Restschnee
Ich war die dunkle Energie der vielen,
die allem Licht zugrunde liegt. Daimon.
Berlin, ein Produzent von Batterien,
von Taschenlampen, Industrievernunft.
Lass uns von Erdöl sprechen. Als der helle Tag
wie jedesmal von seiner Pipeline kippte,
wuchs mir ein Pelz aus Pipelines, ich war Sonne,
und meine Strahlen reichten bis Sibirien.
Melancholie des Ungestalten, Götze,
der durch die Röhre flieẞt, dahinter leckt
und Sümpfe neu verspiegelt. Glitzernde
Intelligenz der Tiefe windet sich
und beugt das Knie an jedem Knick.
Den Tiger reiten. Seine Streifen gleiten
an meinem Bein hinab wie Monatsblut.
Und ich war mit Brillanz begabt, mit Wut.
Mat Romantik hunn der Marion Poschmann hir Gedichter wéineg um Hutt. Mir sinn am Zäitalter, wou de Klimawandel an d'Endlechkeet vun eise Ressourcen Topptheeme sinn. Déi däitsch Prosa-Autorin a Lyrikerin huet awer net op d'Aktualitéit gewaart, fir sech dëse Sujeten ze widmen. Schonn a vergaangene Wierker ass d'Natur en elementare Géigestand vun hirer Lyrik.
"Nature writing" ass am Kommen, mee et ginn der net vill, deenen dat ouni Kitsch a Moraliséiere geléngt. Nieft der Esther Kinsky ass d'Marion Poschmann wuel déi bedeitendst zäitgenëssesch Dichterin, an dat zu Recht.
D'Natur verbannen
An dësem Band deklinéiert d'Poschmann d'Natur ganz nei. Et ass déi klassesch Vue op d'Natur mat hirer Faszinatioun, déi si bei Mënschen ausléise kann, mee d'Poschmann geet vill méi wäit. Si setzt dës Natur an d'Géigewaart an an d'Zukunft, si verbënnt se mat hire Géigesätz, der Stad, der Technik, dem Fortschrëtt, also och dem Mënsch, och wann dëse praktesch keng direkt Presenz an hiren Texter huet, just d'Resultat vun deem sengem Denken a Handelen.
An aacht Kapitele mat Titele wéi "Sibirischer Tierstil", "Animismus", "Stadtschamanen", "Seladon-Oden", asw.
Eng iwwernatierlech Komponent
Jo, et geet ëm sibiresch Landschaften, net esou direkt ëm Déieren, ëm d'Sucht no der Faarf Seladon: "Meeresgrau, das Türkis ferner Berge, changierende Minttöne trockener Sommerwiesen ..."
D'Poschmann ass eng bewonnerungswäert Observatrice, hir Associatiounen iwwerraschen, jo, frappéieren, well se ongewéinlech an dach absolut koherent sinn.
Nieft den antagonisteschen Duerstellungen, de sachlechen Observatiounen, kënnt eng weider Dimensioun, déi beréiert. Wéi schonn den Titel vum Buch an d'Nimm vun eenzele Kapitele verroden, schwieft eng iwwernatierlech, jo, gëttlech Komponent iwwer an an dëser Lyrik.
Ee Spill mat der Form
Net explizitt, mee ënnerschwelleg entsteet eng transzendent Dynamik, déi sech u kaler Realitéit brécht, wat der Ästhetik awer ëmsou méi zegutt kënnt.
Der Poschmann geléngt et esouguer mat Momenter ze reimen, just do wou et och passt, et gesäit da souguer no Zoufall aus, mee et ass e Spill mat der Form, déi sech bei der Lyrikerin ganz vill un déi klassesch leent fir erëm mat hir ze briechen.
Nimbus - eng däischter Wollek oder och en Hellegeschäin - d'Däischtert denken - liest déi villschichteg Ausleeung an dësem Buch.