsteller Gavino Ledda, bekannt fir säi Roman ''Padre Padrone'', deen d'Bridder Taviani 1977 verfilmt haten) verkierpert d'Vergaangenheet: traditionell Liewensweis, Fleeg vun der sardescher Sprooch, gesellschaftlech Dominanz vum Mann. D'Konfrontatioun mat der Greta, enger sexuell aggressiver Fra, déi méi wéi een Tabu brécht, geheit säi Weltbild op d'Kopp.

Wäit ewech vun der Vakanzenidyll

De Film weist alles anescht ewéi eng idyllesch Vakanzeninsel. Schéi Panoramae kritt ee praktesch keng ze gesinn. Schonn déi éischt Zeen spillt Nuets an am Reen, d'Bildqualitéit ass meeschtens ''knaschteg'', an d'Kamera ass permanent a Beweegung a ganz no un de Personnagen drun.

Als Spectateur kann een esou gutt novollzéien, wéi bedréckt sech de Papp spiert, wann all déi Gruppe vun Touristen ukommen oder déi wuelgenierte Blondin Greta him seng Brëscht permanent virun d'Nues hält...

''Assandira'' wierkt zwar allgemeng e bësse wéi eng dréche Kuuscht an ass mat sengen 130 Minutten zimmlech ustrengend fir ze kucken. An awer muss een agesinn, datt de Salvatore Mereu säi Sujet filmesch impeccabel ëmgesat huet.